Search

You may also like

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz
International Neiegkeeten

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz

Wann se dem „Chef“ keng Sue fir eng Mauer aus

money
Venezuela steet kuerz virum Staatsbankrott
International Neiegkeeten

Venezuela steet kuerz virum Staatsbankrott

Eigentlech hätt e Freideg zu New York de Staatsbankrott vum

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521
International Neiegkeeten

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521

Als Deel vum “Sonndeg vum Gregorianesche Gesang a Wierder” invitéiert

D.R.Kongo: Gesondheetsnoutstand wéinst Ebola-Epidemie

D‘WHO ass no 1.600 Affer besuergt, schwätzt awer vun enger regionaler Bedreeung

D.R.Kongo: Gesondheetsnoutstand wéinst Ebola-Epidemie

De Generaldirekter vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), den Dokter Tedros Adhanom Ghebreyesus huet gëschter den wéinst der Ebola-Epidemie an der Demokratescher Republik Kongo de Gesondheetsnoutstand deklaréiert. Et war schonn de véierte Meeting vum Drénglechkeetscomité zanter dem Ausbroch vun der Epidemie am August 2018.

Ebola-Epidemie

Zanter elo gutt engem Joer hält d‘Ebola-Epidemie dat Westafrikanescht Land am Grëff. Laut engem Offizielle Bilan wiere bis ewell ronn 1.600 Mënschen der Infektiounskrankheet erleeën. Den Ament sinn eng 2.500 Fäll vu Infektioune registréiert. Et ass säit der grousser Epidemie vun 2014 (déi eng 11.300 Affer gefuerdert hat) op en Neits eng sanitär Katastroph déi d‘Land hei bedreet.

Ebola-Epidemie

Datt d‘WHO elo de Gesondheetsnoutstand ausgeruff huet, bedeit an éischte Linn, datt am Kongo elo verstäerkt Moossnamen ergraff musse ginn, fir d‘Verbreede vun der Krankheet anzedämmen. Mam Noutstand kënne méi séier Finanzmëttel bereetgestallt ginn. Weider heescht datt zousätzlecht medezinescht Personal soll forméiert ginn. D‘Nopeschlänner si opgefuerdert sech virzebereeden.

Trotz dem Noutstand gesäit d‘WHO keng Noutwennegkeet fir Reeswarnungen oder d‘Schléissung vu Grenzen, obwuel d‘Erklärung vum Gesondheetsnoutstand nëmmen da stattfënnt, wann och aner Länner duerch d‘Epidemie bedreet sinn. Bei der aktueller Epidemie, huet sech de Virus awer kaum iwwert d‘Grenze vum Kongo eraus verbreet. Am Juni waren am Uganda 3 Fäll registréiert ginn.

Ebola-Epidemie

Bei der WHO ginn d‘Experten net dovunner aus, datt et zu enger Auswäitung vun der Epidemie kënnt, wann all d‘Recommandatiounen agehale ginn. Ee Problem gëtt et dann awer. Laut dem Sëtzungsbericht gëtt et Problemer beim Approvisionnement vum Impfstoff (rVSV ZEBOV GP) firwat d‘Hiersteller opgeruff goufen, hir Produktioun bis 2020 ze verduebelen.

Ebola-Epidemie

Och Dokteren ouni Grenzen (MSF) ass säit August am Nord-Kivu mat eegene leit present. Si haten am Januar schonn op déi prekär Situatioun an de Fortschrëtt vun der Epidemie higewisen. Deemools war et wéinst de Presidentschaftswahlen zu Spannunge komm, wat derzou gefouert huet, datt et zu erhiefleche Problemer bei der Versuergung vun infizéierte Mënsche komm ass.

mat indymedia/gva/lbv

Foto: © UNICEF

Related topics D.R.Kongo, Ebola-Epidemie, MSF, Unicef, WHO
Next post Previous post