Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ab e Méindeg dierf een dem Groussherzog Jean am Palais eng lescht Éier erweisen
Kultur Neiegkeeten

lead sheathed cables may be found in some installations dating from

De Marechalat vum Haff huet an engem Communiqué doriwwer informéiert,

elizabeth i online dating
Kultur Neiegkeeten

Éisträichesche Kanzler wënscht sech eng Reform vun der EU

Nodeems schonn de franséische President Emmanuel Macron am Mäerz „seng

Le Pen versus Macron: En onschéinen Débat
Kultur Neiegkeeten

Le Pen versus Macron: En onschéinen Débat

Während zwou an eng hallef Stonn stoungen sech gëschter Owend

Kommt all an de Mariendall

Kommt all an de Mariendall

E Sonndeg de 15. September mécht de Jugendzentrum am Mariendall op en Neits seng Dieren op an luet de grousse Public an ee ganz besonneschen Dag bei hinnen ze verbréngen. Organiséiert gëtt dës Veranstaltung vun der Administratioun vum Jugendzenter a Kollaboratioun mat de Veräiner aus der Gemeng Helperknapp.

Tëscht Mueres 9 an Owes 19 Auer gëtt nawell zimlech „Äktsche“ gebueden. Ee ganz variéierte Programm invitéiert déi jonk wéi déi manner Jonk an, vill ënnerschiddlech Aktivitéiten ze entdecken an och dorunner deelzehuelen. Esou kann een en Tour mam Mountainbike (VTT), eng „marche gourmande“, den „Escape Room“, de Kloter-Park an nach villes méi matmaachen.

Et gëtt och guidéiert Visitte vun den historesche Site um a ronderëm de Mariendall wéi op der Buerg zu Huelmes. Op béide Plazen si jeeweils dräi Tier virgesinn. Et sinn zudeem Visitten déi besonnesch de Frënn vun der Geschicht dierften zouspriechen. Net ze vergiessen datt béid Standuerter klasséiert sinn an zum nationale Patrimoine gehéieren. E schéint stéck Lëtzebuerg.

Mariendall

Op dësem Dag gëtt och d‘Wanderausstellung „Universell Deklaratioun vun de Mënscherechter an einfacher Sprooch“ an „Gesiichter vum Courage“ offiziell erëffent (13.30 Auer). Den Event steet am Zeeche vum 70. Jubiläum vun der Universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter a gëtt vum nationale Resistenzmusée a Kollaboratioun mat Amnesty International Lëtzebuerg an dem Zentrum fir politesch Bildung ugebueden.

Loscht op e Quiz? Och datt kritt een e Sonndeg am Mariendall ugebueden. Um 14 Auer kënnen sech d‘Frënn vum sougenannte „Bistro-Quiz“ vun der eegener „Kultur“ iwwerzeegen. Heifir ass et gutt sech schonn emol beim Sandra Britz (sandra.britz@snj.lu) unzemellen. Eng Ekipp dierf aus maximal 6 Persoune bestoen. Déi dräi éischt Equippe ginn dann och entspriechend belount.

Fir Kultur a Gastronomie suergen d‘Veräiner aus der schéiner Gemeng Helperknapp wéi och d‘Jongen a Meedercher vun der Jugendherberg zu Huelmes. Et ass dat e Fest dat sech fir déi ganz Famill ubitt, flott Aktivitéiten an pedagogesch wäertvoll Visitten ubitt.

Matgedeelt vum SNJ, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

De ganze Programm vum Dag? Einfach hei op de LINK klicken!

Foto:  De fréiere Klouschter Mariendall (MMFE – cc by-sa 4.0)

Ähnlech Sujeten Buerg Huelmes, Gemeng Helperknapp, kulturelle Patrimoine, Mariendall, SNJ
Nächsten Artikel Virrechten Artikel