Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag
Neiegkeeten

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag

Reegelméisseg Beweegung deet bekanntlech Kierper a Geescht gutt. Esou wëll

Buchpresentatioun vun „Anne aus Green Gables“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Anne aus Green Gables“

Virun e puer Wochen huet mäi Meedche vu fofzéng Joer

Policegewalt géint PoC an den USA
Neiegkeeten

Policegewalt géint PoC an den USA

Dräi Méint no der Ermordung vum George Floyd zu Minneapolis

Kommt a maacht mat beim „Memory Walk“

Den 21. September ass Weltdag vun der Alzheimer Krankheet, an déi geet eis all eppes un

Kommt a maacht mat beim „Memory Walk“

E Samschdeg 21. September organiséiert d‘ALA (Association Luxembourg Alzheimer) vun 11 bis 18 Auer de „Memory Walk“. Mat dëser Manifestatioun wëll d‘Associatioun de grousse Public „informéieren a sensibiliséieren!

De Rendez-vous fir dësen Event gëtt iech d‘Ekipp vun ALA op der Clairefontaine-Plaz. Zanter elo 17 Joer organiséiert d‘ALA dës Manifestatioun, déi zäitgläich an der ganzer Welt ausgedroen. Hei zu Lëtzebuerg ginn Informatiounsstänn opgestallt, wou ee sech iwwert déi verschidde Servicer vun der ALA informéiere kann. Et geet natierlech ëm Alzheimer mee och aner Demenz-Krankheete ginn op dësem Dag ugeschwat.

Am Kontext vum „Café-Alzheimer“ bitt de Berodungsdéngscht iech en Abléck an déi alldeeglech geleeschten Aarbecht. Hei ass och d‘Méiglechkeet ginn, flott Renconteren ze maachen a sech un interessante Gespréicher ze bedeelegen.

Déi verschidden Departe vum Memory Walk: 13 Auer, 14.30 Auer an 15.30 Auer ëmmer vun der Clairefontaine-Plaz. Dëst Joer féiert den Tour d‘Participanten duerch de Regierungsquartier laanscht Kathedral bis bei d‘Gëlle Fra. Hei kritt een dann och nach eng ganz Rëtsch Informatiounen zum Péitrussdall an de Garer-Quartier . Da geet et weider bis zur Avenue Marie-Thérèse, wou sech dann der „Éisträichescher Ära“ zu Lëtzebuerg ugeholl gëtt.

Esou en Tour dauert gutt eng Stonn an ass och accessibel fir Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit. Fir matzemaache geet et duer sech den Dag selwer op der Plaz anzeschreiwen. Dëst Joer steet den Event ënnert dem Motto: „Fir méi Akzeptanz an Toleranz“.

Tatsächlech ass et esou, datt eng Demenz d‘Perséinlechkeet vun de betraffene Persoune mat sech bréngt. Dat mécht d‘Liewen an enger Communautéit net méi einfach a vill Mënsche wëssen oft och net wéi op d‘Leit déi affektéiert sinn, reagéiere sollen oder kënnen. An awer mussen och déi leit déi vun enger Demenz betraff sinn, spieren datt e feste Bestanddeel vun der Gesellschaft sinn, an dat trotz der Krankheet.

Matgedeelt vun der ALA, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Home Instead UK

Ähnlech Sujeten ALA, Alzheimer, Association Luxembourg Alzheimer, Demenz, Memory Walk
Nächsten Artikel Virrechten Artikel