Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Éischt Sëtzung beim Mediateur
Neiegkeeten

Éischt Sëtzung beim Mediateur

Well sech d‘Direktioun vun der Cargolux strieft senge Mataarbechter e

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht
Neiegkeeten

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht

Nodeems duerch déi aktuell Kris vun der Covid-19-Pandemie Passagéierflich gestrach

money
D‘Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt den Eenzelhandel
Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt den Eenzelhandel

Wéinst dem Confinement iwwert den Zäitraum vum Etat de Kris,

Chamberwahlen: D‘Kommuniste stellen sech als konsequent Oppositioun op

Chamberwahlen: D‘Kommuniste stellen sech als konsequent Oppositioun op

Si wuel eng vun de klengste Parteien am Land, an awer och vun den eelsten. Rieds ass vun der KPL (Kommunistesch Partei Lëtzebuerg) déi dëse Weekend net nëmmen hiert Wisefest gefeiert huet, mee och d‘Kandidate fir d‘Chamberwahle virgestallt hunn.

Woubäi d‘Summerfest eigentlech dat vun der „Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek“, a säit iwwer 40 Joer datt eenzegt Pressefest zu Lëtzebuerg ass. Et ass ganz kloer eng politesch Manifestatioun, mat Ronndëschgespréicher, Virträg an Infostänn. Natierlech gëtt et och z‘Iessen an ze drénken, an esouguer un der kultureller Offer huet et net gefeelt.

Mam Bléck op d‘Chamberwahlen, war d‘KPL dann och beméit, grad beim Ronndëschgespréich, op Themen anzegoen, vun deene gewosst, datt se bei der Campagne dem Bierger ënnerschloe ginn. Um Wisefest ass et dann ëm „Krich a Fridde“ gaangen, an doriwwer debattéiert gi wéi et mat der NATO soll oder muss weidergoen. Eigentlech gëtt den Austrëtt aus dësem Veräi gefuerdert.

An et ass net verkéiert, wann d‘KPL mam Fanger op d‘Volleksparteie weist, vun deene gewosst ass, datt si keng Alternativ zur Militärallianz gesinn. Volleksparteien déi sech net ze schued wieren, rekordverdächteg Budgeten ze stëmmen an op eng „europäesch Militärmuecht“ zousteieren. Geld dat beim Kampf géint Aarmut a Sozialofbau feelt, an och soss besser agesat gehéiert.

“Deng Stëmm fir eng konsequent Oppositioun – Wiel d’Kommunisten”

Mat dësem Slogan gëtt d‘KPL an de Wahlkampf, dat allerdéngs nëmmen am Süden an am Zentrum. An d‘Equippe ronderëm déi 2 Spëtzekandidaten (Aly Ruckert, Süden; Jean-Marie Jacoby, Zentrum) schénge gutt opgestallt a bereet, fir déi zwee Mandater déi ee sech erhofft, ze kämpfen. Et lount sech dann och nozelauschteren, et geet vill Interessantes gebueden.

D‘Kandidaten am Zentrum sinn: Jean-Marie Jacoby (Spëtzekandidat) 63 Joer jonk, vu Bouneweg, Journalist, Sekretär vum Hollerecher Interesseveräin a Member vum Verwaltungsrot vun der USILL, dem Daachverband vun de Stater Interesseveräiner, Member vum Exekutivrot vun der Weltunioun vun de Fräidenker. Carole Bestgen (41), Privatbeamtin, Déifferdeng. Manuel Casanova (58) Pensionéiert, Esch-Uelzecht. Manuela Castellano (47), Vendeuse, Lëtzebuerg. Romy Goulleven (63) Beamtin, Zolwer. Quique Guerrero (39) Architekt, Lëtzebuerg. Nicolas Hemmer (66), Pensionéiert, Batreng. Patrick Kirchesch (26), Feimechaniker, Lëtzebuerg. Alex Martins (23), Metzler, Hesper. Serge Matagne (39), Eisebunner, Rëmleng. Léo Ntabala (55), Sécherheetsagent, Lëtzebuerg. Marco Ourth (48), Invaliderent, Lëtzebuerg. Giulio-Enrico Pisani (74), Schrëftsteller, Lëtzebuerg. Guido Raman (68), Pensionéiert, Lëtzebuerg. Marie-Jeanne Reckinger (69), Pensionéiert, Lëtzebuerg. Sonja Reckinger (35), Kënschtlerin, Lëtzebuerg. Steve Richer (33), Beamten a Museker, Esch-Uelzecht. Getrud Ruckert (64), Comptabel a Member vum Verwaltungsrot vun der „Union des Femmes Luxembourgeoises“, Déiferdeng. Nicole Schweich (52), Aide-Soignante, Esch-Uelzecht. Sandra Vibi (48), Maschinneschlësserrin, Déifferdeng. Roland Wolf (52), Installateur, Lëtzebuerg.

D‘Kandidaten am Süde sinn: Aly Ruckert (Spëtzekandidat) 63 Joer jonk vun Uewerkuer, Chefredakter vun der Zeitung, Conseiller am Déifferdenger Gemengerot a President vun der KPL. Madeleine Antony (60) Pensionéiert, Schëffleng. Christophe Bartz (31), Aarbechter a President vun der kommunistescher Jugend (JCL), Rodange. René Cavallini (63), Pensionéiert a Museker, Déifferdeng. Irène Bigler (62) Pensionéiert, Nationalpresidentin vun der „Union des Femmes Luxembourgeoises“ a Member vum Fraen-Nationalrot, Uewerkuer. Marcel Felten (64) Pensionéiert a President vun der Sektioun Kordall beim OGBL, Schengen. Gilles Fischbach (26), Conseiller, Peppeng. Sara Liber (21), Kënzeg. Jessica Lobo (35), Privatbeamtin, Esch-Uelzecht. Claudine Muno (46), Stilistin, Déifferdeng. Elise Nunes (20), Studentin a Musekerin, Péiteng. Edmond Peiffer (71), Pensionéier, Rëmeleng. Sandra Peltier (27), Educatrice, Rëmeleng. Nadine Pizzaferri (30), Privatbeamtin, Téiteng. Georgette Schweich (47), Beamtin, Schëffleng. Gilbert Simonelli (67), Journalist, stellvertriedende Chefredakter vun der Zeitung, Vizepresident vun der KPL, Esch-Uelzecht. Patrick Simonelli (44), Kiné, Esch-Uelzecht. Mirko Spitoni (33), Eisebunner, Suessem. Liette Thekes (62), Aide-Educatrice, Lénger. Edoardo Tiberi (48), Jurist a Generalsekretär vum Lëtzebuerger Rentner- an Invalideverband (LRIV), Nidderkuer. Luc Vibi (35), Aarbechter, Uewerkuer. Marceline Waringo (53), Vendeuse, Esch-Uelzecht. Vera Wotipka (24), Grafikerin, Esch-Uelzecht.

Ähnlech Sujeten Aly Ruckert, Chamberwahlen 2018, Jean-Marie Jacoby, Kommunisten, Wisefest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel