Just zur Erënnerung: Hënt gëtt un der Auer gedréit
Et ass sécherlech verständlech, datt engem zur Stonn aner Saachen
Et ass sécherlech verständlech, datt engem zur Stonn aner Saachen
Mat Erstaunen an Onverständnis hunn „déi lénk Péiteng“ d‘Informatioun zur
Datt grad a Krisenzäiten onofhängeg a kritesch Journalisten a Medie
Wat nach virun ee puer Deeg als „Rumeur“ verkaf ginn ass, schéngt sech awer op enger zolitter an eescht ze huelender „Iddi“ vum 45. US-President ze begrënnen. Via Twitter huet den Donald Trump eng Entrevue ofgesot an dat mam feelenden Interessi um Verkaf vu Grönland begrënnt.
En trotzegt Kand deen ongehuwwelten, misogyne a liicht rassistesch ugehauchte Milliardär. An dofir heescht: den Donald Trump verleet säi Besuch well déi dänesch Regierungscheffin Mette Frederiksen gesot huet, datt si net interesséiert wier iwwert e Verkaf vu Grönland ze schwätzen.
Manéierlech wéi een den US-President kennt, huet hien der „Tatta aus Dänemark“ geschriwwen, datt hien sech freet wéi direkt si sech zum Sujet ausgedréckt huet. Hie schéngt dann och immens zefridde mam Statement vun der Ministerpresidentin ze sinn, well him den Opwand erspuert bleift.
Béis Zonge maachen sech natierlech eppes lëschteg iwwert de presidentiellen Tweet, an d‘Freed gëtt domatter erkläert, datt den Donald Trump sech elo muss erkläre loosse wou Dänemark läit, an d‘Dänen och rechtlech net einfach esou, dat „autonoomt“ Gebitt verkafe kéinten.
Nodeems den Donald Trump e Sonndeg de Medien säin „Interessi“ un der Insel bestätegt hat, konnt och iwwert d‘Hannergrënn vun esou enger, wéi et de Milliardär ausgedréckt huet: „et ass am Fong nëmmen eng gréisser Immobilientransaktioun“ geschwat ginn. An hie mengt et gutt mat Dänemark.
Grönland géif den dänesche Steierzueler all Joer 700 Milliounen US-Dollar kaschten, esou deen intelligentste President an der amerikanescher Geschicht. Wien him dës Zuele virgeluecht huet ass leider net bekannt, an eigentlech irrelevant, well et ass net d‘Geld dat an dësem Fall interesséiert.
Villméi verhält et sech esou, datt seng Beroder wäerten drop higewisen hunn, datt Grönland aus ville Grënn eng gutt Acquisitioun ass. Wirtschaftlech: Grönland sëtzt op masseg Ressourcen. A strategesch: d‘Insel déi nordëstlech vu Kanada geleeën ass, wier eng optimal Militärbasis…
E Sonndeg huet d‘Mette Frederiksen d‘Insel mat senge ronn 56.000 Awunner besicht, an de Leit do erkläert datt e Verkaf net zur Debatt steet. De Bierger vu Grönland sot si: „Ech hoffen datt dat net eescht gemengt ass“. Ähnlech hat de fréiere Ministerpresident Lokke Rasmussen reagéiert.
Den aussepolitesche Spriecher vun der dänescher Vollekspartei huet dozou gemengt: „Wann hien dat wierklech a Betruecht zitt, dann ass et de leschte Beweis dofir datt hie verréckt ginn ass. De Gedanken, datt Dänemark seng Bierger un d‘USA verkeeft ass lächerlech“. A dat stëmmt och…
Woubäi: wéinst senger strategescher Lag a senge Buedemschätz, ass Grönland och „interessant“ fir déi aner Groussmuechte China a Russland. D‘Buedemschätz, déi eigentlech schwéier erreechbar sinn, kéinten duerch de Klimawandel zimlech „accessibel“ ginn. An do wëll een drukommen.
mat indymedia/was/goh/cph
Foto: Bernd Hildebrandt/Pixabay