Search

You may also like

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen
Neiegkeeten

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen

An der Demokratescher Republik Kongo (DRK) ass ee Sonndeg gewielt

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken
Neiegkeeten

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken

NVIDIA sinn zwar haaptsächlech fir hier Grafikkaarte bekannt, déi néideg

Wa sech d‘Waffenhändler d‘Hänn reiwen
Neiegkeeten

Wa sech d‘Waffenhändler d‘Hänn reiwen

D‘Marillyn Hewson ass un der Spëtzt vum mäerdereschste Konzern deen

Kollektivvertrag bei der Soludec S.A. ënner Dach a Fach

Kollektivvertrag bei der Soludec S.A. ënner Dach a Fach

Den OGBL als eenzeg representéiert Gewerkschaft bei der Soludec S.A. an d‘Direktioun vun der Entreprise, hunn de 26. Februar de Kollektivvertrag fir déi 115 administrativ Salariéeë vun den Entreprise Soludec a Soludec Development ënnerschriwwen.

Den Accord tëscht de Sozialpartner huet eng Lafzäit vu 36 Méint. Hie gëllt réckwierkend op den 1. Januar 2019 a soll den 31. Dezember 2021 auslafen. An dësem Kollektivvertrag si ënnert anerem folgend Verbesserunge fir déi Lounofhängeg ausgehandelt ginn:

  • eng linear Erhéijung vun den Tarifléin vun 2,25% zum 1. Januar 2020, an dann nach emol 2,25% zum 1. Januar 2021;
  • eng Erhéijung vum Patron-Undeel beim Chèque-Repas vun 1,40 Euro pro Scheck;
  • d‘Virverleeung vum zousätzleche Congésdag gebonnen un d‘Anciennetéit, vu bis ewell 25 Joer op elo 20 Joer.

D‘Gewerkschaft huet betount, datt d‘Verhandlungen an engem konstruktive Klima gefouert goufen.

Matgedeelt vum OGBL an der Soludec S.A., fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Heeloquence / unsplash

Related topics Kollektivvertrag, OGBL, Soludec
Next post Previous post