Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steesel féiert de Weltbuchdag
Neiegkeeten

Steesel féiert de Weltbuchdag

Déi Steeseler Gemeng, zesumme mat der Steeseler Kulturkommissioun invitéieren am

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach
Neiegkeeten

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach

Well sech d’Star Tom Cruise beim Tournage vum sechsten Opus

dislike
Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?
Neiegkeeten

Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?

Wien an der Lescht op Netflix no eppes interessantem fir

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass

All Joer organiséieren d‘ASBL Natur an Ëmwelt, d‘Waasserwirtschaftsverwaltung, d‘Naturverwaltung an de Nationalmusée fir Naturgeschicht, d‘Assise fir d‘Natur. 2017 war de Rendez-vous an de Cape zu Ettelbréck verluecht ginn, wou sech 200 Leit mam Thema „Néi Weeër an der Kommunikatioun“ beschäftegt hunn.

En Thema dee vu ville Froe begleet gëtt an och an Zäite vun „alternative Fakten“ absolut Sënn mécht. Esou ass sech dann ee ganzen Dag laang Gedanke gemaach ginn, wéi een engersäits méi Begeeschterung ausléisen an anersäits wéi eng Kommunikatioun zu enger reeller Verännerung vum Verhale féiere kann.

Et ass sech och domatter ausenaner gesat ginn, op a wéi psychologesch Erkenntnesser zum Wëssen, der Astellung, mee och d‘Emotiounen an d‘Motivatioun, mat Erfolleg am Naturschutz agesat kënne ginn. Eng un a fir sech interessant Approche, besonnesch a Verbindung mat der Kommunikatioun. Woubäi hei ze bedenken ass, datt déi ënnerschiddlech Kommunikatiounsméiglechkeeten (Internet, Printmedien, Radio an Tëlee) differenzéiert Mëttel verlaangen.

Hei spillt dann och d‘Positioun vun den Administratiounen, Syndikater an Naturschutzorganisatiounen eng grouss Roll. Informéieren a sensibiliséiere gehéiert hei wuel zum Dagesgeschäft, mee d‘Méiglechkeete sinn ongläich verdeelt. Während Administratiounen iwwert fest Ressourcë verfügen, sinn se natierlech och duerch eng staark Reglementatioun ageschränkt.

Naturschutz

200 Participanten haten sech ee ganzen Dag am Cape zu Ettelbréck mat der Kommunikatioun an senge Méiglechkeeten zum Virdeel vum Naturschutz, mat Virträg a Workshops, beschäftegt. © natur&ëmwelt a.s.b.l.

Verhältnesméisseg „fräi“ an esou mat enger méi grousser Flexibilitéit ausstafféiert, d‘Syndikater an d‘Naturschutzorganisatiounen. Déi kënne schnell op d‘Aktualitéit reagéieren a besonnesch am Beräich vun de neie Medien (Blog/Sozial Netzwierker) hire Message schnell un d‘Communautéit weiderleeden.

Datt hir „Message“ net ëmmer gäre bei de Landwirt, Grondbesëtzer an aneren Interessegruppe gesinn oder gehéiert gëtt, huet oft wirtschaftlech Ursaachen. Wann et engersäits ëm d‘Geld an anersäits och ëm d‘Recht op Selbstbestëmmung geet, dann ass et wichteg richteg a gutt ze informéieren. Do ass een dann erëm bei der „Kommunikatioun“.

A vläicht grad well et bal onbegrenzt Méiglechkeete gëtt ze kommunizéieren, ass d‘Wierkung vun der Kommunikatioun net wierklech ze miessen. Iwwer Léisungen a Méiglechkeeten ass dann ee ganzen Dag bei Virträg an a Workshops nogeduecht ginn. Wat heibäi erauskomm ass, dat kann een am November op www.naturemwelt.lu eroflueden.

Ähnlech Sujeten Ettelbréck, Natur an Ëmwelt, Naturschutz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel