Nationale Commemoratiounsdag 2018
Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech
Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech
No technesche Problemer zu Francorchamps, wou de Lëtzebuerger Espoir säi
17 Joer jonk a schonn e grousst Zil virun Aen.
Wou läit d’Mëllechstrooss a firwat gëtt se esou genannt? Wat ass däischter Materie a wéi eng Kraaft stécht an engem schwaarze Lach? Ginn et Ausserierdescher? D’Buch huet net op all Fro eng Äntwert, ma Verschiddenes ass besser der Fantasie iwwerlooss. Mir si mam Buzz Aldrin an dem Neil Armstrong op de Mound geflunn. Dës léierräich Rees war phänomenal!
Do kritt e Loscht sech am Däischteren eraus an d’Wiss ze sëtzen an an den Himmel ze kucken. D’Stären an de Mound si schonn eppes Besonnesches. Nom Dout vun engem Familljemember hunn ech mir meng eege Stären erausgesicht – ech hunn hinne mäi ganzt Leet erzielt, si hunn mir d’Trauer ofgeholl. Ech konnt stonnelaang op der Fënsterbänk sëtzen, ech hunn se méi ewéi d’Loft zum ootme gebraucht …
© Greg Rakozy / Unsplash
Och haut nach, wann ech se gesinn, hunn déi dräi blénkeg Stären eppes Tréischtleches u sech. Ech fanne meng Mëtt erëm, si sinn nach ëmmer do. Trei Begleeder! Onvergiesslech ass dee risege Mound, deen ech viru gutt dräizéng Joer zu Djerba gesinn hunn, et huet e gemengt, e wär mam Lasso anzefänken. Komescherweis kann ech mech net drun erënnere jee eng Stäreschnäiz gesinn ze hunn – sollt ech dat Gléck eemol hunn, weess ech wat ech mir wënschen.
Den Himmel ass onendlech, wann ech eropkucken, kënnt mir alles esou kleng vir. D’Stäre ginn engem Hoffnung an den néidege Courage eppes aus sengen Dreem ze maachen. D’Problemer sinn ewéi ewechgeblosen. Banal. D’Äerd dréit sech a mir stinn hei. Fest verwuerzelt an eise Liewen – wat wëll e méi?
Ech hoffen, dass ech mengem Meedche meng Faszinatioun méi no konnt bréngen. Hatt soll wëssen (a verstoen), dass se net nëmme schéin unzekucke sinn. Wie weess, wéini hatt d’Stären eemol brauch.
Opmaacherbild: © Jessica Mersch / Bichergeck