Weess du, wien an dëse Gemenge Buergermeeschter ass?
[onionbuzz quiz-id=89][/onionbuzz] 2017 ware Gemengewahlen an op ville Plazen huet
[onionbuzz quiz-id=89][/onionbuzz] 2017 ware Gemengewahlen an op ville Plazen huet
Wann et ee Verkéiersmëttel gëtt, dat am Corona-Summer am Mëttelpunkt
Bannent engem Mount hunn am Frankräich dräi jonk Mënschen hiert
Wien dierf deelhuelen?
Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famillen sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.
De Concours fänkt Méindes, den 28. Oktober 2019 um 10:00 Auer un an hält Mëttwochs, den 30. Oktober um 14:00 Auer op.
Verloust ginn 2 x 2 Ticketen fir d’Halloween Night am Ciné Scala zu Dikrech.
Besicht eis Säit op Facebook a gitt Fan vu Moien.lu, sou wéi vum Ciné Scala., hannerloosst een Domm erop bei eisem Beitrag an deelt eis mat, wéi ee Film Dir wëllt kucke goen. Markéiert déi Persoun, mat där Dir op d’Halloween Night géift goen.
D’Gewënnspill gëtt en Mëttwoch um 15:00 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 2 x 2 Persounen. Gewanne kann een eng Koppel Ticketen pro Film. Fir eng fair Auslousung ze garantéieren gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Auslousung gëtt als Beweis op Facebook, wéi och um Site gepost.
De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert. D’Nimm vun de Gewënner ginn un d’Organisateure vum Ciné Scaéa weider ginn an, an der Keess hannerluecht.
Sollt de Gewënner bis zum 31. Oktober 2019 um 8:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.
D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.
Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op Facebook verëffentlecht.
Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflossen kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.
Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss
D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.
Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel