Search

You may also like

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris
Kultur Neiegkeeten

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris

„Wéinst engem „Sécherheetslach“ goufe 50 Millioune Facebook-Konte piratéiert“, esou um

Musek fir jiddereen – ee soziale Pilotprojet zu Déifferdeng!
Kultur Neiegkeeten

Musek fir jiddereen – ee soziale Pilotprojet zu Déifferdeng!

Gëschter ass am ale Stadhaus vun der Gemeng Déifferdeng de

120.000 Aluedungen zum Test a keen dee kënnt
Kultur Neiegkeeten

120.000 Aluedungen zum Test a keen dee kënnt

Iert de 24. Dezember déi siwent Modifikatioun vum Covid19-Gesetz gestëmmt

Konscht am Gronn – Déi éischt Expo vun der Saison

Konscht am Gronn – Déi éischt Expo vun der Saison

E Sonndeg, den 2. August 2020 kann een déi éischt Ausstellung vun der 15. Editioun vu „Konscht am Gronn“ kucke goen. Ënnert fräiem Himmel kréien d’Visiteuren d’Méiglechkeet, eng immens Diversitéit u Wierker an original Kreatiounen vun ëm 20 Artisten mat 8 verschidden Nationalitéiten ze erliewen.

D’Evenement „Konscht am Gronn“ fënnt all éischte Sonndeg am Mount ënnert dem strikte Respekt vun den aktuelle sanitäre Moossname statt, an dat bis Oktober. An dësem Joer fannen d’Concerten a reduzéierter Versioun statt. Begleet gëtt d’Expo dofir zwar vu 14:00 bis 15:00 Auer vun internationale Museker , allerdéngs ouni Gesang.

An dësem Kontext informéiert d’Stad Lëtzebuerg doriwwer, datt d’Linn 23 wärend der Manifestatioun net am Quartier Gronn fiert. Dofir bréngt Iech d’Navette N23 ab der Gare (Quai 6) zu de selwechten Zäiten wéi d’Linn 23 an de Gronn an nees zeréck.

Zënter 9 Joer gëtt dat artistescht Evenement mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert.

Related topics Artisten, Concert, Kënschtler, Konscht am Gronn, Linn 23, Musék, Navette N23, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post