Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi steet d’EU am Verglach zum Recht vun der Welt do?
International Neiegkeeten

Wéi steet d’EU am Verglach zum Recht vun der Welt do?

Mat dëser Fro setzt sech den Eurostat auserneen a vergläich

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!
International Neiegkeeten

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!

Samsa Film ass houfreg matzedeelen, datt de Film „Superjhemp Retörns“

Editorial: Spannung pur am Streaming!
International Neiegkeeten

Editorial: Spannung pur am Streaming!

Streaming Portaler wéi Netflix rëselen d’TV-Industrie wakereg. Dat ass gutt

Kommunalwahlen a Polen: d‘PiS-Partei staark am ländleche Raum

Déi liberal Oppositioun kann sech an de Groussstied duerchsetzen

Kommunalwahlen a Polen: d‘PiS-Partei staark am ländleche Raum

No de polnesche Kommunalwahle vum Sonndeg, gesäit et esou aus, datt déi nationalistesch Partei fir Recht a Justiz (PiS) seng Muecht am ländleche Raum ka festegen. An de Groussstied ass et déi liberal Oppositioun déi sech duerchgesat kritt. Laut de Sondagen no der Wal, konnt sech d‘PiS mat senger Politik a kenger vun de Groussstied duerchsetzen.

An de Stied: Krakau, Gdansk oder Kielce, hunn all d‘Kandidaten déi vun der Oppositioun gestëtzt goufen, iwwer 64% vun de Stëmmen erhalen. Domatter hu si kloer an däitlech, hir konservativ an nationalistesch orientéiert Rivalen, am zweeten Tour, zumindest bei den urbane Wieler, geschloen. Elo muss dëst Resultat nach just vun der Wahlkommissioun validéiert ginn.

D‘Oppositioun hat sech schonn am éischten Tour ervirgedoen. Si konnt huet iwwer 50% vun de Stëmmen an de Stied: Warschau, Lodz, Poznan a Wroclaw, erhalen. Am zweeten Tour hunn d‘Polen nach just d‘Buergermeeschter vun de Klengstied an Dierfer wiele kënnen. D‘Zesummesetzung vun de regionalen Assembléeë war scho beim éischten Tour festgeluecht ginn.

Wann d‘PiS-Partei an de grousse Stied „gescheitert“ ass, esou huet si den 21. Oktober an de Regioune gutt zougeluecht. Déi Konservativ konnten sech an 9 vu 16 regionalen Assembléeën duerchsetzen. A Sechs vun hinnen esouguer mat der absoluter Majoritéit. En zolidd Victoire géintiwwer 2014, wou d‘PiS-Partei nëmmen eng Assemblée kontrolléiert huet.

Déi biergerlech Koalitioun, bestoend aus béide liberalen Oppositiounsparteien (Biergerlech Plattform a Nowoczesna) huet d‘Wahle fir siwe regionalen Assembléeë gewonnen, an enger hu si d‘Majoritéit erhalen. Fir an deenen aneren ze regéieren, mussen déi liberal sech op Koalitioune mat der Bauere-Partei (PSL), de Sozialdemokraten (SLD) oder onofhängege Comitéen arrangéieren.

Dës Ofstëmmung gëtt als „Stëmmungstest“ fir déi ëmstridde Politik vun der Regierungspartei PiS betruecht. Déi steet an der Kritik, engersäits wéinst hirem Ëmgang mat der Justiz am eegene Land, an der Aart a Weis wéi d‘Bezéiunge mat Bréissel „strapazéiert“ ginn. Trotz hirer autoritärer Form, bleift d‘PiS-Partei, déi zanter 2015 un der Muecht ass, bei hirer Basis beléift.

Foto: E Sonndeg ass a Polen den zweeten Tour vun de Kommunalwahlen ofgehale ginn. A 649 Stied, Gemengen an Dierfer hu missen nei Buergermeeschter designéiert ginn. © Janek Skarzynski/AFP

Ähnlech Sujeten Kommunalwahlen, Nationalismus, PiS-Partei, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel