Search

You may also like

Wou ass de Goss?
Neiegkeeten

Wou ass de Goss?

Enn Januar huet déi national Gesondheetskeess (CNS) misse feststellen, datt

Wann d‘Schüler net méi mat Zäiten an d‘Schoul kommen
Neiegkeeten

Wann d‘Schüler net méi mat Zäiten an d‘Schoul kommen

Zu Lëtzebuerg ginn Dag fir Dag eng 30.000 Schüler an

Treffen Thunberg-Merkel: Den enorme Sputt tëscht wëssen an handelen
Neiegkeeten

Treffen Thunberg-Merkel: Den enorme Sputt tëscht wëssen an handelen

D’Bundeskanzlerin Angela Merkel huet haut d’Klimaaktivistinnen Greta Thunberg, Luisa Neubauer,

Streng Kontrolle bei dësjäreger Dog-Expo

Vum 11. bis den 12. Mee an der Luxexpo “The Box”

Streng Kontrolle bei dësjäreger Dog-Expo

De Weekend vum 11. an 12. Mee 2019 fënnt um Kierchbierg an der Luxexpo “The Box” eng grouss Hondsausstellung statt.

Fir d’Wuelergoe vun de véierbeenege Frënn esou gutt wéi méiglech ze garantéieren, huet de Landwirtschaftsministère zesumme mam Veranstalter vun der Dog-Expo, der Fédération cynologique luxembourgeoise (FCL), streng Spillregelen opgestallt. Och Acteure vun der Douane souwéi der Lëtzebuerger Associatioun fir Klengdéierepraktiker (LAK) ware bei de Gespréicher involvéiert.

An de fënnef Aganksberäicher vun der Hal gi Kontrolle vun insgesamt 10 Veterinäre gemaach. En net konformen Hond wäert net un der Ausstellung dierfen deelhuelen. Grënn kënne feelend Impfungen oder Dokumenter sinn. Et sinn och keng Hënn mat geschnidden Oueren oder gekierztem Schwanz erlaabt.

Et ass strengstens ënnersot, fir Hënn eleng am Auto ze loossen. De Veranstalter huet eng Lëscht mat der Plackennummer vu sämtleche Participanten, fir déi betreffend Persoun bei engem Verstouss séier ze fannen.

Des Weidere wäerten déi ronderëm d’Hal geparkten Autoe vu Sécherheetspersonal souwéi Douaniere kontrolléiert ginn. Poliziste wäerte während deem Weekend och do am Asaz sinn fir am Fall vun engem Verstouss direkt anzegräifen.

Related topics Dog-Expo, hondsausstellung, Kierchbierg, LuxExpo, The Box, Veterinärsinspektioun
Next post Previous post