De Kannerfriddenspräis fir d‘Greta Thunberg
Zesumme mam Divina Maloum aus dem Kamerun huet déi 16
Zesumme mam Divina Maloum aus dem Kamerun huet déi 16
Ab dem 25. Mee huet Europa e neit Reglement, mat
De Verband „Associatioun zur Verdeedegung vun de motoriséierten Zwee-Rieder“ (ADDRM)
No laangen, zum Deel heftegen Diskussiounen an divers Manifestatioune, ass dëse Mëttwoch endlech dee neie Kollektivvertrag fir de Spidolssecteur ënnerschriwwe ginn.
Eng Nouvelle déi net zu gudder Läscht den OGB-L erfreet, wëll seng Sektioun „Santé, Services sociaux et éducatifs“ sech massiv hei abruecht huet. A sengem Communiqué weist den OGB-L och drop hinn, datt „Dank dem groussen a couragéierten Engagement vun de Salariéen aus dem Spidolssecteur, déi och bereet waren ze streiken (…) konnt zu gudder läscht mam Patronatsverband en Accord iwwert d‘Erneierung vum Kollektivvertrag fonnt ginn.“
Déi wichtegst Punkte vum neie Kollektivvertrag:
Et huet vill Jore gebraucht, e sëllech Diskussiounen an deels och richtege Sträit, fir an dësem däregen Dossier virun ze kommen. Schlussendlech ass d‘läscht Joer, mat enger grousser Manifestatioun, déi iwwer 9.000 Salariéeën an d‘Stroossen vun der Haaptstad gedriwwen huet, de Bic gefall.
Lëtzebuerg stoung zu deem Zäitpunkt kuerz virun engem generaliséierte Streik am Gesondheetswiesen. D‘Konsequenze wieren och fir d‘Regierung vu gréisserem Ausmooss gewiescht an jidderee ka sech glécklech schätzen, datt hei eng fir all Parteien zefriddestellend Léisung fonnt ginn ass. Beim OGB-L liest sech dat esou: „Den OGB-L ass glécklech annoncéieren ze kënnen, datt all seng Revendicatioune, betreffend d‘Revalorisatioun vun de Carrièren, konkretiséiert gi sinn.“
Foto: Iwwer 9.000 Salariéeën aus dem Gesondheetswiese waren 2016 op d‘Strooss gaange fir hire Fuerderungen dat néidegt Gewiicht ze ginn. Wier dëse Message net ukomm, wär gestreikt ginn (© OGB-L)