Search

You may also like

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen
Uncategorized

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen

D‘Service vun der Post sollten op dësem Dënschdeg nees „normal“

Krus de mat? De Wochequiz!
Uncategorized

Krus de mat? De Wochequiz!

[onionbuzz quiz-id=26][/onionbuzz] Sech alles ze verhale, wat esou an enger

dislike
Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel
Uncategorized

Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel

Um Donneschdeg ass den israeleschen Ambassadeur an der Tierkei gebiede

Konditioune Gewënnspill “Live aus dem Parc”

Wien dierf deelhuelen?

Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famille sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.

Zäitraum vum Gewënnspill

De Concours fänkt Freides, den 10. Juli um 12:00 Auer un an hält Mëttwochs, den 15. Juli 2020 um 18:00 Auer op.

De Präis

Verloust ginn Sëtzplazen fir d’Concertsrei am Kader vun „Live aus dem Parc“ zu Mäertert. Ze gewanne ginn et 1 x 2 Sëtzplaze fir den Optrëtt vum Remo Cavallini um 17. Juli 2020, an 1 x 2 Sëtzplaze fir den Optrëtt vum Steven Pitman um 18. Juli 2020.

Wéi kann ee gewannen?

  • Gitt Fan vu Moien.lu;
  • Hannerloosst een „Domm erop“ beim Beitrag vum Gewënnspill;
  • Deel eis mat, wéi ee Concert Dir wellt gesinn;
  • Markéiert déi Persoun, déi Dir op de Concert mathuele wëllt;
  • Deelen ass kee Muss, awer gäre gesinn.

Wéi a wéini gëtt de Präis ausgeloust?

D’Gewënnspill gëtt e Mëttwoch, den 15. Juli 2020 um 18:00 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 2 Persounen, déi da jeeweils hir Begleedung mathuele kënnen. Fir eng fair Auslousung ze garantéiere gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Gewënner ginn op Facebook, wéi och um Site gepost.

Wéi gëtt de Gewënner kontaktéiert?

De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert. D’Nimm vun de Gewënner ginn un d’Organisateure vum „Live aus dem Parc“ weider ginn an, an der Keess hannerluecht.

Wat geschitt, wann de Gewënner sech net mellt?

Sollt de Gewënner bis Donneschdes, den 16. Juli 2020 um 14:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.

Wien organiséiert d’Gewënnspill?

D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.

Dateschutz

Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op Facebook verëffentlecht.

Virbehalungsklausel

Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflosse kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.

Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss

D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.

Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel

Related topics 2020, Concert, Gewënnspill, Konditiounen, Live aus dem Parc, Mäertert, Remo Cavallini, Steven Pitman
Next post Previous post