Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet
ugo dating site Neiegkeeten

dating godly man

Datt Geld eleng net glécklech mécht, ass fir vill Leit

top dating websites usa
https://moien.lu/stages-of-dating-me/
ugo dating site Neiegkeeten

Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?

Mat dëser Fro huet sech de Statec auserneen gesat. An

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus
ugo dating site Neiegkeeten

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus

De Kanton Réimech ass deen zweetklengste vun der Fläch hier.

Kongress a Wäisst Haus leien sech an den Hoer

Iwwert den transparenten Ëmgang mat vertraulechen Informatiounen

Kongress a Wäisst Haus leien sech an den Hoer

Zu Washington geet d‘Gestreits tëscht dem Kongress an dem Wäissen Haus weider. D‘Demokrate verlaangen d‘Fräigab vu vertraulechen Ënnerlagen an hunn esouguer géint de Justizminister William Barr e Verfahren ageleet. Grondlag vum ganzen? De Bericht vum Robert Mueller

Am Kontext vun der Russlandaffär, hunn d‘Demokraten am US-Kongress verlaangt dee ganzen – an ongeschwäertzte – Bericht vum Sonnerermëttler Robert Mueller virgeluecht ze kréien. Dat huet den Donald Trump mat senger Muecht bis ewell verhënnert an och de Justizminister William Barr weigert sech standhaft dem politesche Géigner „entgéint“ ze kommen. Dat kéint him elo wéi doen.

Kongress

Et ass nämlech keng gutt Iddi sech mam Justiz-Ausschuss vum Kongress – och wann dëse vun den Demokrate presidéiert gëtt – unzeleeën. Den Ausschuss huet schliisslech och Muecht, an esou ass elo eng Prozedur „wéinst Mëssuechtung vum Kongress“ géint de William Barr ageleet ginn.

E klenge Réckbléck

Wéinst enger „méiglecher“ Amëschung vun de Russen an de Presidentschaftswahlkampf 2016, hat de Sonnerermëttler Robert Mueller zwee Joer laang enquêtéiert. Hie sollt préiwen, ob et tëscht dem Milliardär sengem Wahlteam a russeschen Offiziellen zu Ofsprooche komm ass, an ob an dësem Kontext de 45. US-President d‘Justiz behënnert an „Zeien“ beaflosst huet. Beweiser géif et keng…

Also zumindest ass datt d‘Opfaassung vum US-Justizminister, deen zu dëser Conclusioun komm ass an dat an engem „Resumé“ esou och schrëftlech festgehalen huet. De Robert Mueller selwer huet allerdéngs betount, datt säi Bericht de President net entlaaschte géif. Dat erauszefanne geet awer nees nëmmen dann, wann engem de ganzen, ongeschwäertzte Bericht, virgeluecht gëtt.

E presidentielle Mëttelfanger

En Dënschdeg hat et nach Verhandlunge ginn, mee engem Kompromëss war de Locataire aus dem Wäissen haus net opgeschloss. Hien huet wéi gewinnt de Batti gestallt, notzt seng Vollmuechten aus a verhënnert ganz ongenéiert, datt de Bericht a senger Integralitéit dem Ausschuss virgeluecht gëtt.

Kongress

Woubäi den Donald Trump net eleng de Mueller-Bericht ënner Verschloss hale wëll. Hien huet d‘Fräigab vun allen a senger Hand gehalenen Ënnerlagen, déi vum Justiz-Ausschuss ugefuerdert gi sinn. Seng Spriecherin, Sarah Sanders, huet entspriechend nogeluecht a behaapt elo drop, datt den Demokrat a President vum Justiz-Ausschuss, Jerrold Nadler, seng Muecht géif mëssbrauchen.

Dee stellt dréche fest, datt et de President ass deen d‘Rechter vum Kongress géif mëssuechten an net ëmgekéiert. Säi Fazit: „Déi rechtlech Argumenter vum Justizministère sinn onglafwierdeg, onbegrënnt, esou wéi ouni rechtlech oder sachlech Grondlag“. D‘Lag spëtzt sech weider zou…

Exekutivprivilegie sollt een net mëssbrauchen

Wéi et ausgesäit, sëtzt de President – zumindest den Ament nach – um längeren Hiewel. Dat well säin Exekutivprivileg him et erlaabt, de geriichter, dem Kongress a virun allem der Ëffentlechkeet Informatiounen ze „verheemlechen“ fir datt Entscheedungsprozesser vertraulech bleiwen. Elo muss de Plenum vum Representantenhaus doriwwer ofstëmmen, an hei sinn d‘Demokrate majoritär.

Kongress

A well de William Barr dem Kongress seng Ausso verweigert huet, ass beim Procureur vum Distrikt vu Columbia eng Plainte deposéiert ginn. Deen ënnersteet dem Justizministère an sollt d‘Verdeedegung vum Bekloten iwwerhuelen. Et besteet zudeem och d‘Méiglechkeet, de Ministère ze verkloen an esou ze zwéngen de „ganze Bericht“ virzeleeën. Esou eppes ka Joren daueren.

mat indymedia/was

Foto: Den Donald Trump wëll de Bericht vum Sonnerermëttler Robert Mueller net a senger Integralitéit fräiginn. Hie berifft sech op seng Exekutivprivilegien. © White House

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Jerrold Nadler, Robert Mueller, Russland Affär, USA, William Barr
Nächsten Artikel Virrechten Artikel