Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Awëllegung zu Geschlechtsverkéier vun engem 11 järege Meedchen am Debat virun der Justiz
java dating games

Awëllegung zu Geschlechtsverkéier vun engem 11 järege Meedchen am Debat virun der Justiz

Kann en 11 järegt Meedchen aus fräie Stécker seng Awëllegung

who is rob kardashian dating right now
java dating games

newspapers with dating adverts

Ob de Reeboufësch, de Struwwelpéiter oder d’Geschichte vum Pippi Langstrumpf

Test däi Wësse ronderëm d’Atert!
java dating games

Test däi Wësse ronderëm d’Atert!

Et ass villäicht net dee längste Floss vum Land, mee

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen

Et war e wäite Wee bis zum Ofschloss vum Kollektivvertrag an der Fonction Publique, deen tëscht der Regierung an der Gewerkschaftsfederation CGFP de 5. Dezember 2016 ënnerschriwwe ginn ass. A wéi et am Communiqué heescht, huet deemools och kee sech virgestallt, datt et annerhallef Joer géif brauchen, bis den entspriechende Gesetzesentworf am Parlament zu Ofstëmmung kënnt.

Den Text, deen eréischt am Summer 2017 vun der Regierung op den Instanzewee bruecht ginn ass, huet sech an eng laang Rei vu Gesetzer agereit, déi nach ëmmer vum Staatsrot mussen analyséiert ginn. Am ëffentlechen Déngscht hat sech dann och den Onmutt breet gemaach, an et huet missen Drock gemaach ginn. Drock dee wéi et schéngt gewierkt huet.

Dat laangt Waarde kritt en Enn, well de Staatsrot nach um 30. Mäerz de Kollektivvertrag vun der Fonction Publique op der Dagesuerdnung stoen hat. Bei der CGFP ass een elo dann och zouversiichtlech, datt enger schneller Ëmsetzung vum Gehälterofkommes näischt méi am Wee steet. Um Krautmaart soll dann och bis Enn Abrëll d‘Gesetz zur Ofstëmmung kommen.

Réckwierkend gülteg op den 1. Januar 2018

Am Kollektivvertrag ass dran: méi Loun an eng Erhéijung vun der Iessenszoulag. D‘Erhéijung vum Punktwäert ëm 1,5 Punkten, déi schonn am Januar hätt sollen a Kraaft trieden, gëtt Réckwierkend ausbezuelt. Dat selwecht gëllt och fir Zoulag beim Iessen (klëmmt vun 110 op 144 Euro), woubäi déi réckwierkend op den 1. Januar 2017 ugehuewe gëtt.

Bei ville „familljefrëndleche Moossnamen“, déi och am Kollektivvertrag enthale sinn, verhält et sech dann eppes anescht. Déi bleiwe bis ewell de Beamte verwiert. Mat de neie Reegelungen am Bezuch op Deelzäitaarbecht, soll eng besser Ofstëmmung vu Beruff- a Familljeliewen erméiglecht ginn.

An Zukunft kënne d‘Staatsbeamten hir Aarbechtszäit jee no Besoin an 10% Stufen erofsetzen. D‘Deelzäitaarbecht kann esou tëscht 40% a 90% variéieren. Zudeem gëtt de Sozialcongé vun aktuell 8 Stonnen de Mount op 24 Stonne pro Trimester festgeluecht, wouduerch eng gréisser Flexibilitéit entsteet. E wichtege Punkt op dee laang gewaart gouf an elo ëmgesat gëtt.

Hale mer nach fest, datt schonn zwou Bestëmmungen aus dem Kollektivvertrag ëmgesat gi sinn. Déi fréier Prime, déi 1% vum Joresgehalt ausmécht, war am Abrëll 2017 ausbezuelt ginn. Och den M-Pass, deen de Beamten den Zougang zum ëffentlechen Transport zu engem reduzéierten Tarif erméiglecht, ass scho virun engem Joer agefouert ginn.

Ähnlech Sujeten Avis, CGFP, Fonction Publique, Kollektivvertrag, Staatsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel