Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp
Kultur Neiegkeeten

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp

Um haitege Mëtteg sinn de Buergermeeschter, wéi och dräi Schäffe

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt
Kultur Neiegkeeten

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Zu Lëtzebuerg kann een 2017 als Joer vum Vëlo bezeechnen.

Neie Stroossebelag an der Rue de Mühlenbach (23.05-25.05)
Kultur Neiegkeeten

Neie Stroossebelag an der Rue de Mühlenbach (23.05-25.05)

Vum Samschdeg, den 23. Mee bis Méindes, de 25. Mee

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”

Zanter leschtem Sonndeg ass nees Konscht ënner fräiem Himmel am Gronn ugesot! Déi 14. Oplo vu Konscht am Gronn ass lancéiert an esou kann een an der rue Münster op der Bréck bis Oktober déi oppen Ausstellung bewonnere goen.

All éischte Sonndeg am Mount – an egal bei welchem Wieder – verwandelt sech de charmante Gronn vun 10:00 bis 18:00 Auer an eng oppe Konschtgalerie. Bei enger molerescher souwéi familljefrëndlecher Atmosphär huet een d’Geleeënheet, spannend Konschtwierker – déi sech vun Zeechnungen, Biller a Fotoen bis Skulpturen erstrecken – fir sech ze entdecken. Ronn 20 Kënschtler aus aacht verschiddene Länner sinn dëst Joer mat um Start. Ab der Mëttegstonn kritt een dann och nach eng Rei Concerte gebueden.

Mam Zil, de Quartier Gronn artistesch ze beliewen, huet de Syndikat vum Stadgronn am Joer 2006 dës “open air”-Galerie an d’Liewe geruff. Dës Initiativ soll den Zesummentreff tëscht Konschtbegeeschterten a Kënschtler erméiglechen. Wat d’Organisatioun ubelaangt, esou paakt d’Gemeng Lëtzebuerg virun allem bei logisteschen Erausfuerderungen eng Hand mat un. Fir de Rescht sinn et Lëtzebuerger Kënschtler, déi dës Galerie organiséieren, notamment d’Martine Gillen, d’Viviane Briscolini d’Christine Weissenberger an d’Alice Niederkorn.

Konscht am Gronn

© Konscht am Gronn

Iwwerbléck:

Konscht am Gronn – Galerie ënner fräiem Himmel
Vu Mee bis Oktober 2019 – all éischte Sonndeg am Mount vun 10:00 bis 18:00 Auer
Entrée: fräi

Ähnlech Sujeten Gronn, Kënschtler, Konscht, Konscht am Gronn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel