Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ankara vu Washington „enttäuscht“
opinion essay online dating Neiegkeeten

nz best free dating site

Mat 405 zu 11 Stëmmen huet d‘Representantenhaus zu Washington eng

free dating site in greece
opinion essay online dating Neiegkeeten

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta

Eng 20.000 Ziviliste konnten um Donneschdeg d’Rebellen-Enklav vun der ëstlecher

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen
opinion essay online dating Neiegkeeten

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen

Den Orkan Harvey huet op mannst ee Mënsch d’Liewe kascht

money

De Konsumenteschutz informéiert: Boergeld dierf net refuséiert ginn

De Konsumenteschutz informéiert: Boergeld dierf net refuséiert ginn

Lëtzebuerg wéi de ganze Rescht vun der Welt stécht an enger sanitärer Kris, an d‘Mënsche sinn, nodeems se dann endlech schénge verstanen ze hunn, eppes onroueg. Elo verhält et sech dann och nach esou, datt sech ëmmer méi Leit beim Konsumenteschutz beschwéieren, wëll si net méi mat Boergeld bezuele kënnen. Wat ass do drun? Wat seet d‘Gesetz? A muss ee Verstees-de-Mech hunn?

Mir hunn eis zu Esch an de Geschäfter ëmgekuckt an tatsächlech net schlecht gestaunt. Eng grouss Enseigne, de Fischer fir et net ze ernimmen, huet – esou d‘Ausso vun de ganz frëndlechen Dammen – senge Mataarbechter den Uerder ginn, d‘Cliente mat der Kaart bezuelen ze loossen. Och an zwou Apdikte gëtt kee Boergeld méi ugeholl. D‘Maartleit dogéint, huelen et gären, an dat ass gutt esou.

Et ass jo richteg, datt een virsiichteg soll sinn, mee d‘Dommheet vun de Leit léisst sech och mat ganz vill Virsiicht net ewech diskutéieren. Mat dëser Mesure, ginn alt nees an éischter Linn eeler Leit, an déi wou nach keng Plaz op der Sonnesäit vum Liewen zougesprach kritt hunn, ausgegrenzt. An Zäiten; wou Zesummenhalt déi lescht Maxim ass déi verhënnert datt mir eis Klappen, net gutt.

Boergeld

Um Dënschdegmueren op der Stadhausplaz zu Esch. De Maart ass do, wéi ëmmer… an hie wäert och ee Freideg do sinn… wéi ëmmer. Dat ass gutt, datt wichteg mee virun allem ass et sozial. Et weist eis, datt mir net am Krich sinn, wéi dat vun domme Politiker paraphraséiert gëtt, an et kee Sënn mécht ze „hamsteren“. Profitéiert vum Maart wann dir kënnt, wann deen nämlech emol net méi do ass, dann hu mir wierklech Problemer. An äert Boergeld huele si gären un. © Martine de Lagardère/moien.lu

Gutt elo gëtt et jo nach Alternativen an et kann ee Verstoe, besonnesch an enger Apdikt, datt et méi streng Mesure brauch, fir de gréisst méigleche Schutz ze hunn. Elo verhält sech awer esou, datt déi Geschäftsleit géint Gesetz verstoussen (Gesetz vum 27. Juli 2017). Fir déi meescht ass wuel net novollzéibar datt et dobausse Mënschen ouni Kreditkaart gëtt, an awer sinn se do a wäerte bleiwen.

De Konsumenteschutz riicht dann elo och en Appell un d‘Kriseregierung, dem Handel nozeleeën, wann de Client net anescht kann, d‘Boergeld unzehuelen. Wien mat enger Kreditkaart bezuele kann, sollt dat awer maachen, a punkto Hygiène bréngt dat zwar näischt, mee et ass eng aussergewéinlech Situatioun déi eis all Erausfuerdert, a wann et berouegt erfëllt et jo och säin Zweck…

Et ass grad net wierklech den Ament, sech unzefeinden. Mir sti ganz um Ufank vun enger globaler Kris déi eiser all Liewe wäert veränneren. Déi Communautéiten, déi Zesummenhalt beweisen an dat duerchhalen, déi sinn kloer am Virdeel. A wa mir, wéi et d‘ULC réit, ee mat deem anere verstänneg ëmginn, da sollte mir näischt ze fäerten hunn. Jo et ass net einfach, an d‘Flucht ass Zwecklos…

Foto: Bei aller noutwenneger Virsiicht, och Apdikte musse Boergeld unhuelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Droit de réponse:

Ech sin d’Titulaire vun der Apdikt Welschbillig zu Esch, an dat ass déi Apdikt déi op der Photo vun dem uewen zitéierten Artikel ass (Centre Mercure) . Den Fait ass, dass mir nach Borgeld unhuelen, obwuel et schwéier gin ass fir Mënz ze wiesselen! Wann dir an ären Artikel schreiwt dass 2 Apdikten zu Esch keen Borgeld méi huelen, an dir maacht eng Photo vun eiser Apdikt driwwer, dat fannen ech einfach nët fair.

Ähnlech Sujeten Boergeld, Coronavirus, Konsumenteschutz, Sanitär Kris, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel