Search

You may also like

SKOBE, de Kënschtler aus enger anerer Dimensioun
Neiegkeeten

SKOBE, de Kënschtler aus enger anerer Dimensioun

Mat 22 Joer ass den Jeremy Palluce, alias SKOBE, an

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
Neiegkeeten

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer

Gëschter Owend ass zu Réimech am Institut Viti-Vinicole, ganz der

Verantwortung ass gutt, sech këmmeren ass besser
Neiegkeeten

Verantwortung ass gutt, sech këmmeren ass besser

Beim Tornado dee sech den 9. August an de Gemenge

Kollektivvertrag fir de Secteur vum Gardiennage: Endlech eppes Konkretes?

Kollektivvertrag fir de Secteur vum Gardiennage: Endlech eppes Konkretes?

Opgrond vun der Initiativ an dem Engagement vum LCGB, der Majoritéitsgewerkschaft am Secteur vum Gardiennage, hat et den 29. November eng Verhandlungsronn mat der Federatioun vun de Patronen aus dësem Secteur, an de Raimlechkeete vun der FEDIL ginn.

No dëser Verhandlungsronn huet den LCGB eng konkret a beziffert Propositioun vum Patronat aktéiert. Doranner heescht et ënnert anerem:

  • eng Erhéijung vun 1,1% vum Loun, déi ab dem 1. Dag vum Mount nodeems de Kollektivvertrag ënnerschriwwen, a Kraaft trëtt;
  • eng Lounerhéijung vun 0,5% ab dem 1. Januer 2021;
  • eng Verflichtung fir d‘Weiderbildung vun 1% vun der Salariatsmass;
  • no 2019, ginn all automatesch Mindestlounerhéijungen, konform zum Artikel L.222-4 vum Aarbechtsrecht, d‘office op d‘Lountabell vum Kollektivvertrag iwwerdroen;
  • eng Erhéijung vun der eemoleger Primm fir e PACS oder e Bestietnes vu 75 Euro (aktuell gëtt et just en Primm an héicht vu 74,37 Euro fir e Bestietnes);
  • eng Erhéijung vun der Primm fir den Hondsführer, op 10 Euro pro geschafften Dag (aktuell sinn et 5 Euro);
  • eng Erhéijung vun der Primm fir d‘Geldtransporter vun 1 Euro/Stonn (aktuell sinn et 60 Eurocent).

D‘Patronat huet allerdéngs dës Propositioun u Konditioune geknäppt. Esou bestinn se drop, datt d‘Flexibilitéit déi vun de Mataarbechter erwaart och bäibehale gëtt. An dat esou wéi et am Kollektivvertrag festgehale ginn ass, am Kontext vun de Partikularitéiten an Ufuerderunge vum Secteur.

A Virbereedung op d‘Verhandlungsronn vum 19. Dezember, setzt sech den LCGB elo mat den Delegéierten un den Dësch, fir d‘Äntwert op d‘Propositioun vum Patronat ze formuléieren.

Matgedeelt vum LCGB; aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Fedil, Gardiennage, Kollektivvertrag, LCGB
Next post Previous post