Juncker: „Wien an d‘EU areest muss erfaasst ginn“
Datt de Bierger net ëmmer gutt op d‘EU-Kommissioun ze spriechen
Datt de Bierger net ëmmer gutt op d‘EU-Kommissioun ze spriechen
Wahl am Frankräich wéi erwaart ausgaangen Mam Emmanuel Macron huet
Beim OGBL, wou een ufanks net u Kritik, am Bezuch
Déi europäesch Unioun huet um Donneschdeg d‘Entscheedung vun den Autoritéite vun der demokratescher Republik Kongo (DRK), den EU-Ambassadeur auszeweisen, engersäits bedauert, anersäits als vëlleg onberechtegt a kontraproduktiv – dräi Deeg virun de Wahlen – kritiséiert.
E Spriecher vun der EU géintiwwer der AFP: „Haut huet den Ausseminister She Okitundu annoncéiert, datt den EU-Ambassadeur, Bart Ouvry, d‘Land bannent 48 Stonnen ze verloossen huet. D‘EU bedauert dës Entscheedung a betruecht se als vëlleg onberechtegt. (..:) Um Virowend vu schwierege Walen an der RDK, kann esou eng Entscheedung nëmmen als kontraproduktiv bewäert ginn“.
Bei enger Drénglechkeetssëtzung zu Brazzaville e Mëttwoch, hunn d‘Staatscheffe vun der Regioun (SADC/ICGLR) den DRK-Wahlprozess diskutéiert. An dësem Kontext ass d‘Gewalt condamnéiert ginn, an en Opruff gemaach ginn, sech ze besënnen a en uerdentlechen Oflaf vun de Wahlen ze garantéieren. Dës Siicht gëtt vun der EU gedeelt.
Och zu Goma, an der Noperschaft vu Majengo, ass et um Donneschdeg nees zu Gewaltausbréch komm. Grond fir den Opstand war dee vun der onofhängeger Wahlkommissioun decidéierte Report vun de Wahlen. Wéinst enger Ebola-Epidemie wier dës Entscheedung noutwenneg a richteg. © Patrick Meinhardt/AFP
D‘Expulsioun vum EU-Missiounschef, dem Belsch Bart Ouvry „sanktionéiert engersäits dat strofbart Verhale vum Interesséierten, an anersäits, schreift se sech an de Kader vun der Géigesäitegkeet an“, erkläert eis den Ausseminister vun der DRK.
Hei bezitt sech de kongoleseschen Ausseminister op eng Entscheedung vun der EU, déi den 10. Dezember gefall ass, a wou decidéiert gouf, bis zum Dezember 2019 d‘Sanktioune géint 14 Membere vum (Joseph) Kabila-Regimm ze verlängeren. Si gi beschëllegt géint Mënscherechter verstouss ze hunn. Vun de Sanktioune betraff ass och dem Kabila säin „Dauphin“ fir d‘Presidentielle, Emmanuel Ramazani Shadary (PPRD).
Déi kongolesesch Regierung hat gefuerdert, datt déi europäesch Sanktiounen „opgehuewen“ oder zumindest „suspendéiert“ ginn, an dat bis zum ofhale vu generelle Wahlen an der DRK. Dës Wahlen, déi schonn dräimol hu misse verluecht ginn, sollen elo e Sonndeg Stattfannen. Zu Bréissel war een allerdéngs net der Meenung, ugesiichts de Virwërf déi de Sanktionéierte gemaach ginn, der „Demande“ vun der kongolesescher Regierung nozekommen.
mat AFP
Foto: Zu Butembo, an der Regioun Beni (DRK), hunn d‘Leit um Donneschdeg virum Sëtz vun der onofhängeger Wahlkommissioun géint e weider Report vun de Wahle protestéiert. © Alexis Huguet/AFP