Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Asexueller hu keng Loscht op Sex – mee op Léift!
Neiegkeeten

Asexueller hu keng Loscht op Sex – mee op Léift!

Iwwert Asexualitéit gëtt net vill geschwat. Dobäi trauen sech Asexueller

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen
Neiegkeeten

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen

Et war eng Noriicht, déi esou keen aus der Downing

SNE/CGFP: Endlech kënnt et zur gefuerderter Reform vum „Stage“
Neiegkeeten

SNE/CGFP: Endlech kënnt et zur gefuerderter Reform vum „Stage“

Nodeems den Daachverband vum SNE/CGFP mat der Regierung ausgehandelt hat,

Kongress vun der KPL: Dës EU kann een net reforméieren

Zumindest net wann d‘Kapital weiderhin d‘Reegele festleet

E Sonndeg hat déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) hire Kongress, an ausser de Kollege vu Bertelsmann huet et d‘Medien net interesséiert. Et huet sech zumindest kee gewisen, wat sécherlech domatter ze dinn huet, datt déi meescht Zeitunge „Parteiorganer“ sinn, an eng Berichterstattung net erwënscht ass. Et huet eben net jiddereen déiselwecht Definitioun vun Demokratie a Journalismus.

Dat festgestallt, gi mer zum Kongress iwwer. Empfaange goufen d‘Memberen an d‘Éieregäscht vum Edmond Peiffer, 2. Schäffe vun der Rëmelenger Gemeng. Hien ass op d‘Geschicht vun der KPL an dëser klenger Grenzstad agaangen. Interessant, d‘Kommuniste sinn zu Rëmeleng zanter 1936 am Gemengerot vertrueden, an dat eigentlech duerchgoend bis haut. (ausser 2005-2011).

Eng gutt Geleeënheet drun ze erënneren, esou de Gilbert Simonelli vum Zentralcomité, datt déi vun aneren als „Dout“ erkläerte Partei nach ganz lieweg ass. D‘KPL déi dëst Joer hiren 100. Jubiläum feiert, misst sech allerdéngs nei positionéieren, net ideologesch dofir méi Zäitgeméiss. An dësem Sënn gëtt säit 2005 och verstäerkt op déi international Zesummenaarbecht gesat, mat Erfolleg.

Méi no un de Bierger an d‘Jugend erukommen

Um Kongress ware vertrueden: d‘DKP (Däitschland), de PTB (Belsch) an de CPN (Holland), mat deene reegelméisseg Konferenzen ofgehale ginn. Vill Gléckwënsch sinn dem Kongress aus aller Welt zougedroe ginn, wat endgülteg all déi Lige strooft, déi d‘KPL „ofgeschriwwen“ hunn. Dat awer dierf net iwwert eng Rei existenziell Suergen ewechtäuschen, deenen sech muss gestallt ginn.

De Gilbert Simonelli huet an dësem Kontext d‘Genossen ermontert de politesche Kampf nees an d‘Gesellschaft anzebréngen, an esou de Mënschen eng éierlech Alternativ zur kapitalistescher Eenheetspolitik unzebidden. Et misst een de Leit net nëmmen d‘Problemer an d‘Gefore vun dëser Politik virun Ae féieren, mee Léisunge proposéieren an och am Dialog no weidere Léisung sichen.

Besonnesch d‘Jugendaarbecht soll nees intensivéiert, déi „politesch Bildung“ dem zäitleche Kontext ugepasst an d‘Kommunikatioun verbessert ginn. Méi Presenz an de sozialen Netzwierker, nei Abonnente fir d‘Zeitung, an e Rapprochement zu de Studentevereenegungen, sinn e puer vun den Usätz déi sech ubidden. Déi kommunistesch Jugend stäerken, séchert d‘Zukunft vun der KPL.

Sech net dem Diktat vum Kapital ënnerwerfen

De KPL-President Aly Ruckert, deen um Kongress zum Ausdrock bruecht huet, datt et säi lescht Mandat als Virsëtzende vun der Partei ass, ass am politesche Bericht vum Zentralcomité op déi vum Kapital bewosst erbäigefouert „Ongläichheeten“ agaangen. An dat ass net eleng dem Fait geschëlt, datt 1% vun der Weltbevëlkerung iwwer 50% vum Gesamtverméige besëtzt…

Hei ass villméi d‘Zerstéierungspotential vum Kapitalismus ervirzehiewen. Eng Ideologie déi op der Ausbeutung vum Mënsch duerch de Mënsch fundéiert, an zu enger reeller Bedreeung net nëmme fir déi Lounofhängeg avancéiert, mee sech dem zivilisatoresche Fortschrëtt an dem Klimaschutz géif entgéintstellen. Als Beispill kann een op den Handel mat „Emissiounszertifikater“ hiweisen.

Brauchbar politesch Konzepter hu Seelenheetswäert, an déi wou et gëtt kréien se net ëmgesat. Och de Fait datt sech ëmmer nei Parteien opdinn – déi grad wéi systemrelevant Parteien um politesche Konzept vum Kapitalismus festhalen – si kee Segen. Faschistesch, nationalistesch a friemefeindlech Parteien hunn et an d‘Regierunge gepackt, gesinn sech nees an der Mëtt vun der Gesellschaft.

Hei spillen d‘USA och eng gréisser a leider ganz desagreabel Roll. Si hunn net méi ganz deen Afloss aus fréieren Zäiten an hir Staatsscholde leie mëttlerweil iwwer 22.000 Milliarden, wat Gefore mat sech bréngt. Et ass net vun ongeféier, datt den US-President et op en Handelskrich mat China ukomme léisst, an och déi traditionell (Europa & Japan) mat Handelsbarrièren dreet.

Dozou kommen déi sëllech an onverständlech „Trump-Decisiounen“: Kënnegung vum iraneschen Atomofkommes, den INF-Vertrag, d‘Sanktioune géint Russland, Iran, Kuba a Venezuela sinn däitlech Entscheedungen déi net zum Zweck hunn de Fridden ze erhalen. Och déi jéngst Entscheedung, Israel déi annektéiert Golanhéichte formell zouzegestoen, stëft kee Fridden.

En Nee zum Krich, ass en Nee zur NATO

Datt d‘USA alles esou an d‘Wee geleet hunn, datt ronderëm eis Atomwaffe stationéiert sinn, an op d‘NATO esoulaang Drock ausgeüübt hunn, bis déi hir Memberen opgefuerdert huet 2% vum BIP an d‘Oprëschtung ze stiechen, léisst keng friddlech Absichten erkennen. D‘KPL geséich dann och gären, datt sech Lëtzebuerg aus dësem Verbond erauszitt. E Wonsch dee wuel kaum ze erfëllen ass.

Wann d‘NATO am Abrëll säi 70. Gebuertsdag feiert, wäert nees vun enger „Allianz fir de Fridden“ geschwat ginn, woubäi se dat definitiv net ass. All d‘Memberstaate vun der NATO – och déi wou keng Atomrakéiten hunn – weigeren sech den UN-Vertrag zum Verbuet vun allen Atomwaffen ze ratifizéieren. Et sinn awer déi selwecht déi allen dreeën, déi en Atomprogramm hunn oder wëllen.

Domatter wier dann och ersiichtlech oder zumindest erkennbar, datt déi „Mächteg“ et eenzeg an eleng op Ofsatzmäert, Ressourcen, Transportweeër, bëlleg Aarbechtskräften a strategesch Virdeeler ofgesinn hunn. Demokratie, Mënscherechter oder Fräiheet sinn do nëmme behënnerlech, woubäi de Konsument muss erhale bleiwen. Et sollen der jo nach ginn déi de ganze Misär finanzéieren…

Fir den Aly Ruckert misst elo jidderengem opfalen, datt nëmmen d‘Kommunisten de Garant fir Fridden a Sécherheet sinn, firwat d‘KPL sech fir en radikal Reduzéierung vun alle Militärausgaben asetzt, d‘Ënnerzeechne vum UN-Vertrag zum Verbuet vun den Atomwaffe fuerdert, an déi Lëtzebuerger Arméi duerch en Hëllefs- an Entwécklungs-Corps ersetze wëll.

Nee zum Europa vun de Banken a Konzerner

Fir d‘KPL ass d‘EU zanter hirer Grënnung eng Struktur déi Ausschliisslech den Interesse vun de Banken an de Konzerner déngt an am Widdersproch zu den Interesse vum Salariat steet. Zudeem géif een et mat den demokratesche Prinzipien net ganz esou genee huelen. De Vertrag vu Lissabon ënnermauert d‘Entwécklung zu engem wirtschaftlechen a militäreschem Block, esou d‘KPL.

Um Beispill vum Brexit léisst sech déi grouss Kris an där d‘Union stécht festmaachen. En erfollegräichen Austrëtt vun de Brite wier eng Néierlag fir d‘EU, a besonnesch fir déi féierend Länner Däitschland a Frankräich. Wéinst dem ganzen Theater, an den erschreckenden Zeenarien déi ugedreet ginn, dierften sech weider Austrëttskandidaten d‘Saach nach emol iwwerleeën.

Dorunner mécht d‘KPL fest, datt dës net duerch Reforme verännert ka ginn. Also misst een se fir unzefänken opléisen an am Interessi vun alle Wierktätegen eng nei Struktur fir all d‘Vëlker vum europäesche Kontinent schafen. Nëmmen en Europa dat op eng wierklech solidarescher Basis funktionéiert, mécht e gemeinsamt Handelen an alle Beräicher méiglech.

Ënnert dëser Viraussetzung Kandidate fir d‘EU-Wahl vum 26 Mee opzestelle kléngt gewot, an dierft eng Erausfuerderung fir all Wieler duerstellen, deem schonn un d‘Häerz geluecht gëtt sech vun enger Stëmm fir Populisten an/oder Euroskeptiker ze enthalen. An awer muss een dierfe behaapten, datt si, wat Europa betrëfft, eng ganz kompetent an jonk Equipp opgestallt hunn.

Wéi eng Roll huet déi kommunistesch Partei zu Lëtzebuerg?

„Wa mir iwwert d‘Roll vun enger kommunistescher Partei am Klassekampf schwätzen, sollte mir eis un d‘Eegenschaften erënneren, déi eng revolutionär Partei muss hunn“, esou den Aly Ruckert, deen drop hiweist, datt déi Mierkmoler scho vu Marx an Engels erausgeschafft goufen. Déi géifen ënnert kapitalistesche Bedingungen hirem Wiesen no onverännert bleiwen.

Et gëtt sech dann hei op véier Grondlage gestëtzt: d‘Orientéierung op d‘Aarbechterklass, d‘féiere vum Klassekampf op allen Niveauen, un den Ziler vum Sozialismus an dem Kommunismus festhalen, an sech als Partei vum proletareschen Internationalismus an der internationaler Solidaritéit ze erkenne ginn. Dat alles ëmzesetze bedeit, datt all d‘Kräfte musse mobiliséiert ginn.

Hei sollt een och net vergiessen, datt déi Lëtzebuerger Bierger nach dëst Joer opgeruff wäerte ginn, sech an engem Referendum zur Verfassung ze äusseren. D‘KPL géif et begréissen, wann ee sech op Regierungsniveau kéint derzou entschléissen, am Virfeld vum Referendum mat de Bierger iwwert de Projet ze debattéieren. Kuba huet virgemaach wéi een dat ka bewierkstellegen.

Fir heirobber Afloss huelen ze kënne misst awer d‘KPL un e puer Schrauwen dréinen. Nees méi no un d‘Salariat kommen a wie weess, eventuell nees Betriibssektiounen op d‘Been stellen. Ganz wichteg ass awer och de Kontakt zu de Jonken, déi wou nach Studéieren, wéi och déi wou scho Schaffen, oder op der Sich no enger Schaff sinn. Et heescht also d‘Äerm eropkrämpelen…

(Notiz: De Kandidate fir EU-Wahle widme mir nach ee gesënnerten Artikel, an deem mir och op d‘Resolutioune vum Kongress kënnen agoen)

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Europawahlen 2019, Kapitalismus, Kommunismus, Kongress, KPL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel