Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet
dating show applications best dating site.com

https://moien.lu/bowes-lyons-dating/

Google suergt erëm fir Negativ-Schlagzeilen. Grond dës Kéier: Sexismus. An

https://moien.lu/what-to-expect-when-dating-a-cuban-man/
dating show applications best dating site.com

Kenns du dës Spréchwierder, Phrasen an Idiomen?

D’Lëtzebuergesch Sprooch ass voll mat Spréchwierder, Phrasen an Idiomen. Wéi

Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt
dating show applications best dating site.com

Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt

Nodeems de Regierungsrot de leschte Freideg de Verbesserungen un der

surprise

Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht

Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht

Eng 270 verantwortlech Kader vun der Protection Civile, de Pompjeeën an dem Sauvetage haten sech um Samschdeg am Nordlycée zu Wolz zesummefonnt. Grond fir dëse Rendez-vous um Enn vum Joer: d‘Reform vun de Rettungsdéngschter, déi nach net an alle Käpp schéngt ukomm ze sinn.

D‘Aluedung war dann och vum Inneministère a Kollaboratioun mat der Administratioun vun de Rettungsdéngschter ausgeschwat ginn. D‘Reform vun de Rettungsdéngschter an d‘Kreatioun vum groussherzogleche Corps vun de Pompjeeën an dem Sauvetage (CGDIS) stoung am Mëttelpunkt vum Kolloquium.

Et war dann och keng „Informatiounssëtzung“ déi sech der Entwécklung vun der Reform zougewennt huet. Villméi ass et zu Wolz dorëms gaangen, „Äntwerten op d‘Froen an d‘Suerge vun den eenzelen Acteuren ze ginn“, esou den Inneminister Dan Kersch.

Bei den Erausfuerderungen déi ugeschwat goufen, ass dann och kloer ëm d‘Fro vun der Transitioun vun de Fräiwëllegen innerhalb dem Rettungsdéngscht CGDIS gaangen.

Kolloquium

Den Dan Kersch beim Kolloquium vun de Kader vun de Rettungsdéngschter zu Wolz. (v.l.n.r.) Christian Schmitz (ASS), Cédric Gantzer (ASS), Raymond Guidat (ASS), Paul Schroeder (Direkter ASS), Alain Becker (Inneministère), Dan Kersch (Inneminister) an Franck Arndt (Buergermeeschter vu Wolz). © Eric di Millo/ASS

Mat der Siicht op d‘Definitioun vun de Funktiounen a Missioune vun den zukünftege Pompjeeë vum CGDIS, ass sech der Methodik fir d‘Ausschaffe vum Referenzmaterial am Bezuch op den Emploi an d‘Aktivitéite (REA) ugeholl ginn. Déi ass um Samschdeg virgestallt ginn. Zudeem ass och iwwert d‘Formatioun geschwat ginn.

Exemplaresch Zesummenaarbecht bei der Ëmsetzung vun der Reform

An deem Zesummenhang huet den Direkter vun der Administratioun vun de Rettungsdéngschter, Paul Schroeder, deklaréiert: „Mir brauchen iech all fir de gesichten Endzoustand ze erreechen.“

Den Inneminister Dan Kersch ass ob d‘Aarbechten agaangen déi am gaange sinn, an och op déi weider Entwécklungen, déi nach komme sollen. Hien huet zu Wolz allen Acteuren e grousse Merci ausgeschwat fir hir exemplaresch Zesummenaarbecht bei der Ëmsetzung vun der Reform.

Vill Ännerunge verlaange Gedold a Versteesdemech. Net alles ass einfach ëmzesetzen, datt esouwuel um Terrain wéi och an de Käpp. D‘Reform selwer ass awer eng Noutwennegkeet. Et geet heibäi ëm Effizienz engersäits an d‘Ofsécherung vun de Fräiwëllegen anerersäits.

Wéi a villen Domänen, gëllt dann och hei: Zesummen ass ee staark. Jidderengem mat enger Reform gerecht ze ginn ass da leider net méiglech. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt wann een eng Kritik virzebréngen huet, datt dës konstruktiv ass.

Ähnlech Sujeten CGDIS, Dan Kersch, Inneministère, Paul Schroeder, Rettungsdéngschter, Wolz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel