Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SnT an Honda op der Sich nom sécheren Autosschlëssel
signs your falling for your hookup what to do when your 2 best friends are dating

https://moien.lu/aquarius-woman-single/

De passive Schlëssel mécht engem d‘Liewen als Chauffeur méi einfach,

https://moien.lu/mlb-the-show-17-matchmaking/
signs your falling for your hookup what to do when your 2 best friends are dating

What the Fakt – Lëtzebuerger Widderstand mat uerge Folgen

Um 25. Februar 1944 sinn 23 Bierger aus Lëtzebuerg no

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg
signs your falling for your hookup what to do when your 2 best friends are dating

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg

Et war dat eloten schonn déi 24. Editioun vum „Luxembourg

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“

Mat dëser Konferenz soll d‘Vertusche vum Mëssbrauch an der Kierch en Enn hunn

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“

Um haidegen Donneschdeg gëtt déi vum Poopst versprachen, a vum Vatikan organiséiert, grouss Mëssbrauchskonferenz erëffent. Hei soll gekläert ginn, wéi een der Vertuschung vu Mëssbrauch entgéintwierke kann. Entspriechend grouss sinn d‘Erwaardunge vun den Afferverbänn.

A fir deem ganzen den Uschäin ze ginn, datt een de Sujet eescht hëlt, huet sech de Vatikan mam Äerzbëschof Charles Scicluna, e Spriecher ausgewielt, dee sech mat sengem Hang zu provokanten Aussoen an den eegene Reien net nëmme Frënn gemaach huet. Et kann een him awer elo net virwerfen, datt hie sech schonn 2012 fierchterlech iwwert d‘Kultur vum Schweigen opgereegt huet.

Dësen Äerzbëschof, deen am Numm vum Poopst Francis schwätzt, wann hien d‘Ziler vun der Konferenz erläutert, wäert eng vun den zentrale Figure vun der Mëssbrauchskonferenz sinn. Hie stellt kloer: „Ob een et elo Omerta, oder einfach eng Form vu Verleegnen nennt, ob et kriminellt oder béisaartegt Verhalen ass, dat musse mir iwwerwannen, de Code vum schweige briechen“.

Et wier dem Poopst säi Wonsch, datt am Kontext vu Mëssbrauch d‘Aueren nei gestallt musse ginn. Ewechkucken, de Mond halen oder vertuschen, datt soll zukünfteg an der kathoulescher Kierch tabu sinn. De Kardinol Cupich, deen als treie „Serviteur“ vum Poopst genannt gëtt, hofft, datt dës Konferenz vun de Katholiken als „nei Ausriichtung vun der Kierch“ erkannt a matgedroe gëtt.

Gett elo Verantwortung iwwerholl?

Am Vatikan huet ee begréisst, datt dës Mëssbrauchskonferenz scho virum Optakt, an der Welt fir grouss Opmierksamkeet gesuergt huet. Experte gesinn an der Konferenz allerdéngs éischter eppes wéi ee vum Poopst organiséierte Befreiungsschlag. Eng Siicht déi vu villen Affer gedeelt gëtt. An dësem Kontext kann drun erënnert ginn, datt et d‘lescht Joer, eng Well vu Beschëllegunge ginn hat.

Vatikan

Den Äerzbëschof Charles Scicluna gëtt als „schaarfen Hond“ betruecht, an ass bei den eegene Leit net wierklech beléift, well hie mat eisenem Biesem kiert. Hie gouf am November 2018 zum bäigepraffte Sekretär vun der Kongregatioun vun der Glaawensléier ernannt, a soll d‘Konferenz zu Roum leeden. (Archiv) © Alan Holdren/CNA

Matten am Fokus, d‘USA a latäinamerikanesch Länner. Mee och Europa huet sech ëmmer nees ervirgedoen, an vun der Donkelziffer, also all deenen Affer déi sech aus den ënnerschiddlechste Grënn net „beklot“ hunn, traut e sech net ze schwätzen. Dat ganzt Leed datt d‘Kierch duerch säi Beholl an d‘Famillje gedroen huet, all déi schänterlech Doten am Schutz vum Kräiz…

Kann een all dës Verbriechen – well eppes anescht ass et net – ënnert de Konferenzteppech kieren? War et net de Virsëtzende vun der däitscher Bëschofskonferenz, de Kardinol Marx, dee sengerzäit dem Poopst Francis geroden huet an d‘Offensiv ze goen? Fir den Ament sollt een d‘Konferenz net veruerteelen, och wa se sech als grouss „Marketingstrategie“ presentéiert, awer genee hikucken.

Zur Konferenz gezwongen?

Et dierf ee frech behaapten, datt kaum ee Kierchemann aus eegene Stécker esou eng Konferenz vu senger Direktioun gefuerdert huet. Villméi ass et esou, datt den Drock vu „Baussen“ ëmmer méi grouss ginn ass, an och d‘Politik ugefaangen huet der kathoulescher Kierch Grenzen opzeweisen. Dat mat wéineg Empathie an och zimlech oppenem Desintressi, well jo alles esou laang hir ass.

Fir d‘Afferverbänn kann d‘Zäit awer net all déi Wonnen heelen, déi dem Poopst seng Mataarbechter opgerappt hunn. Entschëllege léisst sech net, datt d‘Würdenträger sech kengem ziville Geriicht ze stellen haten, a vun der Hierarchie éischter beschützt, wéi verdaamt goufen. D‘Verbänn maachen zu Roum säit ee puer Deeg entspriechend Kaméidi, a gesinn d‘Konferenz als hiren Erfolleg un.

Si begréissen, datt endlech unerkannt gëtt, datt d‘Kierch „e Problem huet“. Hei allerdéngs en zolidd, an et gëtt nach villes méi, datt si am Vatikan opzeschaffen hätten. An de Problem ass u sech esou net ze léisen. Kierchemänner stinn iergendwéi ëmmer ausserhalb der laizistescher Geriichtsbarkeet, si ënnerstinn enger anerer Autoritéit. Wa sech dorunner näischt ännert, hëlleft och d‘Konferenz net.

mat indymedia/rom/Mimo Conti

Ähnlech Sujeten kathoulesch Kierch, Mafia, Mëssbrauch, organiséiert Verbriechen, Poopst Francis, Vatikan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel