Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf
International Money Neiegkeeten

Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf

Netflix wëll am Joer 2018 insgesamt 8 Milliarden Dollar an

crying
Feelt et um politesche Wëllen fir den Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen?
International Money Neiegkeeten

Feelt et um politesche Wëllen fir den Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen?

Bei déi Lénk ass de Sujet „Aarmutsbekämpfung“ deel vum Programm.

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk
International Money Neiegkeeten

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk

„De Wanter kënnt, kaf der Buch“ sot ee mer an

money

EU-Kompromëss zum Entsendegesetz ass (k)eng Victoire fir de Macron

EU-Kompromëss zum Entsendegesetz ass (k)eng Victoire fir de Macron

D‘Aarbechtsminister aus der EU hunn no laange Verhandlungen um Méindegowend zu gudder Lescht dann awer nach e Kompromëss zur Reform vun Entsendegesetz fonnt. Aus der Siicht vu Frankräich, där dësen Dossier um Häerz läit, eng gutt Léisung fir Europa.

„Et ass eng fundamental Etapp fir e neit Vertrauen zu Europa opzebauen“, begréisst den Elysée dësen Accord, dee vum President Emmanuel Macron zumindest initiéiert ginn ass. Hien hat sech heimatter allerdéngs net nëmme Frënn gemaach. Besonnesch am Osten huet de Gedanken vun enger Reform keen Zousproch fonnt, a bei de Polen schonn emol guer net.

An et huet zu Lëtzebuerg dann och ganzer 12 Stonne gebraucht, fir ze verhandelen an ze iwwerzeegen. Déi franséisch Aarbechtsministesch Muriel Pénicaud huet sech dann um Enne awer iwwert eng Majoritéit dierfe freeën. „D‘Ofstëmmung ass kee Broch tëscht Westen an Osten. Et geet haut weder Verléierer nach Gewënner. Gewonnen huet Europa“.

Ënnert den 28 EU-Länner hunn sech dann och nëmme véier géint den Accord ausgedréckt: Polen, Ungarn, Lettland a Litauen. Dräi hunn sech enthalen: Groussbritannien, Irland a Kroatien. All déi aner hunn den Text wéi virgeluecht ugeholl.

Net de Kompromëss vun den Häerzer

E vun de „Knackpunkter“ war d‘Zäit déi en Aarbechter aus dem (EU-)Ausland am Land dierf schaffen obwuel hie weider am Heemechtsland kotiséiert. Op dësem Punkt sinn sech d‘Minister eens ginn, an hunn sech 12 Méint festgeluecht (esou wéi dat vu Frankräich gefuerdert war) mat der Méiglechkeet ëm 6 Méint ze verlängere.

Och am Transportsecteur huet Frankräich Plomme gelooss. Hei waren et d‘Länner vum Visegrad-Grupp (Polen, Ungarn, Tschechien an d‘Slowakei) mee och Spuenien a Portugal, déi sech Suerge gemaach hunn. Déi negativ Konsequenze vun der Reform treffen direkt d‘Chauffeuren aus dëse Länner. Hei ass een sech dann eens gi fir d‘Chauffeuren déi al Direktiv aus dem Joer 1996 unzewennen. Dat soll dann och esou bleiwe bis et eng nei, eng reforméiert Direktive just fir den Transportsecteur gëtt.

Alles an allem, elo wou een sech „eens“ ass, muss een sech awer vrun Aen halen, datt dës Reunioun virun allem en Test vun der Verhandlungsmethod vum Emmanuel Macron innerhalb der EU war. Ëmmerhi war dësen Dossier eng vu senge Prioritéiten. Iwwerhaapt war d‘Entsendegesetz an senger Campagne zur Presidentschaft ee vun de Schlësselpunkten.

Gläichheet, oder wat een dorënner wëll verstoen

An der initialer Propose zur Reform, déi am Mäerz 2016 virgestallt gi war, hat d‘EU-Exekutiv virgeschloen den Zäitraum wou am Ausland dierf geschafft ginn, op 24 Méint festzeleeën. Dobäi ass dat eigentlecht Zil, déi selwecht Pai fir déi selwecht Aarbecht op der selwechter Aarbechtsplaz ze erhalen.

Laut der Direktiv vun 1996, sollten déi detachéiert Aarbechter nëmmen de gesetzleche Mindestloun zougesot kréien, deen am Land wou se d‘Aarbecht verriichte virgesinn ass. Allerdéngs hat sech hei mat der EU-Osterweiderung 2004 eng Schéier opgedoen. Dat am Zesummenhang mat de niddrege Léin a méi niddrege Liewenskäschten. Mir ware beim sozial Dumping ukomm.

Mat der Revisioun vun der Direktiv, sinn all d‘Reegele fir déi lokal beschäftegt Aarbechter automatesch och fir déi „detachéiert“ gülteg. Wann also zum Beispill d‘Bestëmmungsland eng Primm virgesäit wann et kal ass, fir d‘Anciennetéit oder just en 13. Mount, da muss den detachéierten Aarbechter déi och erhalen.

mam Céline Prioux/AFP

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Entsendegesetz, Europa
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    2

  • Cry

    0

  • Angry

    1

  • WTF

    7

  • Crazy

    2

  • Love

    0