Nordkorea schéisst nees Rakéiten duerch d‘Géigend
Et ass de nordkoreaneschen Etat-Major deen d‘Noriicht ausginn huet. Heiranner
Et ass de nordkoreaneschen Etat-Major deen d‘Noriicht ausginn huet. Heiranner
Nodeems d’Vanessa déi lescht 8 Joer an Nepal gelieft huet,
De Kommandant vun der amerikanescher Küstewaach, Paul Zukunft, huet haut matgedeelt, datt hien sech hannert säin Transgender-Personal stellt. Hie géif „net de Vertrauensvertrag briechen“ deen hie mat senge Leit huet.
Eng kloer Äntwert op dem Donald Trump seng Ukënnegung, datt Transgender Persounen net méi kéinten an der amerikanescher Arméi déngen. De Corps vun der Küstewaach huet mat den 13 als Transgender signaléiert Zaldote Kontakt opgeholl, huet den Admirol Paul Zukunft zu Washington erkläert. „Et sinn der net vill, mee si leeschten eng extraordinär Aarbecht bei der Küstewaach“, ënnersträicht den Admirol.
Hien huet och erkläert, betraff gewiescht ze sinn, vun der Geschicht déi an der Washington Post erzielt ginn ass. Et war déi vun engem jonke Leutnant, deen eng Geschlechtsëmwandlung vollzunn huet an sech elo Suerge mëscht. Besonnesch, wéi eng Konsequenzen déi vum Trump ugekënnegt Mesuren op säi Liewe wäerten hunn.
„Ech hu perséinlech den Leutnant Taylor Miller kontaktéiert, déi d’läscht Woch op der Une vun der Washington Post war. Seng eege Famill huet et verstouss an elo ass d’Küstewaach seng Famill. Ech hunn him gesot ‘Ech loossen iech net falen. Mir hunn an iech investéiert an dir hutt an d’Küstewaach investéiert. Ech briechen dëse Vertrauensvertrag net!’ Dat ass d’Engagement dat mir mat eisen Truppen huelen“, erzielt de Paul Zukunft.
Am Wäissen Haus hunn se dann och nach Schwieregkeeten d’Ëmsetzung vum Verbuet fir Transgender an der Arméi ze detailléieren. De Verdeedegungsministère ass wéi et schéngt, net am Virfeld informéiert ginn. Doriwwer eraus ass een esouwuel an der Arméi, wéi och am Lager vun de Republikaner gedeelter Meenung.
De Corps vun der Küstewaach huet no den Tweets vum President eng Equippe vun Affekoten zesummegestallt, preziséiert de Paul Zukunft. „D’Wieder vum President, sinn seng Wieder“, kommentéiert d’Spriecherin vun der US-Küstewaach den Tweet. Si weist esou drop hin, dat esou Deklaratiounen net d’Küstewaach betreffen. Déi nämlech hänkt vun der interner Sécherheet of.
„Onst Zil ass mat alle betraffene Ministèren zesummenzeschaffen, op éischter Plaz dem Verdeedegungsministère, fir déi nei Politik ëmzesetzen, awer am Kader vum Gesetz“ esou d’Spriecherin vum Wäissen Haus, Sarah Sanders. Si huet och erkläert vun d’Aussoe vum Admirol Paul Zukunft net ze kennen.
mat AFP
Foto: Den Admirol Paul Zukunft (hei eng Archiv-Foto vum Oktober 2015) huet net wëlles de President gewäerden ze loossen. (© Chip Somodevilla/Getty Images/AFP)