Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loutrengen: Zivilcourage mat déidlechem Ausgang
https://moien.lu/quilt-dating/ Neiegkeeten

https://moien.lu/casual-dating-nrw/

D‘Diagnose fir e Mann vun 29 Joer, deem mat engem

we dating app
https://moien.lu/quilt-dating/ Neiegkeeten

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!

D’EU-Kommissioun huet ugekënnegt, datt Finanzhëllefe fir déi europäesch Imker ëm

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band
https://moien.lu/quilt-dating/ Neiegkeeten

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band

Am November 1957 koum den Éischten, am Abrëll 1991 de

Konfliktsituatioun am persesche Golf

D‘Brite wëllen d‘Amerikaner an déi europäesch Missioun abannen

Konfliktsituatioun am persesche Golf

Zanter datt sech den Dissens tëscht den USA an dem Iran an de persesche Golf verluecht huet, a London sech duerchaus Washington verflicht fillt, firwat déi britesch Autoritéite bei Gibraltar den iranesche Supertanker Grace1 festgesat hunn, gëtt sech op eng Ausenanersetzung virbereet.

Teheran hat déi britesch „Gratulatioun vum 4. Juli“ net appreciéiert, firwat d’Revolutiounsgardisten sech an der Strooss vun Hormuz den Uelegtanker „Stena Impero“ gekroopt hunn. Do dertëscht war jeeweils eng US-Spionagedron an eng iranesch Opklärungsdron vum Himmel geschoss ginn. Dat bedeit awer eng Gefor fir d‘Handelsschëffer, an déi geet wéi net anescht ze erwaarde vum Iran aus.

Ouni Handelsweeër ass et schwiereg Geschäfter ze maachen, an de persesche Golf mat der Strooss vun Hormuz ass ee vun de wichtegste fir d‘Schëfffaart. Washington huet seng Präsenz am Gebitt scho verstäerkt an och d‘Briten hunn eng zousätzlech Fregatt dohinner beuerdert. D‘Brite wëllen elo eng europäesch „Schutztrupp“ am persesche Golf opstellen. Dat wëllen och d‘Amerikaner…

GolfGeféierlech Allianzen

Et verhält sech dann elo esou, datt den neie Premierminister vu Groussbritannien, Boris Johnson – dee jo méiglechst zügeg der Unioun de Réck zouwenne wëll, an dat egal zu wéi engem Präis – vun enger renger europäescher „Missioun“ net méi iwwerzeegt ass. Hie kann sech awer virstellen, datt eng vun de Brite, mat Partner aus Europa gefouert Missioun, sollt vun den USA ënnerstëtzt ginn.

Zu de genannten EU-Partner: et handelt sech hei eigentlech nëmmen ëm Däitschland a Frankräich, an déi dierften de Virschlag vum briteschen Ausseministère zumindest bedenklech fannen. Zum engen hunn dës Länner keng Loscht sech dem Donald Trump senger Aussepolitik unzehuelen, zum anere sinn d‘Briten zwar keng Europäer méi, dofir awer nach ëmmer e wichtegen NATO-Partner.

Den neie briteschen Ausseminister Dominic Raab muss sech ugesiichts der Aussiicht op en haarde Brexit, net nëmmen nei „Partner“ fir den Empire fannen, et sollen der och sinn, mat deenen ee sech op Wirtschaftsbezéiunge kann aloossen. Géintiwwer der „Times“ huet hie gemengt: „Ech mengen, mir wëllen en europäeschen Usaz, mee dat schéngt ouni US-Ënnerstëtzung net méiglech“.

mat indymedia/lon/bru

Illustratioun: © US-Navy

Ähnlech Sujeten Dominic Raab, Groussbritannien, Handelsweeër, Iran, persesche Golf, Schëfffaart, Strooss vun Hormuz, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel