Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zwangspaus fir dat britescht Parlament
https://moien.lu/i-want-a-girl-for-dating-in-hyderabad/ Neiegkeeten

https://moien.lu/online-dating-is-hard-reddit/

Den neie britesche Premierminister Boris Johnson huet sech virgeholl Groussbritannien

exclusive dating sites in kenya
https://moien.lu/i-want-a-girl-for-dating-in-hyderabad/ Neiegkeeten

D’Pirate mat Zouversiicht um Wee an d’Gemengewahlen

De Landeskongress vun der Piratepartei Stong voll an ganz am

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach
https://moien.lu/i-want-a-girl-for-dating-in-hyderabad/ Neiegkeeten

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach

Wann e sech de Rapport vun der IGSS (Generalinspektioun vun

money

De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden

De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden

Bei der Auditioun vum 25. Oktober haten déi verantwortlech vum Konsumenteschutz (ULC) d‘Geleeënheet ergraff hir Fuerderungen zu den héije Bankfraisen, wéi och de Schléissunge vu Bank- a Postfilialen, de Membere vun der Petitioun- a Finanzkommissioun vun der Chamber ze erklären. Mat derbäi de Finanzminister Pierre Gramegna.

D‘Fuerderunge vun der ULC betreffen dann och haaptsächlech d‘Ofschafe vun de Fraise fir Basisoperatiounen am Schalter. Kompromëssbereetschaft kéint et ginn, wann een zumindest iwwert eng substantiell Reduktioun vun dëse Fraise géif schwätzen. Dat wier besonnesch wichteg fir eeler Mënschen a Leit mat enger Behënnerung, déi esouwuel beim ophiewen, abezuelen an iwwerweisen op d‘Hëllef vun engem Schalterbeamten ugewise sinn.

Doriwwer eraus geséich d‘ULC et gären, datt endlech Schluss géif gemaach ginn, mat där onduerchsiichteger Informatiounspolitik. Dem Client misst eng vollstänneg Transparenz gebuede ginn, bei de Banken an der Post. Datt de Client ganz legal „beduckst“ géif ginn, dofir géif et masseg Beispiller. Esou kéint et dach net ugoen, datt enger Fra vun 92 Joer reduzéiert Tariffer refuséiert ginn.

Vun de Banken an der Post erwaart sech de Konsumenteschutz, datt si hire Clienten eng offiziell a fir jidderee verständlech, kloer an däitlech Informatioun zoukomme loossen, wéi eng Basisoperatiounen, virun allem vir déi eeler a benodeelegt Persounen un de Schalter gratis, respektiv zu staark reduzéierte Fraisen ugebuede ginn. Wéi an ënner wat fir Konditiounen dës Virzuchsleeschtungen, falls et se da gëtt, de betraffene Cliente matgedeelt a ugebuede ginn, wëll d‘ULC dann och wëssen.

An dësem Sënn wäert d‘ULC déi betraffe Finanzinstituter an d‘Post uschreiwen an ëm eng offiziell Stellungnam bieden. Dat gëllt besonnesch fir déi zwee zu 100% an der Hand vum Staat gehalen Haiser, der Post an der Spuerkeess. Grad hei sollt ee sech senger besonnescher sozialer an ziviller Verantwortung am klore sinn. Dofir fuerdert de Konsumenteschutz d‘Banken an d‘Post nach emol op, datt wann et Konditioune gëtt, ënnert deenen de Client manner Fraisen ze bezuelen, deen dann och doriwwer informéiert gëtt.

Ähnlech Sujeten Banken, Konsumenteschutz, Pierre Gramegna, Post, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel