Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn
Uncategorized

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn

E Projet mat Lëtzebuerger Bedeelegung gouf e Mëttwoch, den 19.

CFL: 29 nei Kontrolleure sinn zougelooss ginn!
Uncategorized

CFL: 29 nei Kontrolleure sinn zougelooss ginn!

Gëschter Moien huet den Transportminister François Bausch 29 neie Kontrolleure

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion
Uncategorized

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion

E Mëttwoch, huet dat europäescht Parlament zu Stroossbuerg d‘Aféierung vun

Konditiounen Gewënnspill am Kader vum Weltdag vum Buch

Wien dierf deelhuelen?

Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famille sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.

Zäitraum vum Gewënnspill

De Concours fänkt Freides, den 24. Abrëll um 12:00 Auer un an hält Méindes, den 4. Mee 2020 um 10:00 Auer op.

De Präis

Verloust gi folgend sech signéiert Bicher:

  • Passagier 23 vum Sebastian Fitzek
  • Ich vernichte dich vum Brad Parks
  • Merkels Tochter vum Petra Hammesfahr
  • Lifehack vum June Perry
  • Porzellankind vum Myriane Angelowski
  • Tranfusion vum Jens Lubbadeh

Wéi kann ee gewannen?

  • Besicht eis Facebook-Säit a gitt Fan vu Moien.lu an De Bichergeck
  • Hannerloosst een „Domm erop“ beim Beitrag vum Gewënnspill
  • Kommentéiert mam Buch, dat Dir gäre liese wëllt
  • Markéiert ee Kolleg, deen och d’Passioun fir Bicher deelt
  • Deelen ass kee Muss, awer gäre gesinn

Wéi a wéini gëtt de Präis ausgeloust?

D’Gewënnspill gëtt en Méindeg, den 4. Mee um 11:00 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 6 x 1 Persoun. Fir eng fair Auslousung ze garantéiere gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Auslousung gëtt als Beweis op Facebook, wéi och um Site gepost.

Wéi gëtt de Gewënner kontaktéiert?

De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert. D’Nimm vun de Gewënner ginn un d’Organisateure vum Ciné Scaéa weider ginn an, an der Keess hannerluecht.

Wat geschitt, wann de Gewënner sech net mellt?

Sollt de Gewënner bis Mëttwochs, den 6. Mee um 10:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.

Wien organiséiert d’Gewënnspill?

D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.

Dateschutz

Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op Facebook verëffentlecht.

Virbehalungsklausel

Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflosse kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.

Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss

D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.

Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel

 

Ähnlech Sujeten Bicher, de Bichergeck, Gewënnspill, Konditiounen, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel