Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee
latino dating websites free WTF

https://moien.lu/when-do-damon-and-elena-finally-start-dating/

Si mer eis éierlech: d‘Spots fir Wahle si meechtens décke

i'm not a hookup girl
hook up asa
latino dating websites free WTF

Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren

De Jimmy Morales, President vum Guatemala mécht et dem staarke

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft
latino dating websites free WTF

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft

Déi „giel Gileten“ (Gilets Jaunes) hunn all Mënsch am Frankräich

surprise

D’Eisebunnergewerkschaft fënnt den Tram suspekt – gëtt sozialen Dumping bedriwwen?

D’Eisebunnergewerkschaft fënnt den Tram suspekt – gëtt sozialen Dumping bedriwwen?

D‘FNCTTFEL, eis Eisebunnergewerkschaft, huet e neie President. De Georges Merenz iwwerhëlt de Stull vum Jean-Claude Thümmel, dee säi Mandat no 30 Méint opginn huet. Hien an de Generalsekretär hunn net um Kongress deel geholl an och Politiker ware keng ageluede ginn.

Begrënnt ginn ass de Kongress dann awer mat der Virbereedung op d‘Sozialwahlen am Fréijoer 2019. Dat zumindest ass d‘Versioun vum Nico Wennmacher, deen d‘Sëtzung opgemaach a co-presidéiert huet. An et war souwisou doriwwer nogeduecht ginn, se sechs Méint virzezéien, mee do koum d‘Kënnegung vun diverse Membere vum Exekutivcomité dertëscht.

Et brauch een awer eng Equippe fir sech den Erausfuerderungen ze stellen. An do kënnt e grousse Pak op d‘Aarbechter aus dem Transportsecteur duer. De neie Comité ass dann um Samschdegmuere vun 99 Delegéierten am Casino zu Bouneweg mat grousser Majoritéit gewielt ginn.

Schnell fonnt: e neie Comité

Ronn 75% vun de Stëmmen huet den neie President Georges Merenz, an de Vizepresident Alain Sertic konnt nach 57% vun den Delegéierten iwwerzeegen. Och de Generalsekretär Laurent Bour an d‘Tresorière Gaby Birtz konnten sech dräivéierel vun de Stëmme sécheren.

De Kongress ass zügeg virukomm, wat Plaz fir eng „grouss Paus“ gelooss huet. De neie President huet dann e puer vun den aktuelle Sujeten ugepaakt, dorënner den Tram. En Tram, deem seng Gestioun de Georges Merenz léiwer an den Hänn vun der CFL gesinn hätt. D‘LuxTram ass dem frësch gewielte Gewerkschaftspresident iergendwéi suspekt.

Hie beschëllegt se dann och sech dem sozial Dumping unzehuelen, wat nach méi däitlech gëtt wann een hir Konditioune mat deene vun der CFL vergläicht. CFL-Konditiounen iwwregens, déi och scho gesond no „ënne“ korrigéiert goufen. Bei den Aktionäre vu LuxTram, also de Staat (70%) an d‘Stad Lëtzebuerg (30%) schéngt een et net gutt mat der Beleegschaft ze mengen.

Et gëtt och un déi aner geduecht

Nodeems déi Delegéiert eng Resolutioun ugeholl haten, sinn divers Sujeten heivunner debattéiert ginn. Déi wirtschaftlech a sozial Situatioun vum Land, déi Beruffsecteuren an deenen den FNCTTFEL aktiv, datt waren déi Sujeten déi der neier „Direktioun“ um Häerz geleeën hunn. An déi weist dann och kloer drop hin, datt net nëmmen d‘Eisebunner an d‘Chauffeure betraff sinn, mee och d‘Pensionären oder d‘Ausbilder.

Wat d‘Infrastrukturen ugeet, esou schéngt d‘Eisebunnergewerkschaft mat den Investissementer am Beräich Transport zefridden. Et war hei allerdéngs och en zolitte Retard entstanen an et gesäit dann elo och nees besser aus. Op et dann am Endeffekt duer geet, besonnesch am Bezuch op den ëffentlechen Transport, dem demographesche Wuesstem gerecht ze ginn, dat wäert een da musse gesinn.

Zum Tram huet de Nico Wennmacher dann och nach eppes ze soen: „Mir freeën eis, datt en agesat gëtt, mee mir zweiwelen u senger Kapassitéit“. An et gëtt dann och drun erënnert, datt et och Pläng ginn huet eng „klassesch“ Eisebunnslinn vun der Gare iwwer LuxExpo bis zum Findel ze bauen. Gutt, datt ass kale Kaffi, bis vläicht op d‘Gare vum Findel…

Fuerderunge gehéieren zum Kongress

Kongresser sinn eng ideal Plaz fir Fuerderungen an d‘Welt ze transportéieren. Bei der Eisebunnsgewerkschaft huet een et nach net opginn, déi zousätzlech Trasse Lëtzebuerg-Esch Uelzecht (via Monnerech oder Féiz) ze reklaméieren. Dat géif vill aner Linnen entlaaschten a kéim besonnesch dem Pendlerverkéier zegutt.

Aner Linne stinn an et bréicht een se just nees opzemaachen. Als Beispill goufen ugefouert: Klengbetten-Stengefort an Biissen-Ettelbréck. Datt d‘Linn Dikrech-Ettelbréck soll verschwannen, gesäit ee bei der FNCTTFEL anescht. Dat och a besonnesch am Kontext vum Service. D‘Eisebunnergewerkschaft wëll sech och weiderhi fir besser Verbindungen am Norde vum Land asetzen.

Zu gudder läscht muss ee sech nach kuerz dem Gedanken zu „Intensivéiere vun der gewerkschaftlecher Zesummenaarbecht“ unhuelen. Dat war poch d‘Iwwerschrëft vun der Resolutioun déi ugeholl ginn ass. Richteg ass, datt den Accord iwwer d‘Zesummenaarbecht mam OGB-L eng Reussite war an ass. Falsch wier et awer unzehuelen, d‘Eisebunner wéilte mam OGB-L fusionéieren.

Ähnlech Sujeten CFL, Eisebunnergewerkschaft, FNCTTFEL, LuxTram
Nächsten Artikel Virrechten Artikel