Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Histoire(s) de Femme(s) – Ee Lëtzebuerger Film iwwert de weibleche Kampf
https://moien.lu/how-do-you-know-if-a-guy-likes-you-or-wants-to-hook-up/ online dating free chatting

fortnite custom matchmaking keys 2018

Et ass ee Film iwwert d’Evolutioun vun der Emanzipatioun vun

https://moien.lu/free-online-dating-in-italy/
https://moien.lu/how-do-you-know-if-a-guy-likes-you-or-wants-to-hook-up/ online dating free chatting

Dammefussball 18. Spilldag: D‘Damme vum SC Ell zu Beetebuerg ënnerleeën

Samschdeg 19 Auer, den Arbitter päift d‘Renconter tëscht dem SC

D‘CSV setzt bei den Europawahlen op eng jonk Equipp
https://moien.lu/how-do-you-know-if-a-guy-likes-you-or-wants-to-hook-up/ online dating free chatting

D‘CSV setzt bei den Europawahlen op eng jonk Equipp

Nodeems de Frank Engel als President vun der CSV net

Kongress FN: De Steve Bannon leet sech mat de Medien un

Kongress FN: De Steve Bannon leet sech mat de Medien un

De fréiere Beroder vum Donald Trump, Steve Bannon, war um Samschdeg zu Lille de Star-Invité vum Front National (FN). Hien huet et fäerdeg bruecht, datt d’Journalisten hien ausgepaff hunn, a versprécht der rietsextremer Partei d’Victoire. Eng Partei déi sech um haidege Sonndeg e neien Numm zouleet.

Wéi de Bannon d’Medien als „Oppositiounspartei“ a „Lakaien“ bezeechent huet, ass hie vun de Journalisten ausgepaff ginn. „D’Geschicht ass op eiser Säit a wäert eis vu Victoire zu Victoire féieren“, verséchert de Steve Bannon, d’Inkarnatioun vun der häertster amerikanescher Rietser. Hie war et, deen dem Trump seng Presidentschaftscampagne „op der leschter Riichter“ geleet huet, a dem US-President säi Beroder am Wäissen Haus war.

Géintiwwer der Press huet de Bannon uginn, datt hien der ex-Deputéiert Marion Maréchal Le Pen de leschte Mount begéint ass. Et war den Dag no senger Interventioun virun der Elite vum amerikanesche Konservatismus, an hien huet him e stralend Zukunft virausgesot. Woubäi de Steve Bannon schonn 2016, d’Marion Maréchal Le Pen, als „opsteigende Stär“ vun der rietsextremer Zeen bezeechent hat.

De Staatssekretär fir d’Relatioune mam Parlament, Christophe Castaner, huet den Amerikaner als „Kinnek vun de Fake New an de wäissen Iwwermënschen“ beschriwwen an ass der Meenung, datt den FN vläicht „de Numm wäert änneren, net awer seng politesch Ausriichtung“.

Et ass eng paradoxal Visite déi net „der Definitioun vun der gesellschaftsfäeger Partei“ entsprécht; en Zil dat den FN zanter 2011 verfollegt. Esou de Kommentar vum Partei-Matbegrënner Jean-Marie Le Pen. De fréiere Parteipresident, dee vu senger Duechter ausgeschloss gi war – wéinst senge polemeschen Aussoen zur Shoah – huet awer, bei enger Autogrammstonn zu Paräis, seng Sympathie fir de Bannon ausgeschwat.

Eng „erwuesse“ Partei

Um Kongress zu Lille soll d’Erneierung vun der Partei, esou wéi et vun der Presidentin Marine Le Pen gewënscht gëtt, beschloss ginn. Säit 2011 un der Spëtzt vum FN, ass si iwwerzeegt, datt eng Victoire bei den Europawahlen 2019 méiglech ass. D’Marine Le Pen gleeft dann och drun, datt si déiselwecht Chancen hunn, wéi d’Populisten an Italien.

„De Front National ass erwuesse ginn. (…) Hien huet sech vun enger Protestpartei an eng Regierungspartei gewandelt“, erkläert d’Marine le Pen, dat der Meenung ass, datt „sech e neie Numm ze ginn, déi beschte Manéier ass jiddereen et wëssen ze loossen“.

Laut der Partei, ass eng Ännerung vum Numm, vun 52% vun de Militanten ugeholl ginn. Haut wëll d’Presidentin déi nei Bezeechnung virschloen. De Jean-Marie Le Pen huet d’Resultat dann awer a Fro gestallt, an och e Parteikader wëll matkritt hunn, datt et eng „knapp Majoritéit géint de Prinzip vun enger Ännerung vun Numm“ ginn hätt.

„Psychologesch Krichsféierung“

„Ech hunn d’Wuert ‘Natioun’ ëmmer dem Wuert ‘Heemecht’ virgezunn“, esou d’Marine Le Pen, dat d’Bezeechnung „Patrioten“ drëttklasseg fënnt. Dat ass de Numm, deen der Presidentin hire fréiere Beroder, Florian Philippot, fir seng eege Partei gewielt huet. An si wëll och net méi, datt den FN ze vill „militäresch“ eriwwerkënnt.

Mee d’Presidentin huet och Suergen. Hiren Image huet an de Sondagen, zanter der Presidentielle, Schued geholl. D’Marine Le Pen hëlt et pragmatesch an mengt, e wier ganz normal, datt eng Partei no siwe Joer Expansioun och emol Réckschléi muss iwwerstoen. Dobäi huet d’Presidentin vum FN, nom verfuschten Debat mam Emmanuel Macron, och net méi dee selwechte Réckhalt an der Partei.

Zu Lille huet d’Marine Le Pen gesot, datt si „déi kleng Musek zum psychologesche Krich, deen hinne gefouert gëtt, gutt héieren hätt. Si erënnert awer drun, datt den FN 2017 och dräi Victoire fir sech verbuche konnt. Et miss een déi 11 Millioune Stëmmen (33,9%) vum zweeten Tour bei der Presidentielle wäertschätzen, grad ewéi d’Allianz mam Nicolas Dupont-Aignan an déi aacht Deputéierte Mandater.

An der Entrée vum „Grand Palais“ zu Lille, d’Sarah Fert, eng Enseignante vu 26 Joer. Si ass de Meenung, datt een „op enger neier Basis muss ufänken“. „Mir kommen aus engem laange Wahlkampf an et ass un der Zäit, datt een d’Partei nees federéiert“.

Säit der Presidentielle, huet d’Presidentin vum FN zwou grouss Néierlage missen astiechen: op der lénker, de Souverainist Florian Philippot, dee Lille als de Kongress vun der Opléisung gesäit; op der rietser, de Réckzuch vu senger Niess Marion Maréchal Le Pen, wat vill Réckhalt an der Partei huet an och gäre gesinn ass. Um Kongress allerdéngs war et net uwiesend.

Och mam Papp leeft et net wierklech gutt. Dee kontestéiert dem Marine Le Pen seng politesch Linn, huet awer drop verzicht weider Ueleg op d’Feier ze geheien, an ass och vum Kongress ewechbliwwen. Eng Premiere fir den Éierepresident. Woubäi deen „Titel“ soll him vum Kongress och nach oferkannt ginn.

mam Paul Aubriat an Anne Renaut/AFP

Foto: De fréiere Beroder vum US-President Steve Bannon (l) an d’Presidentin vum FN, Marine Le Pen, reechen sech d’Hänn um Parteikongress zu Lille. © Philippe Huguen/AFP

Ähnlech Sujeten Frankräich, Front National, Marine Le Pen, Rietsextrem, Steve Bannon
Nächsten Artikel Virrechten Artikel