Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D’Acteure vum Referendum a Katalounien, erkläert
Neiegkeeten

D’Acteure vum Referendum a Katalounien, erkläert

Muer ass et esouwäit, dat gëtt a Katalounien e Referendum

Eist Wieder verännert sech
Neiegkeeten

Eist Wieder verännert sech

Nodeems en Tornado d‘Uertschafte Péiteng a Käerjeng uerg a Matleedschaft

Aquarell-Ausstellung vum James Foot – de Brit a Griicheland
Neiegkeeten

Aquarell-Ausstellung vum James Foot – de Brit a Griicheland

Um 26. Mäerz invitéiert de Cercle Munster häerzlech op d’Ausstellung

Konstruktive Gedankenaustausch mam Lëtzebuerger Bauereverband

Konstruktive Gedankenaustausch mam Lëtzebuerger Bauereverband

Am Kontext vun den traditionellen Empfäng zu Neijoerschdag, huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider den 29. Januar eng Delegatioun vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) a sengem Ministère empfaangen.

Bei dëser Entrevue ass sech iwwert de Regierungsprogramm ënnerhale ginn. Och ugeschwat, gouf de Verbuet vum Asaz vu Glyphosat bis 2020, an d‘Ustrengunge fir den Undeel u biologescher Landwirtschaft op 20% bis 2025 ze bréngen. Dobäi ass selbstverständlech iwwert déi verschidde Begleetmoossname fir d‘Landwirt diskutéiert ginn.

De Minister huet der Delegatioun och verséchert, datt ee sech weider fir d‘Interesse vun de lokale Bauerebetriber, am Kader vun der gemeinsamer europäescher Landwirtschaftspolitik, wäert asetzen. Zudeem soll och d‘Fuerschung fir de Landwirtschaftssecteur gefërdert ginn.

Wat de Verbuet vum Glyphosat betrëfft, esou huet de Minister drun erënnert, datt zesumme mat der Landwirtschaftskummer an dem LIST, e Fuerschungsprojet lancéiert ginn ass. Zil vun dëser Fuerschung: chemesch a mechanesch Alternativen zum Glyphosat ze fannen. Et géif sech hei awer och mat den indirekten Auswierkungen (finanziell) vum Verbuet ausenanergesat.

De Minister huet nach ënnerstrach, datt déi modern Landwirtschaft sech op den dräi Piliere vu der ekonomescher, sozialer an ekologescher Liewensfäegkeet muss stäipen. Hien insistéiert op de Fait, datt ee gewëllt ass d‘Landwirtschaft a senger ganzer Diversitéit ze ënnerstëtzten.

Foto: (v.l.n.r.) 1. Rei: André Loos (Premier Conseiller MA), Louis Bonen (FLB), Romain Schneider (Landwirtschaftsminister), Aloyse Marx (President FLB), Jeanne Lux (FLB) 2. Rei: Carlo Dahm (ASV), Marc Weyland (Direkter vun der ASTA), Alfons Ferber (FLB), Alain Schaack (FLB), Jean-Paul Vosman (FLB), Tom Bermes (SER) © MA

Ähnlech Sujeten FLB, Gedankenaustausch, Glyphosat, Landwirtschaftsministère, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel