Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SIGI: Den Dateschutz suergt fir Kappzerbrieches
Neiegkeeten

SIGI: Den Dateschutz suergt fir Kappzerbrieches

D‘Erwaardungen un d‘Comitéssëtzung vum Interkommunale Syndikat fir d‘Gestioun vun der

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“
Neiegkeeten

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“

Bei der Entrevue tëscht dem Emmanuel Macron an dem Recep

What the Fakt – Alles Guddes Johnny Depp!
Neiegkeeten

What the Fakt – Alles Guddes Johnny Depp!

Ob als geckege Pirat, tollpatschege Vampir oder och verréckte Besëtzer

Köln den 11.11.: D’Karnevalssaison huet nees gestart!

Köln den 11.11.: D’Karnevalssaison huet nees gestart!

D’Häerz vun alle Kölner a Karnevalisten schléit erëm méi héich. Gëschter um 11:11 Auer huet d’Karnevalssaison pünktlech ugefaangen, dat mat vill Musek, enger Stad am Ausnamezoustand voller verkleeter Leit a richteg gudder Stëmmung.

Schonn um 9 Auer moies hunn Fuessbegeeschterer sech an der däitscher Stad, déi säit laangem fir seng Léift fir déi fënneft Joreszäit bekannt ass, zesumme fonnt, fir um Heumarkt, der Alstad an beim Tanzbrunnen mateneen ze féieren. Bis spéit Owes hunn typesch Karnevalsgruppen, wéi Kasalla, Höhner, Brings, Miljö, Colör oder Querbeat op der riseger Bühn um zentralen Heumarkt ee mega Programm fir déi kostüméiert Jecken a Fastelovendlaun an Schunkelstëmmung gebueden.

Pünktlech um 11:11 Auer huet no engem Countdown de President vun der Ostermann-Gesellschaft, de Ralf Schlegelmilch, de Stroossekarneval zu Köln erëffnet. Wéi et d’Traditioun sou well war hei dat neit Dreigestirn an d’Buergermeeschtech Henriette Reker dobäi. Ab elo wäert, bis zum Rosenmontagszug, d’Domstad nees zu enger lëschteger faarweger Jecken-Héichbuerg ginn, mat ville Sëtzungen, Ëmzich a Partien.

Köln 11.11

Dräigestier op der Bühn um Heumarkt.
© Reiner Keukenhof/koeln.de

Fir d’Sécherheet vun alle Bedeelegten ze garantéieren an gréisser Tëschefäll ze vermeiden war d’Police verstäerkt am Asaz. De Kär vun der däitscher Stad war komplett ofgerigelt, sou datt een d’Platze späre konnt, wann den Undrang ze grouss war. Generell waren och Glasfläschen, wéi all Joer, verbueden, och d’Poschen an d’Rucksäck goufe kontrolléiert.

Am ganzen huet d’Police missen 170 Leit ee Plazverweis verdeelen,iwwer 100 Plainten gounge eraus a fënnef Leit goufe festgeholl. Um ganzen Dag goufen 2 méi schlëmm Accidenter gemellt. Bei engem ass mëttes een 22 Joer jonke Mann zwee Meter déif vum Techniktuerm bei der Bühn vum Heumarkt erof gefall. Een aneren Accident huet géint 16:30 Auer op der Zülpicher Strasse statt fonnt, wou ee Mann aus dem 4. Stack vu senger Wunneng gefall ass. Hien läit elo mat liewesgeféierleche Verletzungen am Spidol. Eng weider Persoun ass um Owend bei enger Kollisioun mat engem Zuch déidlech verongléckt.

Fir d’Rettungsdéngschter war et ee rouegen Optakt. Si ziele relativ wéineg Tëschefäll, wat ënnert anerem dru läit, datt d’Jecken hiren Alkoholkonsum am Normalberäich gehalen hunn an et esou zu kenge massive Saufexzesser koum.

Eleng um Heumarkt, der Haaptplaz vun de Karnevalisten, hu sech schonn moies fréi iwwer 20.000 Leit zesumme fonnt, fir den Ufank vun der fënnefter Joreszäit ze feieren. Och dëst Joer si Busser aus alle Géigenden ugereest, fir datt d’Visiteuren eng sécher Transportméiglechkeet haten. Um Alter Markt, eng grouss Plaz mat Buer direkt nieft dem Heumarkt, hu sech zemools Lëtzebuerger Studenten getraff fir verkleet den 11.11 ze zelebréieren. Déi meescht vun hinne sinn scho moies um 6 Auer lass gefuer fir pünktlech zu Köln ze sinn. Owes um 19 Auer ass et fir déi meescht dunn och nees Heem gaangen.

Köln 11.11

Iwwer 20.000 Leit um feieren! Wat ee jecken Dag!
© Reiner Keukenhof/koeln.de

An och d’Motto vun der Karnevalssaison 2019 steet säit dem leschte Rosenmontagszuch fest: „Uns Sproch es Heimat“, woumat d’Kölner nees op hir Léift zur Stad an dem kölschen Dialekt opmierksam maachen.

Laut enger Etüd ginn d’Jecken ronn 300 Milliounen Euro fir Kostümer aus, eng stolz Zomm fir een Outfit, wat ee wahrscheinlech just ee Mol undeet. Beléift waren dëst Joer typesch Verkleedunge, wéi Polizist, SWAT-Team, Katz oder Zaldot. Beléift bei de Kölner ass awer och een Outfit ganz a rout-wäisse Sträifen (d’Faarwe vun der Stad) oder als Kölner Béierfläsch ze goen. Ëmmer méi am Trend ass dann och als Séissegkeet, wéi M&M, Snickers oder Mily Way ënnerwee ze sinn. Dat néitst vum neisten war awer d’Verkleedung als Member vun der Serie„Haus des Geldes“, mam rouden Eendeeler a Mask mat Schnurres.

Generell muss ee soen, datt et ee gelongenen Optakt ass, wou d’Wierder gréisstendeels matgespillt huet. Och d’Stëmmung war immens an léisst een schonn eng flott weider Karnevalszäit, bis hin zum Rosenmontagszuch erwaarden.

Köln 11.11

Beléift dëst Joer: eng Verkleedung vun der Serie “Haus des Geldes”.
© Frank Metzemacher/koeln.de

Foto: © pa picture alliance

Ähnlech Sujeten 11.11, 11.November, Jeck, Karneval, Köln, Kölner Karneval, Rhein
Nächsten Artikel Virrechten Artikel