Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten: Fënneften Dag vun der Mobiliséierung
Money Neiegkeeten Stories

Giel Gileten: Fënneften Dag vun der Mobiliséierung

Un haidege Mëttwoch, geet d‘Kontestatioun géint ze héich Spritpräisser an

Eppes méi Respekt a besser Aarbechtskonditiounen
Money Neiegkeeten Stories

Eppes méi Respekt a besser Aarbechtskonditiounen

A sengem Communiqué huet den OGBL nach emol op den

Nei Objektiver fir d‘Elektromobilitéit
Money Neiegkeeten Stories

Nei Objektiver fir d‘Elektromobilitéit

Méi Elektromobilitéit verréngert zwar net am geréngsten d‘Problemer vun der

money

Konsumenteschutz: Wann d‘Politik sech der Sammelklo verwiert (Analys)

Där brisanter Themen huet d‘ULC Asbl masseg, keent dovunner gëtt politesch eescht geholl

Konsumenteschutz: Wann d‘Politik sech der Sammelklo verwiert (Analys)

Nodeems mir eis der Bilan-Iwwersiicht vum Konsumenteschutz ugeholl hunn, erschéngt et elo zwéngend noutwenneg, sech enger Rei berechtegte Fuerderunge vun der ULC zouzewennen. A politesche Courage am Interessi vun de Bierger ze weisen, wier net vu Muttwëll. Mee d‘Regierung huet zanter längerem ganz eegen Interessen an de Konsument/Wieler huet dat ze respektéieren.

Virwuert

Datt de President vun der ULC Asbl zesumme mat senge Verfechter fir e bessere Schutz vun de Konsumenten antrëtt, sollt – esou déi gängeg Meenung – vun der Politik gewierdegt ginn. Mee a Wirtschaftsfroe geet eiser Regierung an éischter Linn drëms, d‘Interesse vun de Konzerner an der Finanzwelt ze vertrieden. Et wëll ee jo och no der politescher Carrière nach Verwendung fannen.

Et hat vill Kraaft kascht iwwerhaapt emol e Konsumenteschutzministère duerchgesat ze kréien, an de Verwaltungsrot vun der ULC, seng Trägerorganisatioune wéi och den Direkter woussten, datt et domadder eleng net gedoen ass. Esou ee Ministère ass schlussendlech och ëmmer nëmmen esou effizient, wéi dat vum Minister – hei eng Ministesch – gefuerdert an ëmgesat gëtt. An domadder fänken d‘Problemer am Fong schonn un. D‘Paulette Lenert huet nämlech ganz aner Suergen…

Wann et richteg ass, datt d‘Covid9-Pandemie déi eigentlech Prioritéit fir d‘Ministesch ass an och ugesiichts den neien Entwécklunge muss bleiwen, esou berechtegt dat net schlechten Ëmgang mat enger Rei Dossieren, déi souwisou längst hätte missen am Sënn vun de Bierger an dem Land enger Léisung zougefouert ginn. Et beweist och nees, datt een net op allen Hochzäiten danze kann.

Sammelkloe gesetzlech méiglech maachen

D‘ULC fuerdert schonn esoulaang d‘Recht op Sammelkloen, datt ee sech Schwéier deet sech un d‘Ufäng ze erënneren. Elo endlech ass de Gesetzprojet 7650 um Instanzewee, a mat dësem gëtt de Mënsche virgegaukelt datt de „kollektive Recours“ erméiglecht gëtt. Esou wier et, bei geneeër Betruechtung vum Text der ULC méiglech, eng Sammelklo anzereechen, woubäi hei den Akzent kloer op „méiglech“ läit, well d‘Gesetz huet virrangeg den Zweck esou Aktiounen ze behënneren.

Am Avis vun der ULC Asbl gëtt ganz kloer a prezis op déi politesch gewollte Verfeelungen an dësem Gesetzprojet higewisen, deen all Konsument sollt „éischter gëschter wéi muer“ op d‘Strooss dreiwen. Jo et ass richteg, dat iwwert d‘Instrument vun der Sammelklo legiferéiert gëtt, also an Zukunft de kollektive Recours zoulässeg ass. Aus fräie Stécker awer huet d‘Paulette Lenert dat net gemaach, soss hätt si sech eventuell op déi sougenannt „best practice“ déi et scho gëtt, agelooss.

