Search

You may also like

Bolivien schéckt auslännesch Diplomaten op d‘Schëff
Uncategorized

Bolivien schéckt auslännesch Diplomaten op d‘Schëff

Déi Bolivianesch Interimsregierung gëtt op Konfrontatiounskurs mat Mexiko a Spuenien.

Prix Servais 2020: Presentatioun vun der Short‐Lëscht
Uncategorized

Prix Servais 2020: Presentatioun vun der Short‐Lëscht

All Joer belount de Prix Servais déi bedeitendst literaresch Wierker

Vereenten Natioune gi jemenitesch Haaptstad op
Uncategorized

Vereenten Natioune gi jemenitesch Haaptstad op

Et ass dee Konflikt op der Welt, bei deem méi

Konditiounen Gewënnspill Béier-Adventskalenner

Wien dierf deelhuelen?

Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famillen sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.

Zäitraum vum Gewënnspill

De Concours fänkt Mëttwochs, den 6. November 2019 um 14:00 Auer un an hält Méindes, den 25. November um 20:00 Auer op.

De Präis

Verloust ginn 2 x 1 Béier-Adventskalenner am Wäert vu jeeweils 89 €.

Wéi kann ee gewannen?

  • Gitt Fan vu Moien.lu an dem Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
  • Hannerloosst een „Domm erop“ beim Beitrag vum Gewënnspill
  • Kommentéiert mat engem Béier-Emoji a markéiert déi Persoun(en), déi bestëmmt och Freed mat dësem speziellen Adventskalenner hätten
  • Deelen ass kee Muss, awer gäre gesinn

Wéi a wéini gëtt de Präis ausgeloust?

D’Gewënnspill gëtt en Dënchdeg, den 26. November um 15:00 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 2 x 1 Persoun. Fir eng fair Auslousung ze garantéieren gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Auslousung gëtt als Beweis op Facebook, wéi och um Site gepost.

Wéi gëtt de Gewënner kontaktéiert?

De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert. D’Nimm vun de Gewënner ginn un d’Organisateure vum Ciné Scaéa weider ginn an, an der Keess hannerluecht.

Wat geschitt, wann de Gewënner sech net mellt?

Sollt de Gewënner bis zum 28. November 2019 um 10:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.

Wien organiséiert d’Gewënnspill?

D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.

Dateschutz

Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op Facebook verëffentlecht.

Virbehalungsklausel

Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflossen kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.

Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss

D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.

Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel

Next post Previous post