Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg
International Kultur Neiegkeeten

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg

Nach virun engem Joer huet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner der Press

ASTI – dräi Projete fir d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg
International Kultur Neiegkeeten

ASTI – dräi Projete fir d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg

Am Joer 2015 ass Lëtzebuerg, genau wéi de Rescht vun

GEWËNNSPILL European Hillrace 2019
International Kultur Neiegkeeten

GEWËNNSPILL European Hillrace 2019

  Fir den EUROPEAN HILLRACE 2019 zu Eschduerf verlouse mir

Konschtpräis Robert Schuman 2019: 4 Stied vereenen hir Artisten

Konschtpräis Robert Schuman 2019: 4 Stied vereenen hir Artisten
Thibaud Schneider © Olivier Minaire
Konschtpräis Robert Schuman 2019: 4 Stied vereenen hir Artisten
Thibaud Schneider © Olivier Minaire
Konschtpräis Robert Schuman 2019: 4 Stied vereenen hir Artisten
Thibaud Schneider © Olivier Minaire

Déi 14. Editioun vum Konschtpräis Robert Schuman ass offiziel lancéiert. Dës Kéier huet Lëtzebuerg nees déi grouss Éier mam Cercle Cité an der Villa Vauban eng Ausstellungsplaz fir auserwielten Artisten aus der Groussregioun ze bidden. De Groussherzogtum gëtt dobäi vum Aline Bouvy, Laura Manelli, Claudia Passerie an dem Eric Schumacher vertrueden.

Zënter 1991 bitt de Konschtpräis Robert Schuman dem zäitgenëssesche Schafe vum Netzwierk QuattroPole eng Plattform. Dobäi organiséieren all 2 Joer ofwiesselend d’Stied Saarbrécken, Tréier, Metz a Lëtzebuerg déi feierlech Zeremonie, woubäi all Stad duerch een oder méi Vertrieder jeeweils véier Kënschtler(innen) zur Participatioun invitéiert.

Gewonnen huet…

De Konschtpräis Robert Schuman 2019 geet un den Thibaud Schneider aus Metz.
Eng besonnesch Éierung vun der Jury hunn d’Anaïs Marion aus Metz an d’Aline Bouvy aus Lëtzebuerg kritt.

De Jury, deen aus Konschtexperte besteet, huet sech e Mëttwoch, den 20. November 2019 zesumme fonnt fir pünktlech zum Vernissage vun der Ausstellung, just een Dag méi spéit, de Präis feierlech iwwerreechen ze kënnen.

Konschtpräis Robert Schuman

D’Laureater vun 2019 © Olivier Minaire

D’Membere vun der Jury sinn d’Suzanne Cotter, Direktesch vum MUDAM; d’Danièle Wagener, Éierendirektesch vun den 2 Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg; d’Nathalie Filser, Direktesch vun der Konschthéichschoul an der Lorraine; de William Schuman, President vum TCRM-BLIDA Metz; d’Gabriele Langendorf, Rektorin vun der Héichschoul fir Bildend Kënscht Saar; d’Nicole Nixhauck, Leederin vun der Städtischen Galerie Neunkirchen, d’Dr. Gabriele Rasch, Konschthistorikerin vu Mainz, d’Dr. Dorothée Henschel, wëssenschaftlech Mataarbechterin am Stadtmuseum Simeonstift Tréier.

Ee kreativen Zesummeschloss aus 4 Stied

Dëse fruchtbaren Austausch leet schlussendlech zu eng Gruppenausstellung vu ganzer 16 Artisten aus der Groussregioun. Vum 22. November 2019 bis den 19. Januar 2020 kann een hir Wierker an der Villa Vauban, sou wéi am Cercle Cité bewonneren. Mat dobäi sinn:

  • Fir Lëtzebuerg: D’Aline Bouvy, d’Laura Manelli, d’Claudia Passerie an den Eric Schumacher (ausgewielt vum Stilbé Schroeder)
Konschtpräis Robert Schuman

Aline Bouvy © Olivier Minaire

  • Fir Metz: D’Anaïs Marion, de Marceau Pensato, d’Émilie Pierson an den Thibaud Schneider (ausgewielt vum Marc Aufraise)
Konschtpräis Robert Schuman

Émilie Pierson © Olivier Minaire

  • Fir Saarbrécken: D’Frauke Eckhardt, d’Mirjam Elburn, de Martin Fell an d’Ida Kammerloch (ausgewielt vun der Dr. Andrea Jahn a Kamila Kolesniczenko)
Konschtpräis Robert Schuman

Ida Kammerloch © Olivier Minaire

  • Fir Tréier: De Stephan Backes, de Werner Bitzigeio, d’Bettina Ghasempoor an d’Judith Leinen (ausgewielt vum Bettina Leuchtenberg)
Konschtpräis Robert Schuman

Werner Bitzigeio © Olivier Minaire

Praktesch Informatiounen

Am Kader vum Konschtpräis Robert Schuman gëtt vum 22. November 2019 bis den 19. Januar 2020 eng Ausstellung mat 16 Kënschtler am Cercle Cité (Place d’Armes, Méindes bis Sonndes vun 11 bis 19 Auer, gratis Entrée) an der Villa Vauban (18 Avenue Émile Reuter 2420 Lëtzebuerg, Méindes bis Sonndes vun 10 bis 18 a Freides souguer bis 21 Auer, gratis Entrée zur PARS Expo) organiséiert.

Gratis Féierunge ginn u folgende Samschdeger jeeweils um 15 Auer organiséiert: 23. November (FR), 30. November (EN), 7. Dezember (LU/DE), 21. Dezember (FR), 28. Dezember (EN), 4. Januar (DE/LU) an den 11. Januar (FR). Dës Féierunge fänken am Cercle Cité un an halen an der Villa Vauban op. Umelle sollt ee sech ënnert inscription@cerclecite.lu.

De Katalog zur Ausstellung gëtt de 14. Dezember um 11 Auer am Cercle Cité presentéiert.

Ähnlech Sujeten Aline Bouvy, Anaïs Marion, Ausstellung, Cercle Cité, Claudia Passerie, Eric Schumacher, Konscht, Konschtpräis Robert Schuman, Laura Manelli, Quattropole, Thibaud Schneider, Villa Vauban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel