Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rambazamba fir d‘Ursula
my ex is dating someone else but wants to be friends

Rambazamba fir d‘Ursula

Da mengs de du häss alles am Grëff, an da

duo matchmaking lawsuit
my ex is dating someone else but wants to be friends

https://moien.lu/inland-empire-hookup/

De Schätzungen no vun Eurostat, dem statisteschen Amt vun der

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!
my ex is dating someone else but wants to be friends

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet bei der

Konditioune Gewënnspill LXG 2019

Wien dierf deelhuelen?

Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famillen sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.

Zäitraum vum Gewënnspill

De Concours fänkt Méindes, den 16. September 2019 um 13:00 Auer un an hält Donneschdes, den 19. September um 14:00 Auer op.

De Präis

Verloust ginn 2 x 2 Weekend-Ticketen fir d’LGX – Luxembourg Gaming Xperience 2019.

Wéi kann ee gewannen?

Besicht eis Säit op Facebook a gitt Fan vu Moien, sou wéi vun LGX. Hannerloosst ee Like beim Beitrag a markéiert déi Persoun, mat där Dir d’Evenement besiche géift. D’Deelen vum Gewënnspill ass kee Muss, awer gäre gesinn.

Wéi a wéini gëtt de Präis ausgeloust?

D’Gewënnspill gëtt en Donneschdeg um 15:00 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 2 x 2 Persounen. Fir eng fair Auslousung ze garantéieren gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Auslousung gëtt als Beweis op Facebook, wéi och um Site gepost.

Wéi gëtt de Gewënner kontaktéiert?

De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert. D’Nimm vun de Gewënner ginn un d’Organisateure vun LGX weider ginn an, an der Keess hannerluecht.

Wat geschitt, wann de Gewënner sech net mellt?

Sollt de Gewënner bis zum 20. September 2019 um 8:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.

Wien organiséiert d’Gewënnspill?

D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.

Dateschutz

Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op Facebook verëffentlecht.

Virbehalungsklausel

Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflossen kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.

Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss

D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.

Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel

Ähnlech Sujeten Gewënnspill, Konditioune, LGX 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel