Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ZZ TOP an der Rockhal – Déi Bäerteg mat der Gittar!
Uncategorized

ZZ TOP an der Rockhal – Déi Bäerteg mat der Gittar!

Gëschter Owend sollt de Concert vun den alen Häre mat

dislike
De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien
Uncategorized

De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien

De fréiere President vun der autonomer spuenescher Provënz Katalounien, Carles

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3
Uncategorized

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3

Lëtzebuerg huet vill kleng a grouss Uertschaften. Mee et weess

Konditioune Gewënnspill Auto-Cross Helleng 2019

Wien dierf deelhuelen?

Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famillen sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.

Zäitraum vum Gewënnspill

De Concours fänkt Dënschdes, den 30. Juli 2019 um 12:00 Auer un an hält Donneschdes, den 1. Juli um 18:00 Auer op.

De Präis

Verloust ginn 3 x 2 Entréën fir den internationalen Auto-Cross zu Helleng.

Wéi kann ee gewannen?

Besicht eis Säit op Facebook a gitt Fan vu Moien. Sot eis uschléissend an de Kommentarer wéi laang d’Streck vum Auto-Cross zu Helleng ass. Markéiert déi Persoun, mat där Dir gären op d’Course zu Helleng goe wëllt. D’Deelen an/oder Liken vum Gewënnspill ass kee Muss, mee gären gesinn.

Wéi a wéini gëtt de Präis ausgeloust?

D’Gewënnspill gëtt en Donneschdeg um 20:00 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 3 x 2 Persounen. Fir eng fair Auslousung ze garantéieren gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Auslousung gëtt als Beweis op Facebook, wéi och um Site gepost.

Wéi gëtt de Gewënner kontaktéiert?

De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert. D’Gewënner erhalen den Ticket an elektronescher Form, den Numm gëtt als Sécherheet awer nach emol an de Keesen hannerluecht.

Wat geschitt, wann de Gewënner sech net mellt?

Sollt de Gewënner bis zum 2. Juli 2019 um 14:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.

Wien organiséiert d’Gewënnspill?

D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.

Dateschutz

Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. De Gewënner verflicht sech, eis seng Kontaktinformatiounen fir d’Verschécke vum Präis mat ze deelen. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op de Social Media Kanäl (Instagram a Facebook) verëffentlecht.

Virbehalungsklausel

Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflossen kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.

Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss

D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.

Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel

Nächsten Artikel Virrechten Artikel