Bei eise frankophonen Nopere besteet datt schonn eppes méi laang an hei een dierf ënnerstellen, datt déi mëttlerweil eppes Erfarung doranner hunn. Sech awer bannent der Europäescher Unioun mat aneren ze concertéieren a virun allem d‘Rechter vun der Konsumenten ze stäerken, esouwäit muss een et dann awer och net dreiwen. An esou gouf de 14. August e Gesetzprojet agereecht, deen d‘Rechter vun de Wirtschaftsacteuren iwwert dat berechtegt Interessi vun enger Sammelklo stellt.

Mir sinn „Europa“ wann et passt

Den 30 Juni hat d‘EU-Kommissioun an engem Communiqué confirméiert a begréisst, datt et elo géif en Accord ginn, deen d‘Mechanissem fir de kollektive Recours géif stäerken. Esou wäit net aner Behaaptunge vun der Regierung opgestallt ginn, hunn hei och déi Lëtzebuerger Vetrieder den Accord matgedroen. De Vollstännegkeet hallwer dierf drop higewise ginn, datt den Dossier zu Bréissel bis 2018 gebraucht huet, fir iwwerhaapt emol eng Direktive virgeschloen ze kréien…

Am Juli vun dësem Joer huet den definitiven Text virgeleeën, an dee sollt zäitno vum Europarot ugeholl ginn. Den Zentrum fir Europäesch Politik (CEP) huet dozou eng gutt verständlech Analys verëffentlecht. Den „Entworf vun der Direktiv“ fënnt sech dann awer am Gesetzprojet vun der Konsumenteschutzministesch beschtefalls partiell an éischte minimalistesch erëm, wat erwaarde léisst, datt eng Transpositioun vun der Direktiv an nationaalt Reecht nees laang wäert brauchen.

Déi vehementst Kritik vun der ULC Asbl bezitt sech hei op de Fait, datt d‘Regierung, fir de gudden Numm vu kriminelle Wirtschaftsacteure mat alle Moyenen ze schützen, d‘Hürden esou héich gesat huet, datt esou Kloen däraarteg deier gemaach solle ginn, datt och representativ Organer sech et musse ganz iwwerleeën, esou ee Wee ze goen. Esou „dierf“ de Public eréischt informéiert ginn, wa Riichter een definitiivt Urteel geschwat hunn. An esou eppes hëlt Joren an masseg Geld an Usproch.

Et misst een awer zäiteg informéiert ginn

Wann de Konsumenteschutz dann hei fuerdert, datt schonn d‘Recevabilitéit vun der Klo sollt musse verëffentlecht ginn – well aner betraffe Konsumenten sech dann hei kéinten uschléissen – esou ass déi sozialistesch Ministesch awer der Meenung, datt ee genee dat muss verhënneren. Gutt esou sot si dat net, mee hiert Argument bezitt sech op de Schutz vun der Reputatioun vun der inkriminéierter Entreprise. Woubäi, dat Ganzt och vun der zoustänneger Chamberkommissioun matgedroe gëtt.

Zudeem schéngt et der Regierung wichteg, datt et am Kontext vu Sammelkloen och ëmmer misst eng Mediatioun ginn. Der Mediatioun verschléisst sech d‘ULC net. Dat dierft esou allgemeng och dem Konsument gefälleg sinn, woubäi, wann datt alles am geheimen ofleeft, hunn al déi wou sech net zäiteg konnten uschléisse kaum nach eng Chance sech duerchgesat ze kréien. A jo, et ass esou, datt d‘Recevabilitéit vun der Sammelklo, näischt iwwert d‘Verantwortung vum Bekloten ausseet.

Well dann hei Récksiicht soll op déi „finanziell Verhältnisser“ geholl ginn, fuerdert d‘ULC datt de Staat ee Fonds ariicht, mat deem déi sougenannte Mediatiounshonoraire solle couvréiert ginn. Et ass jo gewosst, datt Konzerner iwwert aner Liquiditéite verfügen. De finanzielle Spillraum vum Konsumenteschutz ass dogéint éischter „begrenzt“. De Staat schéngt gewëllt d‘Käschte vun dëser Mediatioun bis zum Accord ze iwwerhuelen, net awer d‘Exekutioun vum eventuellen Usproch.

Konkret Beispill: den Diesel-Gate

Firwat eng Sammelklo esou wichteg ass, huet de VW-Dieselskandal gewisen. Hei zu Lëtzebuerg hu véier Leit eng Prozedur lancéiert a ginn dann och vun der ULC Asbl begleet. Hei ass en no ganzer 30 Méint endlech an der Phas ukomm, wou iwwert de Schued debattéiert gëtt. Am Kontext vun enger Sammelklo soll esou eppes (trotz Recevabilitéit) net beschleunegt ginn, d‘Hoffnung berout jo emol drop, datt de Kläger ënnerwee d‘Handduch werft. Eng Grupp gëtt awer net esou séier op.

Dëse besonnesche Fall weist allerdéngs och, datt d‘Medien – Recevabilitéit hin oder hir – eng Roll wäerten am Kontext vun de Sammelkloen ze spille kréien. Méiglech wier et d‘Pressefräiheet ze beschränken, an de Medien ze verbidden iwwer agereechte Sammelkloen ze beriichten. Ugeholl dat wier méiglech, stellt sech d‘Fro op d‘Regierung och den Internet ausschalte wëll? Wa bis Veräiner dierfen eng Sammelklo areechen, wäert et Weeër ginn, datt och extensiv ëffentlech ze maachen.

Et hätt een, Intelligenz virausgesat, enger Publikatioun vun der Recevabilitéit vun engem kollektive Recours also gesetzlech kënnen zoustëmmen. Mam Gesetzprojet, deen d‘Sozialistin Tess Burton an der Chamber deemnächst zur Ofstëmmung virleet, hunn d‘Politiker sech op d‘Säit vun deene geschloen, déi fir de maximale Profit net nëmme bereet sinn iwwer Läichen ze goen, mee déi och selwer bereetzestellen. A si wäerten et duerchsetzen, well d‘Leit hunn de Covid19 am Kapp.

Wat d‘ULC soss nach esou bereet hält

Den ULC-President huet däitlech gemaach, datt seng Leit dëse Gesetzprojet net kënnen, also och wäerte matdroen. De Staatsrot wäert wuel nees éischter ee positiven Avis ofginn, an um Kierchbierg an der Handelskummer, wéi och méi generell bei de Verbänn déi d‘Interesse jee no Branche gutt ze verdeedege wëssen, sollt ee sech net beschwéiere kënnen. D‘Gesetz gouf jo an hirem Sënn opgesat.

An engem Punkt wäert de Konsumenteschutz och mussen den Drock héich halen: d‘Bankfraisen. Och hei huet et eng Direktiv ginn (2014/92/EU), där hir Transpositioun esoulaang wéi méiglech erausgezögert gouf, an dann och explizit net am vollen Ëmfang ëmgesat gouf. Esou wëll de Pierre Gramegna de Banken net virschreiwen, bei Basis-Operatioun am Schalter (bis zu enger gewësser Mooss) op Fraisen ze verzichten, oder dës Zumindest zu engem soziale Präis duerchzeféieren.

De fréiere Chef vun der Handelskummer, dee ganz kloer seng Aussicht op ee vun de villen – a firwat och net direkt et puer dovunner – lukrative Verwaltungsrotsposten net wëll op d‘Spill setzen, huet dem Bankesecteur eng „fräiwëlleg Charta“ un d‘Häerz geluecht. De Pierre Gramegna gelaangt esou op Aenhéicht mat sengem Virgänger Luc Frieden, deen och zäiteg wousst, wou d‘Geld ass.

Fortschrëtter huet d‘ULC am Kontext vun den Akafsbongen a Kaddo-Bongen erziilt andeems et zu engem Accord mat der Lëtzebuerger Konfederatioun vum Eenzelhandel (CLC) komm ass. Déi sollen elo ëmmer mindestens zwee Joer gülteg sinn. Den Accord ass bis an den Hierscht 2021 gülteg. Hei wier et och nees Opportun gewiescht endlech ze legiferéieren, fir den Abus méiglechst zäiteg auszeschléissen. Mee wéi mat der Sammelklo, geet net drëms de Konsument ze schützen…

An enger nächster méi déifgräifender Analys, wäert et ëm de Logement an de Bau am grousse Ganze goen, den Thema ADAPTO ass och nach ëmmer net zur Zefriddenheet vun der ULC Asbl gekläert, d‘Schléissung vun de Post- a Spuerkeess-Agence sollt eis an de kommende Méint och Nach beschäftegen. Ee weideren zentrale Punkt dierfte Kafkraaft a Steierreform bleiwen.

Foto: Si sinn dem Konsument säi Fiels an der Brandung, an datt et nach ëmmer Leit gëtt déi net erkannt hunn, wéi gutt ee 70 Euro/Joer uleeë kann – esouguer wann ee kee Sträitfall huet oder erwaart – dierft den iwwer 44.000 Menagen déi cotiséieren op éiweg ee Rätsel bleiwen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Gesetzprojet 7560, Konsumenteschutz, Konsumenteschutzministère, Nico Hoffmann, Sammelkloen, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel