Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn
Meenung Neiegkeeten

consumer affairs online dating sites

An de leschte Méint vun der Campagne zur Presidentschaft an

dating chat rooms uk free
Meenung Neiegkeeten

Nom Drock vu Bréissel stoppt Rumänien d‘Justizreform

Zanter Méint huet déi rumänesch Regierung de kalen Otem vun

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)
Meenung Neiegkeeten

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)

D‘Eisebunn (CFL) ass – wéi de Minister fir Verkéiersonsécherheet a

Vill Theme goufen haart ugeschwat

Wat eis 2020 aus der Siicht vun der Kommunistescher Partei sollt e gesellschaftlechen Debat wäert sinn

Vill Theme goufen haart ugeschwat

D‘KPL ass net kleng ze kréien an si hëlt hire Rôle als ausserparlamentaresch Oppositioun dann och entspriechend eescht. Et ass wuel och net esou, datt ee sech misst mat allem averstanen erklären, et ass awer scho wichteg de Message vum Aly Ruckert a senger Integralitéit gelies ze hunn, a vläicht erkennt een dann, firwat et gutt wier, wann och si an der Chamber vertruede wieren.

D‘Ried vum KPL-President Aly Ruckert

„Wa mir op d‘Joer 2019 zréckblécke muss mir feststellen, datt d‘Welt net méi gerecht ginn ass, et net manner Kricher goufen, d‘Ausbeutung net méi kleng ginn ass. D‘Zerstéierung vun der Natur ass weidergedriwwe ginn an d‘Klimafro huet sech zougespëtzt.

D‘Kris vum Kapitalismus huet a ville Länner an a muenche Beräicher méi schaarf Formen ugeholl. Et ass eng sozial, wirtschaftlech, politesch, ekologesch a gesellschaftlech Kris an et weist sech ëmmer méi, datt dëse System weder an der Lag nach Wëllens ass, déi grouss Problemer, déi sech haut stellen, ze léisen.

Och an der Fro vum Klima, déi am vergaangene Joer dacks am Mëttelpunkt gestanen huet, weist sech dat. Déi dramatesch Klimaverännerungen, déi mir haut erliewen, hunn eben net nëmmen eppes mat der Sonnenaktivitéit an där hir Auswierkungen op eise Planéit ze dinn, ma déi séier Erhéijung vun der Temperatur a relativ kuerzer Zäit, sinn op déi ekonomesch Aktivitéiten an d‘Liewensweis vun de Mënschen zréckzeféieren a kënnen dofir och vum Mënsch beaflosst a korrigéiert ginn.

Kommunistescher Partei

Et ass keng „verstëbste“ Partei wéi ee fälschlecherweis kéint unhuelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Esou eng Kurskorrektur gëtt bis haut als iwwerflësseg duergestallt, erausgezunn a verhënnert, well si mat den Interesse vun de grousse Konzerner a Finanzgesellschafte kollidéiert, déi d‘Réckgrat vum Kapitalismus sinn an déi op der Juegd nom maximale Profit op keen an näischt Récksiicht huelen, och net op d‘Natur an d‘Ëmwelt.

Néierens gouf dat besser formuléiert wéi an engem Zitat, dat als Randnotiz am „Kapital“ (Karl Marx) ze fannen ass an wou et heescht:

‚Das Kapital hat einen Horror vor Abwesenheit vun Profit oder sehr kleinem Profit, wie déi Natur vor der Leere. Mit entsprechendem Profit wird Kapital Kühn. 10% sicher und man kann es überall anwenden; 20%, es wird lebhaft; 50%, positiv waghalsig; für 100% stampft es alle menschlichen Gesetze unter seinen Fuss; 300% und es existiert kein Verbrechen, das es nicht riskiert…‘

Dës Feststellung ass haut, méi wéi 150 Joer nom erschénge vum 1 Band vum Kapital nach ëmmer aktuell.

D‘Amëschung vun den USA, vun der EU a vun eenzelen EU-Länner an Afrika, a Latäinamerika an am Noen Osten, fir do déi lokal Ressource fir Konzerner militäresch ofzesécheren, fortschrëttlech Entwécklungen an de Länner ze stoppen an zréckzedréinen, neokolonial Ofhängegkeeten ze schafen ass staark gewuess, an den Drock vun den USA an der NATO op Russland hëlt weider zou, wat och duerch ee fir 2020 geplangte Groussmanöver un de russescher Grenz, mat 37.000 US-Zaldoten an der Bedeelegung vu wiedere 16 NATO-Länner a vu Finnland a Georgien zum Ausdrock kënnt.

D‘Provokatioune vun den USA hunn net nëmmen d‘Form vu Wirtschaftssanktioune géint eng ganz Rei vu Länner a vun engem Handelskrich mat China ugeholl – wat sech ganz negativ op déi ekonomesch Entwécklung an der ganzer auswierkt – ma si riskéieren och duerch déi jéngst mäerderesch Aktioune géint den Iran zu enger Eskalatioun am Noen Osten an iwwer kuerz oder laang zu engem neie Krich ze féieren, deem seng katastrophal Auswierkungen net ofzegesi wieren.

An de Länner vun der europäescher Unioun hunn d‘Widderspréch sech weider entwéckelt. Net nëmmen tëscht den eenzele Länner, an deenen déi verschidden Interessevertrieder vu Kapitalgruppen ënnerschiddlech ekonomesch a politesch Virstellungen hunn, net nëmme wéinst dem Brexit, deen 2020 Realitéit wäert ginn, ma besonnesch well duerch d‘Politik vun der Ëmverdeelung zugonschte vum Grouss- a Finanzkapital an deene Räichen, d‘Ongerechtegkeeten ëmmer méi grouss ginn an onerhéierte Räichtum a batter Aarmut ëmmer méi krass Formen unhuelen, während d‘Rëschtungsausgabe regelrecht duerch de Plafong ginn.

Mee et gëtt och Widderstand géint Ausbeutung a sozialen Ofbau, och wann dës Entwécklung dacks widderspréchlech an ouni kloer Ausriichtung ass an net iwwerall déi selwecht Ausmoossen ugeholl huet.

Ganz Gespaant kucke mir jiddefalls op eis franséisch Noperen. Do ass et fir d‘Éischt zu staarken Erschütterunge komm, ervirgeruff duerch déi „Giel Gileten“, wat eng Beweegung ass, déi duerch hir Zesummesetzung an Aktiounsformen anescht ass, wéi déi Protestbeweegungen, déi ee bis dohinner kannt huet an déi de Macron – de President vun de Räichen – un d‘Schweesse bruecht huet.

Kommunistescher Partei

De KPL-President Aly Ruckert huet – wéi een dat vun him gewinnt ass – nees de Fanger an d‘Wonne vun der Aktualitéit geluecht. © Martine de Lagardère/moien.lu

An der Tëscht ass déi sozial Fro an déi organiséiert Aarbechterbeweegung, vun där gesot gouf, se géif der Vergaangenheet ugehéieren an et géif se haut net méi ginn, zréck an de Mëttelpunkt geréckelt ginn: dat mat de Protester an de Streike géint dem Macron seng Rentereform, déi en däitleche soziale Réckschrëtt als Folleg hätt, wann se duerchgesat géif ginn. Net méi Spéit wéi dësen 9. Januar hunn op en Neits 850.000 Mënsche manifestéiert.

Ech wëll op alle Fall hei am Numm vun de Lëtzebuerger Kommunisten de franséische Gewerkschaften a besonnesch der CGT mat hirem President Philippe Martinez, den néidegen Erfolleg an dëser Saach wënschen an ech hoffen, datt de PCF an aner lénks Kräften am Frankräich dorausser déi richteg Léieren zéie fir dat politescht Rudder an Zukunft kënnen ëmzegeheien a gréisser gesellschaftlech Changementer erbäizeféieren, déi dem déiwe Bedierfnes vun de schaffende Leit no sozialer Gerechtegkeet an engem gudde Liewen entspriechen.

An dat wier och noutwenneg, well déi ongerecht gesellschaftlech Verhältnisser reproduzéieren sech iwwerall do, wou de Privatbesëtz un de Produktiounsmëttel besteet a wou d‘Finanzkapital an d‘Konzerner hir Profitinteressen op Käschte vun allen anere Volleksschichten a Klassen duerchsetzen.

Zu Lëtzebuerg ass dat grondsätzlech net anescht, mee hei déi wou regéieren nach méi Spillraum fir Ausbeutungsverhältnisser ze verschleieren an d‘Profitter ze garantéieren. A si sinn net – esou wéi dat an anere Länner de Fall ass – op massive Sozialofbau, rabiat Methoden a Gewalt ugewisen. Si kënnen sech dat opgrond de finanzielle Verhältnisser nach leeschten, kleng ‚Bommen‘ iwwert de Staatsbudget ze verdeelen, sief dat am fiskale Beräich oder beim Mindestloun, wou bekanntlech de gréissten Deel vun der Upassung net vun de Patrone bezuelt gouf.

Och hei zu Lëtzebuerg sinn 2019 d‘Ongläichheete méi grouss ginn an d‘Haaptursaach fir d‘Wuesse vun dësen Ongläichheeten, berout op der ongerechter Akommesverdeelung tëscht dem Kapital an der Aarbecht. Déi Räich si méi Räich ginn, an déi Aarm méi aarm.

