Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?
Neiegkeeten

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?

Ettelbréck geet et wéi ville klenge Stied an Europa: Hier

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung
Neiegkeeten

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung

Déi britesch Premierministesch huet um Méindeg konsequent Verännerunge vun hirer

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch, fir 15 Richteger an eisem Lückentext ze kréien?
Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch, fir 15 Richteger an eisem Lückentext ze kréien?

Ech weess jo net, op iech d’Lückentexter an der Schoul

Kongress vun der ADR-Fraen

Kongress vun der ADR-Fraen

E Samschdeg 2. Februar, haten d‘ADR-Fraen hire statutaresche Kongress, bei dem och de Comité nei gewielt ginn ass.

D‘Sylvie Mischel ass eestëmmeg als Presidentin vun der ADR-Fraen erëmgewielt ginn. Déi weider Zesummestellung vum Comité: Goulnora Soultanova, Vizepresidentin a Sekretärin; Nadejda Trotsenko-Muller, Tresorière. Als Memberen si gewielt ginn: Marie-Andrée Faber-Schanen, Wilma Fuchs, Pierette Koehler, Mariette Schiltz an Colette Solny.

Beim Kongress ass sech och mat der politescher Aktualitéit an dem Regierungsprogramm befaasst ginn. D‘ADR-Fraen hu sech hei besonnesch besuergt gewisen, wat Chancëgläichheet-, d‘Sozial- an d‘Familljepolitik betrëfft. Bedauert gëtt de Fait, datt sech déi gréissten Oppositiounspartei ëmmer nees un dëser destruktiver Regierungspolitik bedeelegt.

Et gouf dann och ervirgehuewen, datt sech d‘ADR-Fraen och weiderhi fir déi fundamental Wäerter wäert asetzen, déi haut zu Lëtzebuerg leider just nach vun der ADR vertruede ginn. Et geet heibäi ëm d‘Ethik an de Schutz vum Kand. D‘ADR-Frae stinn an fir d‘Rechter vun den Elteren, an och fir d‘Chancëgläichheet fir Fraen a Männer. Fir e Matenaner, statt géintenaner…

Zesumme mat der Partei engagéiere sech d‘ADR-Fraen a villen ënnerschiddlechen Themeberäicher. Dozou gehéieren Ëmweltschutz, Gesondheet, Alters- a Fleegeheimer, esou wéi e Bildungssystem a Schoulen déi eise Kanner gerecht ginn, si esou virbereet, datt si sech der auslännescher Konkurrenz kënnen entgéintstellen, a seriéis Perspektive fir e sozialen Opstig erhalen.

Am Kontext vun den aktuellen Tendenzen, zu enger ëmmer méi staarker Radikaliséierung an enger Gesellschaftspolitik, esou wéi „Gambia II“ se bedreift, trieden d‘ADR-Fraen decidéiert entgéint.

Matgedeelt vun ADR-Fraen, Säitenopbau an Iwweraarbechtung: Laure Schlesser

Foto: © ADR

Ähnlech Sujeten adr, ADR-Fraen, Goulnora Soultanova, Kongress, Nadejda Trotsenko-Muller, Sylvie Mischel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel