Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL Jugend: Fir ee besser encadréierten a reglementéierte Stage
Uncategorized

OGBL Jugend: Fir ee besser encadréierten a reglementéierte Stage

D’Chamber bereet sech drop fir een neit Gesetz ze stëmmen,

Däitschland: Sexuelle Mëssbrauch am Bistum Limburg
Uncategorized

Däitschland: Sexuelle Mëssbrauch am Bistum Limburg

Iwwer zéng Méint laang haten sech eng 70 Experte mam

Nationale Bildungsbericht: d‘Sprooche bleiwen eng Erausfuerderung
Uncategorized

Nationale Bildungsbericht: d‘Sprooche bleiwen eng Erausfuerderung

Déi lescht Woch huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg säin zweeten nationale

Konditiounen – Gewënnspill Vältesdag 2019

Wien dierf deelhuelen?

Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen.D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famillen sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.

Zäitraum vum Gewënnspill

De Concours fänkt Freides, den 1. Februar 2019 um 12:00 Auer un an hält Samschdes, den 9. Februar um  10:00 Auer op.

De Präis

Verloust gëtt ee Menü fir 2 Persounen fir Vältesdag am Hôtel de la Sûre zu Esch-Sauer (Lëtzebuerg). De Menü ass Folgenden:

Le Cornet d’amoureux au Mini Caprice

*****
La Crème d’Amour aux betteraves rouges, pomme de grenade, rosette de crème aromatisé et croquant de parmesan…

*****

L’ Emulsion d’Amour aux Noix de St Jacques piqué sur lit du Jardin aromatisé, coulis safrané à l’émulsion tomaté chilli …

*****
La douceur de Mangue Passion …

*****
L’Amour entre Rouge et Blanc ( Mariage de Médaillon de Coeur de Boeuf poêlé, tresse de Veau parfumé grillé, jus aux parfums d’herbes, tomates cerises et haricots verts, pommes grenailles… )

*****
La Pomme d’Amour au four parfumé au Grand Marnier, choux à la glace vanille, caramel, framboises…

Wéi a wéini gëtt de Präis ausgeloust? 

D’Gewënnspill gëtt e Samschdeg, den 9. Februar 2019 um 11:00 Auer ausgeloust. Fir eng fair Auslousung ze garantéieren gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Auslousung gëtt per Video festgehalen an als Beweis och um Site gepost.

Wéi gëtt de Gewënner kontaktéiert?

De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. Per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert a ka säi Präis uschléissend perséinlech siche kommen oder kritt en per Post Heem geschéckt.

Wat geschitt, wann de Gewënner sech net mellt?

Sollt de Gewënner bis zum 11. Februar 2019 um 16:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.

Wien organiséiert d’Gewënnspill?

D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung a Kollaboratioun mam Hôtel de la Sûre.

Dateschutz

Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun (bis zum 09.02.2019) gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. De Gewënner verflicht sech, eis seng Kontaktinformatiounen fir d’Verschécke vum Präis mat ze deelen. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op de Social Media Kanäl (Instagram Facebook) verëffentlecht.

Virbehalungsklausel

Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflossen kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.

Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss.

D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.

Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel

Nächsten Artikel Virrechten Artikel