Ëmmer méi Mënsche sinn zu Lëtzebuerg dem Aarmutsrisiko ausgesat. 10% vun de Männer a Fraen déi schaffen, sinn aarm. 40% vun alle Jonken am Alter tëscht 15 a 24 Joer hunn an der Tëscht nëmmen nach zäitlech begrenzt Aarbechtsverträg an ronn 30% vun de Menagen dinn sech schwéier um Enn vum Mount nach iwwer d‘Ronnen ze kommen.

Dat huet a ville Fäll och domatter ze dinn, datt Wunnen onbezuelbar ginn ass, während d‘Spekulanten am Logementsecteur gewäerde gelooss ginn, jo nach deels steierlech derzou ermontert ginn, während Staat a Gemengen net genuch bezuelbare Wunnraum schafen.

Kommunistescher Partei

Et gouf opmierksam de Wierder vum KPL-President nogelauschtert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat alles ass keng Naturerscheinung, ma am wesentlechen eng Folleg vu politeschen a wirtschaftlechen Entscheedungen, déi am Interessi vum Kapital an deene Räiche getraff ginn. Woubäi et ze verännere wier, virausgesat déi Mënschen, déi dat änner wëllen, setzen sech energesch dofir an et méiglech ze maachen.

An den Ae vun der Kommunistescher Partei ass dat eng vun Erausfuerderungen, déi sech de Lounofhängegen 2020 stelle wäert.

Et geet ëm d‘Verdeelung an d‘Erhéijung vun der Kafkraaft, mee och generell ëm d‘Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de schaffende Leit an de Rentner. Et sinn si déi drënner ze leiden hunn, wann sech d‘Regierung weigert de Mindestloun an d‘Mindestrent ze erhéijen, d‘Familljenzoulagen un d‘Präisentwécklung unzepassen, de Loyer ze deckelen oder méiglechst zügeg de benéidegte Wunnraum ze schafen.

Aus dësem Grond huet d‘KPL en Drénglechkeetsprogramm ausgeschafft, dee si 2020 nach wäerte preziséieren a zum gesellschaftlechen Debat brénge wëllen. Zudeem soll un der Verbreedung a Verwierklechung vun dësem Drénglechkeetsprogramm geschafft ginn.

Doranner ass ënnert anerem enthalen:

  • d‘Erhéijung vum Mindestloun ëm 14%;
  • d‘Erhéijung vun der Mindestrent op 2.000 Euro;
  • d‘Erhéijung an déi automatesch Upassung vun de Familljenzoulagen un d‘Liewenshaltungskäschten;
  • déi automatesch Upassung vun de Steiertabellen un d‘Inflatioun;
  • de Bau vu 5.000 bezuelbare Wunnenge pro Joer duerch de Staat an d‘Gemengen;
  • e Stopp vun den Hausse beim Loyer während zwee Joer;
  • eng gesetzlech Verankerung vun der 35Stonnewoch ouni Lounverloscht;
  • eng méi héich Besteierung vun de Groussbetriber, Banken a Finanzgesellschaften;
  • d‘Aféierung vun enger Spekulatiounssteier vu 5% op all Grondstécker, déi als Spekulatiounsobjet kaf goufen an zanter Joren zréckgehale ginn.

Et geet awer och drëms, am Betrib Verschlechterungen ze verhënneren a méi héich Léin a besser Aarbechtskonditiounen duerchzesetzen an domatter den Undeel vum geschafene Méi-Wäert, deen déi schaffend Leit kréien, ze erhéijen.

Déi Kommunistesch Partei ënnerstëtzt all d‘Gewerkschaften aus dem Privatsecteur an dem ëffentlechen Déngscht, déi sech fir besser a méi Kollektivverträg, an am ëffentlechen Déngscht fir ee verbessert Gehälterofkommes asetzen. An d‘Kommunisten, kënnen d‘Gewerkschaften nëmmen ermontere verstäerkt zesummenzeschaffen, esou wéi dat a jéngster Vergaangenheet schonns de Fall war.

Kommunistescher Partei

Fir den David Angel, Zentral-Sekretär vum OGBL fir den Eenzelhandel, ass kee Widdersproch datt Parteie gewerkschaftlech Themen ophuelen an/oder begleeden. D‘Roll vun der KPL wier eng wichteg an den Asaz vun de Memberen an der Gewerkschaft, géif ëmmer vun enger gewësser Expertise begleet. D‘KPL ass dann och ee ganz agreabele Support, beispillsweis am Sträit mam Cactus. © Martine de Lagardère/moien.lu

Direkt am neie Joer wäerten déi Beschäftegt vum Cactus – fir nëmmen dëst Beispill ze nennen – genee dat weider versichen. Den 20. Januar ginn d‘Verhandlungen an de Protest weider. Hinne gëllt eis Solidaritéit, well et kann net sinn, datt op där enger Säit d‘Aktionären sech während Jore Rekordbeneficer an d‘Täsch stiechen, vun de Steierkaddoe vun der Regierung profitéieren, während op där aner Säit iwwer 3.000 Beschäftegt d‘Grimmele vrun d‘Féiss geworf kréien. Domatter muss elo Schluss sinn a wat fir de Cactus gëllt, muss och fir all aner Entreprise gëllen.

Zu de weideren Erausfuerderung vun 2020, gehéiert awer och, datt muss verhënnert ginn, datt d‘Regierung de Klimawandel als Virwand notzt, fir d‘Léisungen um Bockel vum Salariat an de Rentner duerchzesetzen, während d‘Kapital nees eng Kéier soll verschount ginn an domatter d‘Ongläichheeten tëscht Kapital an Aarbecht weider bestoen an esouguer nach wuesse géifen. Dat wäert och an engem anere Beräich, nämlech der Digitaliséierung de Fall sinn, wann nees just nom Patronat gekuckt gëtt.

An anere Wierder, amplaz Kapitalismus, grénge Kapitalismus mat der selwechter Ausbeutung vun ënnen no uewen. A genee dat ass et wat mir net brauchen! Esou d‘Entscheedung d‘Accisen um Bensin an Diesel ze erhéijen a fir 2021 eng CO²-Steier unzekënnegen, ouni datt et och nëmmen ee Wuert zu méigleche soziale Kompenséierunge gesot ze hunn.

2020 geet et awer och drëms, verstäerkt d‘Militärpolitik vun der Regierung an d‘Rekordausgabe fir d‘Oprëschtung unzeprangeren an däitlech ze maachen, datt et net am Sënn vun de schaffende Leit zu Lëtzebuerg ass, wann d‘Regierung vun engem Land an deem vill Mënschen aarm, oder engem Aarmutsrisiko ausgesat sinn, vill Jonker keng Formatioun hunn, nach méi Fraen a Männer ouni Schaff sinn an 10.000 Wunnenge feelen, wiedert Steiergeld fir d‘Oprëschtung verpolvert gëtt.

Sief et datt sech un der Moderniséierung vun den AWACS-Fligere vun der NATO – déi bekanntlech ënnert Lëtzebuerger Pavillon fléien – sech um Kaf vun Tankfliger bedeelegt, Helikopter an Drone kafe wëll an dann och nach gewëllt ass bis zu 90% vun de Käschte fir d‘Moderniséierung vum Militärlager zu Suessem ze iwwerhuelen.

Sief et och, datt nees eng Kéier op Uerder vun de Krichsdreiwer an den USA, Lëtzebuerger Zaldoten un déi russesch Grenz geschéckt ginn, fir ënnert däitschem Kommando beim Manöver ‚US Defender Europe 2020‘ matzemaachen an deen eenzeg zum Zweck huet Russland ze provozéieren. Dat ass alles wéi just keng Politik vu Fridden, Ofrëschtung a Versteesdemech,fir déi sech déi Kommunistesch Partei asetzt.

Dat alles weist eis, datt eng staark kommunistesch Partei gebraucht gëtt an datt mir 2020 Mëttel a Weeër sich a fanne mussen, fir d‘KPL ze stäerken, fir datt si hiren Asaz fir soziale Fortschrëtt, Klimagerechtegkeet, Fridden a grondleeënd gesellschaftlech Verännerunge weiderféiere kann. (…)

Kommunistescher Partei

Nieft villen aneren, stoungen d‘Vertrieder vun der CGFP an der ULC an der éischter Rei. De Beweis eigentlech, datt ee wuel net alle Meenung muss matdroen, et awer vill Iwwerschneidunge gëtt, wat déi gesellschaftlech Ausriichtung vum Land betrëfft. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat mir brauchen ass ee Wirtschaft- a Gesellschaftssystem deen net nëmmen dem Profitstriewe vun enger klenger Minoritéit déngt an d‘Welt futti mécht, mee deen d‘Bedierfnesser vun der grousser Majoritéit vum Vollek erfëllt an d‘Welt fir eis an déi zukünfteg Generatioune liewenswäert mécht.“.

Wéi gesot et muss een hei net mat allem averstane sinn, et léisst sech awer och net bestreiden, datt villes den ëffentlechen Debat animéiere sollt. Vum „éiwege“ Wuesstem ouni deen et anscheinend net géif goen awer nëmmen enger Elite de Benefice bréngt, oder dat wat ee scho bal als Virbereedung op en handfeste Konflikt muss betruechten. An natierlech déi noutwenneg Verbesserungen um Wunnengsmaart wéi och beim Akommes, ganz besonnesch bezunn op déi niddreg Kléin.

Foto: Soziale Fortschrëtt, Klimagerechtegkeet, Fridden a grondleeënd gesellschaftlech Verännerungen… dat sinn déi Themen déi de Programm 2020 vun der KPL beherrsche wäerten. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, Politesche Programm 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel