Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus
Meenung Neiegkeeten

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus

Den Donald Trump an de Xi Jinping un e Samschdeg

Luxport S.A.: Den neie Kollektivvertrag bréngt Cadeaue mat sech!
Meenung Neiegkeeten

Luxport S.A.: Den neie Kollektivvertrag bréngt Cadeaue mat sech!

Wéi den LCGB gëschter matgedeelt huet, ass bei Luxport S.A.

Eng ULC-Berodungsstell an der Chambre des Salariés
Meenung Neiegkeeten

Eng ULC-Berodungsstell an der Chambre des Salariés

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz deelt mat, datt de 15. Januar 2019

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)

No 3 Joer hunn sech déi Damen an Hären déi politesch Verantwortung fir de Projet Luxtram droen, an d‘Direktioun – déi eigentlech dofir zoustänneg sollt sinn – iergendwéi elo awer dem Gedirängels duerch Personal, Delegatioun a virun allem Gewerkschaften erginn a sech breetschloe gelooss de Salariéeën e Kollektivvertrag zouzegestoen.

De Kollektivvertrag ass dann och elo den 3. Oktober vum Landesverband, OGBL an der Direktioun vu Luxtram S.A. ënnerschriwwe ginn. Am Communiqué vu Luxtram S.A. heescht et elo: „dëse Kollektivvertrag ass ee soziale Pakt, deen de sozialen Dialog an der Entreprise fërdert an e Sockel vu Stabilitéit fir säi wirtschaftlechen Equiliber (…)“.

Bei esouvill „waarm Loft“ muss een awer déi Persoun hei ganz besonnesch luewen, déi sech net ze schued war esouvill Dommheet an een eenzege Saz ze paken. Zum engen ass et de Leit riicht an d‘Ae gelunn, wann déi aktuell Direktioun undeit datt si iwwerhaapt e soziale Pakt wëll. Ëmmerhin hu se eng Persoun déi sech gewerkschaftlech betätegt huet erausgehäit an domadder de Salariéeë vun der Entreprise souzesoen duerch Blum gesot, dat si besser hunn hire Mond ze halen…

Déi Dammen an Hären aus der Chefetage, déi sech eng aner Pai zougestoen, wéi deenen déi d‘Aarbecht fir si maachen, hu vun der Regierung erkläert kritt, datt et zanter kuerzem e Regierungsprogramm gëtt, an deem festgehale gouf, datt een de Kollektivvertrag, an eigentlech och de sozialen Dialog fërdere wëll. Si hunn also „Musse“…

Wat derbäi erauskomm ass

Et dierf ee sech dann op kee Fall vun de frëndleche Gesiichter op der Foto (mir hunn aus guddem Grond drop verzicht iech déi ze weisen) täusche loossen. Eenzeg d‘Gewerkschaftler dierfen hei mat sech zefridde sinn, well si zu kengem Ament labber gelooss hunn, an deenen zweiwelhafte gestalte bei der Luxtram de bass gehalen hunn.

An elo dierfen sech all d‘Salariéeë vu Luxtram S.A. doriwwer freeën, datt och si:

  • en 13. Mount erhalen, deen allerdéngs an d‘Pai integréiert ass, also schonn am „salaire mensuell“ enthalen ass;
  • eng 4% Erhéijung vun dëser Pai kréien;
  • déi variabel Primm fir de „Merite“ (bis zu 4% vum Joresbruttoloun) bleift bestoen;
  • zwee zousätzlech Congésdeeg hu se elo och;
  • an et gëtt „Chèques-Repas“.

Festgehale gouf och, datt d‘Kondukter vum Tram déi an der Carrière 2A, no engem Déngschtjoer an d‘Carrière 3A eropgestuuft ginn. Déi Salariéeë wou Astreinte maache mussen, gesinn eng Erhéijung vun dëser Primm tëscht 50 an 100 Euro. De Kollektivvertrag ass Réckwierkend op den 1. Januar 2019 gülteg an huet eng Lafzäit vun 3 Joer an ersetzt dat ominéist internt Reglement.

Bei der Luxtram S.A. schaffen den Ament 108 Persounen. Bis Enn 2020 sollen nach emol 40 nei Kondukter bäikommen, dat a verbindung mat der Extensioun vun der Linn bis op d‘Gar.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten FNCTTTFEL, Kollektivvertrag, Landesverband, Luxtram SA, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel