Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Aktioun géint Riets: Eng digital Krichserklärung
Meenung https://moien.lu/speed-dating-sex-questions/

speed dating bury st edmunds

Si gehéiert zu deene berüchtegtsten Lëtzebuerger Säiten op Facebook. Net

grace slick dating
history of radioactive dating
Meenung https://moien.lu/speed-dating-sex-questions/

Mam Containerland ee grousse Schratt an d‘Zukunft

Um Freideg ass zu Beetebuerg de neien Terminal vun der

Ëmstridden EU-Kommissäre suerge fir Onrou
Meenung https://moien.lu/speed-dating-sex-questions/

Ëmstridden EU-Kommissäre suerge fir Onrou

Esou eppes wéi bei dëser EU-Kommissioun hat een nach net

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen

E puer Deeg virun enger Debatt an der Chamber iwwert d’Dreifjuegd huet de Mouvement Ecologique Positioun bezunn. Si kritiséieren d’Dreifjuegd a verdeedege gläichzäiteg d’Klappjuegd, zerwéiere sech dobäi mat enge rongelenkter, verstéierender, kaler, bürokratesch-administrativer Sprooch.

Erstaunlech-, jo perverserweis verdeedegen d’Ëmweltschützer déi sougenannt Klappjuegd als eng Form vun Déiereschutz: et soll een Déieren dout maachen, fir d’Aarten ze schützen. Et geet hinnen ëm d’Erhalung vun der Biodiversität, de Wäert an de Schutz vum Liewen ginn hannen ugestallt oder souguer iwwergaangen. Si propagéieren eng Aart vum gefleegten Dout-maachen: „manner Dreiwer“, „sécher Schëss“, „manner Stress fir déi Gejoten“, „méi Trefferquoten“, „manner ugeschossen Déieren“. Ee Perfektionéiere vum Dout-maachen also.

Ugedriwwe gi si och vun der Suerg ëm d’Kulturlandschaft. Si kritiséieren déi iwwerméisseg Schounung vu weiblechen Déieren (ob domat d’Feministinnen an hire Reien averstane sinn?). Hire Feind ass d’Schuelewëld; och de sougenannten invasiven Aarten, wéi zum Beispill de Wäschbiere solle systematesch de Gar aus gemaach ginn.

De Méco schwätzt sech fir eng Reguléierung duerch Dout-maachen aus. „Reproduktiounshemmer“ wieren aus verschiddene Grënn keng Optioun. Aus wéi enge Grënn seet een net. Hire Fazit: De Jeeër ass zur Reguléierung vum Wëld onerlässlech an et sollt een alles maachen, fir eng verstäerkt Akzeptanz vun der Juegd an der Bevëlkerung ze bewierken.

Et geet de vum Staat an allen Hisiichte verwinnten Ëmweltschützer ëm d’Schied am Bësch, net ëm d’Liewensrecht vum Déier. Mat dëser Positioun weist d’Naturschutzorganisatioun, datt si net vu materiellen Nëtzlechkeetserwägungen beweegt sinn. D’Flora gëtt iwwert d’Fauna gestallt, dat planzlecht Liewen iwwert dat déierrecht.

De Méco gebärd sech wéi de verlängerten Aarm vun der organiséierter Jeeërschaft, wéi eng Lobby am Optrag vun der Jeeërlobby. Et sollt ee sech froen, ob et wierklech d’Aufgab vun dëser Ëmweltorganisatioun ass, d’Juegd, a wéi engem Modus et och ëmmer viru goe wäert, ze verdeedegen. Misst esou eng aflossräich Organisatioun net och ethesch Ziler hunn?

Peinlech ass d’Aart a Weis, wéi déi staatsdroend a vum Staat gedroen Ëmweltschützer d’Klappjuegd géint der Dreifjuegd verdeedegen: „just e puer Deeg“, „just wéineg, lues Hënn“, „Gefor vu Feelschëss geréng“. Och luewen si d’Klappjuegd als „revéieriwwergräifend“. Dobäi féiert jo grad dës territorial Auswäitung zu neien Exzesser.

De Méco iwwertrompt soumat nach déi klenghäerzeg egoistesch Uleie vum Petitionär fir d’Verbuet vun der Dreifjuegd. Säin Usaz ass reaktionär, anthropozentresch a speziestisch; et ass rengg materialistescher, utilitärer Natur an eng Apologie vun engem fierchterleche Fräizäitpleséier. D’Ëmweltschützer behaapten, datt si eng „ziviliséiert Form vun der Juegd“ ustriewen. Trotzdeem ass d’Juegd, a wéi enger Form och ëmmer, antizivilisatoresch, d.h. barbaresch.

All Mënsch mat Léift zu den Déiere sollt op Distanz zu dëse Lobbyiste goen, déi een Häerz fir d’Ëmwelt, awer wuel kaum eent fir déi an hir liewende Kreaturen hunn.

Matgedeelt vum Déierrechtler Armand Clesse – Iwwersat vum Shari Pleimelding

Ee Kommentar

Här Clesse, als Persoun, déi selwer eng immens Léift zu den Déieren huet, verstinn ech är Roserei an d’Kritik un der Äusserung vum Méco. Natierlech ass eng Juegd, egal op Dreif- oder Klappjuegd, ëmmer mam Schéissen, Blesséieren an Dout-maache vun engem Déier verbonnen, wouvun ech perséinlech och guer keen Fan sinn.

Dozou sollt awer gesot sinn, datt Kritik äusseren ëmmer gutt ass, mee et sollt een dann och eege Virschléi zur Verbesserung matliwweren. Wéi soll een ee Beräich verbesseren, wann et keng konkret Usätz zur Ännerung ginn? Vläicht komme jo an Zukunft nach Propositioune vun Ärer Säit no, mir géifen eis op alle Fall freeën.

Ähnlech Sujeten Armand Clesse, Dreifjuegd, Klappjuegd, Kommentar, Mouvement Ecologique
Nächsten Artikel Virrechten Artikel