Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Wahlen 2019: Populismus a riets Ideologien um Virmarsch
International Neiegkeeten

EU-Wahlen 2019: Populismus a riets Ideologien um Virmarsch

Et ass d‘EU-Parlament, dat 100 Deeg virum Urnegang eng Ëmfro

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung
International Neiegkeeten

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung

Ech maachen et am Fong ni gären, mee ech muss

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?
International Neiegkeeten

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?

Gëschter huet den tierkesche President seng „Däitschlandrees“ mat der Aweiung

Konferenz vu Bahrain: USA halen u Friddenspläng fest

Um Sommet steet d‘Zukunft vu Palestina op der Dagesuerdnung

Konferenz vu Bahrain: USA halen u Friddenspläng fest

Zu Manama, der Haaptstad vum Bahrain, huet gëschter de Jared Kushner, senges Zeechen Eedem vum 45. US-President, bei der Erëffnung vun der Konferenz, e 50 Milliarden US-Dollar schwéiere Plang zur Fërderung vum Fridden tëscht Israel a Palestina virgestallt. Net Uwiesend: Palestina an Israel… déi eng wollten net an déi aner konnten net.

„Mir kënnen dës Regioun veränneren. Vum Affer vergaangener Konflikter zum Beispill fir Handel a Fortschrëtt an der ganzer Welt“, esou de Beroder vum amerikanesche President, bei der Ouverture vun der internationaler Konferenz. „Dat wat mir entwéckelt hunn, ass deen ëmfaassendste Plang, dee jeemools fir d‘Palestinenser an den Noen Oste virgeluecht ginn ass“, mengt de Jared Kushner.

Datt den US-Plang an d‘Geld vun anere fir Palestina d‘Chance vum Joerhonnert soll sinn, doriwwer léist sech streiden, awer dës Kéier mat kengem vun den betraffene Lager. Dem Jared Kushner säi Plang fundéiert zudeem dorops, datt déi un der Konferenz bedeelegt Länner – haaptsächlech räich Golfstaaten – de Goss zesummeleeën, an d‘Geld soll an ausgewielte Projete gutt ugeluecht ginn.

Alles dommt Gebraddels?

Elo kléngt dat net verkéiert, woubäi de Plang, dee schonn déi lescht Woch bekannt gouf, grad bei deenen déi et betrëfft net op Géigeléift trëfft. Zum engen hunn d‘Palestinenser kee Vertrauen an d‘US-Regierung, déi kierzlech Israel quasi d‘Erlaabnes ginn hunn, Deeler vum Westjordanland ze annektéieren. An den Donald Trump ass net bekannt dofir, sech u bestoend Verträg ze halen…

D‘Palestinenser hunn d‘Invitatioun zur Konferenz frëndlech awer bestëmmt zréckgewisen an fir d‘Israelie gëtt et bei dëser Konferenz en däitlechen Iwwerschoss u Feinden. Déi Länner also, déi direkt vun deem concernéiert sinn, wat bei der Konferenz debattéiert gëtt, sinn net zu Manama mat derbäi. Washington schéngt sech net drun ze stéieren, ëmmerhin hu si d‘Muecht an net déi aner.

Bei der UNO deet sech eppes…

Zur gläicher Zäit zu New York, d‘Geberkonferenz vum UN-Hëllefswierk UNRWA. Hei si ronn 110 Milliounen US-Dollar u Spenden zesummekomm, déi an de Bildungs- a Gesondheetssystem vu Palestina investéiert solle ginn. Klengt och net verkéiert, woubäi d‘UNRWA all Joers eigentlech ob 1,2 Milliarden US-Dollar Budget ugewisen ass, fir d‘Projeten iwwerhaapt oprecht ze erhalen.

Hei dierf een dann och drun erënneren, datt de Schwéierpapp vum US-Beroder, dee vun anere Länner Geld fir säi Friddensplang – dee bis ewell kee wëll – verlaangt, 2018 de Palestinenser einfach honnerte Milliounen US-Dollar un Entwécklungshëllef gestrach huet. Dat sollt bestëmmt déi berühmt berüchtegt „Vertrauensbildend Moossnam“ sinn, déi dem Donald Trump virschwieft.

mat indymedia/tlv

Foto: Dem US-President säin Eedem a Beroder, Jared Kushner, versicht zu Manama, d‘Vertrieder vun de Golfstaaten vum US-Friddensplang ze iwwerzeegen. Dat ass och néideg, schliisslech ass am Plang virgesinn, datt d‘Araber dëse finanzéiere sollen. D‘Palestinenser boykottéieren d‘Konferenz an Israel hält sech do léiwer eraus… Esou geet US-Aussepolitik haut. © LPod

Ähnlech Sujeten Bahrain, Friddensplang, Israel, Jared Kushner, Palestina, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel