Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

70 Joer Gënzefest zu Wolz
International Neiegkeeten

70 Joer Gënzefest zu Wolz

Um Päischtméindeg war an alle Gaassen eppes weider lass: zum

Bëschführerschäin 2020: Wéi heemesch Bëscher bewirtschaft musse ginn
International Neiegkeeten

Bëschführerschäin 2020: Wéi heemesch Bëscher bewirtschaft musse ginn

Wann Holz laangfristeg regional genotzt gi soll, da mussen och

Italien huet seng politesch Kris
International Neiegkeeten

Italien huet seng politesch Kris

Eigentlech wollt den italieneschen Inneminister Matteo Salvini scho gëschter d‘Regierung

Oppositioun ka sech bei Kommunalwahlen an Ungarn behaapten

Oppositioun ka sech bei Kommunalwahlen an Ungarn behaapten

A villen ungaresche Groussstied huet déi faschistesch Fidesz vum Viktor Orban de „Kierzere gezunn. An der Haaptstad Budapest huet d‘Oppositioun, déi dës Kéier „vereent“ ugetruede war, hire Kandidat duerchgesat kritt. Ob dat schonn duer geet fir ee politesche Wiessel erbäizeféieren?

Den Duerchbroch vun der Oppositioun bei de Kommunalwahlen an Ungarn, gëtt vun der Victoire vum Gergely Karacsony, dee mat 50,6% vun de Stëmmen neien Uewerbuergermeeschter vu Budapest gëtt, ënnerstrach. Säi „Virgänger“, den Istvan Tarlos (Fidesz) konnt awer nach 44,3% vun de Stëmmen op sech zéien. E Resultat dat sech och an de Stadbezierker widderhëlt.

Ungarn

Eng „gutt Minn zu schlechtem Spill“ och dat kann de Viktor Orban. Dat erkläert ënnert anerem, firwat déi „chrëschtlechsozial Fraktioun am Europaparlament“ (EPP) d‘Faschisten an hire Reien dulden.

Esou konnten d‘Kandidate vun der Oppositioun 13 vun den 23 Stadbezierker fir sech gewannen. Dat heescht datt am Stad-Rot vu Budapest (deen net direkt gewielt ass) d‘Oppositioun sech elo op 18 Mandater, géint 14 fir d‘Fidesz, stäipe kann. Dat dierft dem Viktor Orban guer net gefalen.

Och soss sinn et der op d‘Ouere ginn

D‘Oppositioun hat sech bei dëse Kommunalwahle fir de „breede Konsens“ entscheet an och déi sougenannten Zivilgesellschaft mat an d‘Boot geholl. Den zukünftege Uewerbuergermeeschter vu Budapest, Gergely Karacsony, entspréngt der gréng-liberaler „Dialog fir Ungarn“ (PM).

Eigentlech en „Zwerg“ an der ungarescher politescher Landschaft, war de Gergely Karacsony 2014 mat der Ënnerstëtzung vun de Sozialisten (MSZP) Bezierksbuergermeeschter vun Zuglo ginn. An dat huet seng Friichte gedroen. Iwwer Budapest eraus hunn dës „Allianzen“ a ville Groussstied sech behaapte kënnen: zu Eger, Miskolc, Szombathely a Pecs sinn d‘Faschisten ofgewielt ginn.

Ungarn

Mat enger Wahlbedeelegung ënner 50% fält et engem schwéier ze behaapten, d‘Ungarn hätten esou eppes wéi „Demokratieverständnis“.

Um Wahlowend huet de Gergely Karacsony seng Victoire als „historesch fir Budapest“ bezeechent, mat där et elo de Bierger sollt méiglech sinn, sech hir Stad nees unzëeegnen. Hie wëll Budapest an dat 21. Joerhonnert an, an d‘Mëtt vun Europa leeden. Transparent, solidaresch a gréng soll se ginn.

Eng „kal Dusch“ fir déi brong Horden

Den Ausgank vun de Kommunalwahlen dierft bei der Fidesz wéi eng „kal Dusch“ empfonnt gi sinn an de Viktor Orban mécht kee gudden Androck. Sécher, hien huet wéi et sech generell an der Politik agebiergert huet, déi „Néierlag“ anescht bewäert an d‘Faschiste bleiwe stäerkste Kraaft am Land.

Woubäi d‘Fidesz sech eigentlech nach just an de ländleche Gebidder (mat grousser Ënnerstëtzung vun der Kierch) hale kann, do awer richteg massiv. De „Verloscht“ vu Budapest ass trotzdeem eng batter Pëll an de Viktor Orban huet der Oppositioun schonn emol eng Kooperatioun „ugebueden“. Dat dierft awer méi „Wonschvirstellung“ wéi eescht gemengte Politik sinn. An dat erkläert sech.

Ungarn

De Vizepresident vun der Fidesz, Lajos Kosa, hält eng Wahlbedeelegung vu manner wéi 50% fir en „zelebréiere vun der Demokratie“. Esou eppes ka wierklech nëmmen aus dem Kabinett vum Premierminister kommen…

An der Campagne haten d‘Faschisten domatter gedreet, datt déi Gemengen déi vun der Oppositioun iwwerholl géifen, keng Dotatioune vun der Regierung kréien. Dat mécht däitlech wéi d‘Fidesz ze regéiere gedenkt: ondemokratesch dofir autokratesch a mat méiglechst vill „Angscht“ an „Drock“.

mat indymedia/bud

Illustratioun: Mam Gergely Karacsony ka Budapest de politesche Wiessel ugoen. Trotzdeem sollt een d‘Determinatioun vun der Fidesz net ënnerschätzen. Si stellen d‘Regierung an kënnen zolidd Drock op d‘Gemengen an d‘Stied ausüben. © Index.hu

Ähnlech Sujeten Budapest, Fidesz, Gergely Karacsony, Kommunalwahlen, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel