Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Wéi de Fuchur an de Kino komm ass!
Uncategorized

What the Fakt – Wéi de Fuchur an de Kino komm ass!

Um 6. Abrëll 1984 ass dem Wolfgang Petersens seng Verfilmung

money
Nach keen Hëllefspak a Siicht
Uncategorized

Nach keen Hëllefspak a Siicht

No engem 16-stënnegen Diskussiounsmarathon, esou déi gutt Nouvelle, wier ee

Groussbritannien: Parlamentaresch Zwangspaus ass Rechtswiddreg
Uncategorized

Groussbritannien: Parlamentaresch Zwangspaus ass Rechtswiddreg

D‘Uerteel vum ieweschte Geriichtshaff (Supreme Court) ass eestëmmeg geholl ginn,

Konditiounen Gewënnspill Stock Car

Wien dierf deelhuelen?

Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famillen sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.

Zäitraum vum Gewënnspill

De Concours fänkt Mëttwochs, den 3. Juli2019 um 18:00 Auer un an hält Freides, den 5. Juli um 14:00 Auer op.

De Präis

Verloust ginn 2 x 2 Entréën fir de Stock-Car Championnat zu Alzeng.

Wéi kann ee gewannen?

Besicht eis Säit op Facebook a gitt souwuel Fan vu Moien a kommentéiert mat “Stock Car”. Markéiert déi Persoun, mat der Dir gären op Alzeng goe wellt.

Wéi a wéini gëtt de Präis ausgeloust?

D’Gewënnspill gëtt e Freideg um 15:00 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 2 x 2 Persounen. Fir eng fair Auslousung ze garantéieren gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Auslousung gëtt als Beweis op Facebook, wéi och um Site gepost.

Wéi gëtt de Gewënner kontaktéiert?

De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert. Den Numm vum Gewënner gëtt an der Keess hannerluecht.

Wat geschitt, wann de Gewënner sech net mellt?

Sollt de Gewënner bis zum 8. Juli 2019 um 10:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.

Wien organiséiert d’Gewënnspill?

D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.

Dateschutz

Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. De Gewënner verflicht sech, eis seng Kontaktinformatiounen fir d’Verschécke vum Präis mat ze deelen. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op de Social Media Kanäl (Instagram a Facebook) verëffentlecht.

Virbehalungsklausel

Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflossen kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.

Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss

D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.

Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel

Nächsten Artikel Virrechten Artikel