Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Portugisesch Ambassade entléisst Botzfra: den OGBL „veriergert“
International Neiegkeeten

Portugisesch Ambassade entléisst Botzfra: den OGBL „veriergert“

Nodeems déi portugisesch Ambassade onrechtméisseg eng zu Lëtzebuerg beschäftegt Botzfra

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn
International Neiegkeeten

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn

Et war déi 11. Editioun vum Festival CinEast, ee Lëtzebuerger

Rambazamba um Knuedler: Nei, modern an Innovativ, esou muss et sinn
International Neiegkeeten

Rambazamba um Knuedler: Nei, modern an Innovativ, esou muss et sinn

Et war dann emol déi lescht Taass Kaffi, déi eis

Saudesche Kinnek op Konfrontatiounskurs mat den Ajatollahen

Den duebelen arabesche Sommet vu Mekka: „Hand an Hand a Richtung Zukunft“

Saudesche Kinnek op Konfrontatiounskurs mat den Ajatollahen

Dee vum saudesche Kinnekräich organiséierten „duebele“ Sommet vum Golf-Kooperatiounsrot an der arabescher Liga zu Mekka, leeft ënnert dem Motto „Hand an Hand a Richtung Zukunft“. Eng Zukunft déi an der Géigewaart ufänkt. Esou dierften dat déi ageluede Staats- a Regierungscheffen zumindest empfonnt hunn, déi op ongewinnten Aart a Weis „empfaange“ goufen.

Tatsächlech hunn d‘Leader vun der arabescher Welt beim Antreffen um Fluchhafen, vu saudeschen Offizéier emol fir unzefänken d‘Iwwerreschter vu Krichsmaterial (Stécker vun Dronen a Rakéiten) gewise kritt. Geschir dat, esou déi offiziell Versioun, aus iranescher Produktioun staamt a géint d‘Kinnekräich an/oder seng Alliéiert agesat ginn ass. De Message ass onmëssverständlech…

An de saudesche Kinnek Salmane huet dann och beim Optakt vum Sommet zolidd Stëmmung géint den Äerzfeind Iran gemaach. De Monarch behaapt sech drop, datt d‘Ajatollahen hire nees un Atomwaffe „bastelen“ an och de ballistesche Programm nees weiderféieren. Teheran wier eng Gefor fir d‘Regioun, déi international Schëfffaart an domatter fir déi global Pëtrolsversuergung.

E Sommet nom aneren

Fir unzefänken hunn d‘Membere vum Golf-Kooperatiounsrot siegéiert, uschléissend sinn se zum Sommet vun der arabescher Liga iwwergaangen. Den Tenor: sech vereent hanner Saudiarabien stellen. A vill vun den ageluedene Staats- a Regierungscheffen hunn d‘Invitatioun, verbal géint déi islamesch Republik virzegoen, net nëmme mat vill Äifer ugeholl, mee siichtlech genoss.

Esou den ëmstriddenen egyptesche President Abdel Fattah el-Sisi, dee senge Bridder a Saudiarabien an de Vereenten Emirater vollst Ënnerstëtzung zougesot huet. Esou dann och de jordanesche Kinnek Abdallah II, dee ganz däitlech op de Sécherheetsaspekt an der Regioun agaangen ass. A kaum ee vun de Gäscht deen zu Wuert komm ass, huet déi saudesch Politik mat kritesche Wierder begleet.

Konfrontatiounskurs

De saudesche Kinnek Salmane wëll eng grouss arabesch Allianz géint den Äerzfeind Iran opstellen, stéisst awer op Widderstand, besonnesch vun deene Länner déi zolidd Krichsmiddegkeet opweisen, wéi beispillsweis den Irak. © KSA

Alles huet dann och ausgesinn, wéi wann dem Kinnek Salmane seng Rechnung – eng eenheetlech arabesch Positioun auszestralen – géif opgoen. Dat dierft och de Wonschzeenario vum US-President gewiescht sinn, dee bekanntlech all Hiewel a Beweegung setzt, fir et zum Konflikt mat den Iraner kommen ze loossen. Elo gëtt et och gemässegt Stëmmen an déi wëlle kee Krich mam Iran ufänken.

Sech net friem bestëmme loossen

Während de saudesche Kinnek op eng staark „Allianz“ hofft, déi noutfalls gemeinsam militäresch géint de Regime vun Teheran sollt kënne virgoen, gëtt et Staats- a Regierungscheffen déi es dem Krich an dem Terror midd sinn. Esou d‘Libanesen, déi hir Bezéiung mam Iran net wëllen op d‘Spill setzen. An am Irak huet ee wéineg Loscht sech op neits beim „Noper“ eng bluddeg Nues ze huelen.

Dem irakesche President Barham Ahmed Salih geléngt de rhetoresche Spagat: „D‘Sécherheet vu Saudiarabien ass d‘Sécherheet vum Irak“, esou de Schiit deen trotz allem all feindséileg Aktioun géint seng „Bridder“ veruerteelt. „Déi islamesch Republik Iran ass e Noper vum Irak an den Araber. Mir deelen eis eng 1.400 Kilometer laang Grenz an ënnerhalen nees gutt Bezéiungen“.

Konfrontatiounskurs

Ausser dem marokkanesche Kinnek hat jiddereen deen ageluede war de Wee op Mekka fonnt. Bei dësem duebele Sommet ass et drëms gaangen eng Koalitioun ze fannen, déi dem Iran seng grenzen opweise soll. © KSA

Elo hunn d‘Iraker och nach dem Saddam Hussein säin Ugrëffskrich an Erënnerung. Deen hat mat der inoffizieller Ënnerstëtzung vun den USA a diversen Europäesche Waffeliwweranten den éischte Golf-Krich ausgeléist (1990 – 1988), an kann historesch betruecht als Ausléiser vun der aktueller Lag (Instabilitéit/Terror) ugefouert ginn. Et gouf der op d‘Baken, an d‘Iraker hunn e gudde Verhalt.

Reliéis Ideologien a Muechtuspréch

Interessant am Kontext vun dësem duebele Sommet: de Katar war agelueden. Dobäi ass tëscht dem saudeschen (sunnitesch) a katareschen (schiitesch) Kinnekshaus d‘Stëmmung éischter „äiseg“ well de Katar säit laangem „normal“ Bezéiungen zum Iran ënnerhält. Saudiarabien huet dem Katar dann och ënnerstallt „terroristesch Netzwierker“ ze ënnerstëtzen, an hat d‘Land „isoléiert“.

An der Ofschlosserklärung ass trotz dem Asproch vum Irak festgehale ginn, datt eng Amëschung vum Iran an arabesch Ugeleeënheeten net wäert toleréiert ginn. Zugläich sinn déi „iranesch Ugrëff“ veruerteelt ginn. Domatter ass op jéngst Rakéitenugrëff vu jemenitesche Rebellen, esou wéi op Sabotageaktioune géint Pipelinen a Tanker reagéiert ginn, déi vum Iran orchestréiert gi wieren.

 

Teheran (déi d‘Rebellen am Jemen ënnerstëtzen) weisen déi saudesch Virwërf entschidden zréck. Et sollt een am arabesche Kontext och net vergiessen, datt d‘Saudien sech grad am Jemen-Konflikt net grad „virbildlech“ behuelen. D‘Krichsverbriechen am Jemen goufen, esou d‘Erkenntnis vun de Vereenten Natiounen, vun der saudescher Koalitioun begaangen. Dat bestreiden awer d‘USA

mat indymedia/tlv/nyc/mow

Foto: Screenshot vun der Sëtzung zu Mekka (alarabiya)

Ähnlech Sujeten Arabesch Liga, Golf-Kooperatiounsrot, Iran, Kinnek Salmane, Mekka, Saudiarabien, Sommet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel