Search

You may also like

Déi nei ULC-Broschür zum „Wunne fir jonk Mënschen“
Neiegkeeten

Déi nei ULC-Broschür zum „Wunne fir jonk Mënschen“

D’Këschten si gepaakt, eng nei Etapp fänkt un: Déi éischt

44 Migranten aus Séinout gerett
Neiegkeeten

44 Migranten aus Séinout gerett

E Sonndeg eréischt hat d‘Rettungsschëff Alan Kurdi, vun der däitscher

Weess du, wéi eng Uertschaften sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen? – 2
Neiegkeeten

Weess du, wéi eng Uertschaften sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen? – 2

[onionbuzz quiz-id=58][/onionbuzz] No der éischter Editioun vun dësem Quiz hate

Kollektivvertrag – No 2,5 Joer endlech een Accord am Bausecteur

Kollektivvertrag – No 2,5 Joer endlech een Accord am Bausecteur

Um 22. Oktober 2018 huet den LCGB sech mam federale Comité vum Bausecteur, am Kader vun de Verhandlunge vum Kollektivvertrag am Secteur vum Bau, zesummefonnt.

Den LCGB weist sech zefridden, datt déi zousätzlech Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit zeréck gedrängt ginn ass duerch eng gewëss Kompromësslosegkeet. Wéinst dem luesen Ofleef bei de Verhandlungen, wou 2,5 Joer Zäit verluer goufen, ass fir den Zäitraum och Geld fir Salariéë vum Secteur drop gang.

D’Membere vum LCGB hunn ee kloert Mandat ginn, fir een neie Kollektivvertrag ze ënnerschreiwe mat diverse Verbesserungen:

  • Eng Hausse vun den Tariffer vum Salarié vun 2,4 %
  • Eng eemoleg Primm vun 300 €
  • Eng Erhéijung vun der Primm vun Enn des Joers vu 5 % op 7 %
  • Ee Gesetz zur Formatioun vun alle Salariéën an och d’Unerkennung vun den duerchgefouerten Ausbildungen (Upassung vun de Salairen un d’Qualifikatioun)
  • D’Geneemegung vu 27 Congésdeeg an eng Primm zum Enn vum Joer vir administrativ Salariéen

Matgedeelt vum LCGB
Iwwersat vum Shari Pleimelding /moien.lu

Related topics Bausecteur, Kollektivvertrag, LCGB, Salarié
Next post Previous post