Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Lëtzebuerg huet eng positiv Kompetitivitéitsbilanz
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet eng positiv Kompetitivitéitsbilanz

Um Méindeg huet de Kompetitivitéit-Observatoire (ODC) d‘Resultater vum Bilan verëffentlecht.

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet
Neiegkeeten

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

Um Tennisterrain zu Sennengerbierg ass et schonn déi 8. Editioun

D’Paulette Lenert beim Innovation Accelerator zu München
Neiegkeeten

D’Paulette Lenert beim Innovation Accelerator zu München

Ufank Abrëll war d’Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär

Esch-Uelzecht huet elo e koordinéiert Verkéiersreglement

Esch-Uelzecht huet elo e koordinéiert Verkéiersreglement

Um Freideg huet zu Esch-Uelzecht eng aussergewéinlech Gemengerotssëtzung ginn, nodeem et déi lescht Woch eng kuerz awer hefteg verbal Ausenanersetzung ginn hat. Den Ausléiser: dat Escher Verkéiersreglement wier net konform, an domatter dem Bierger net opposabel.

Mee wierklech berouegt haten sech d’Gemidder dann awer net, obwuel de Conseiller Bruno Cavaleiro (CSV) drop higewisen huet, datt d’Deklaratioun vum Conseiller Tom Bleyer (CSV) dach nëmmen opgewisen hätt, datt een hei misst eppes ënnerhuelen. Et wier e Feeler festgestallt ginn, an do heescht et Verantwortung iwwerhuelen, net streiden.

Dat gesäit ee bei der Oppositioun eppes differenzéiert, an den onofhängege Conseiller Dan Codello (fréier LSAP) iergert sech, datt duerch déi vum CSV-Conseiller gemaachten Ausso, d’Medie wéi erwaart de Sujet opgegraff hätten, wourënner d’Agents Municipaux ze leide gehatt hätten. Hien huet dann och beklot, datt esou wéi een et ugaange wier, een e politesche Stilbroch begaangen hätt.

Och de Conseiller Henri Hinterscheid (LSAP) dee leschte Freideg net do war, an als fréiere Verkéiersschäffen awer bei den Interventioun vum Tom Bleyer zitéiert gi war, ass der Usiicht, datt „et net glécklech gelaf“ ass, an d’Agenten eng schwéier Woch haten. Hie verweist awer op déi zwou Verwaltungen (Inneministère & Infrastrukturministère) déi hei zum „Chaos“ bäigedroen hätten.

Déi wieren sech zu senger Zäit net richteg eens gewiescht, wat zu engem fatale Mëssverständnes gefouert huet. Hie betount dann och, datt Esch, mat senge „Zone Mixte de Stationnement“ bei zwou Schoule Pionéieraarbecht geleescht huet. Et ass zudeem och net onüblech, datt e Verkéiersreglement Temporär ass, bis et vum Ministère ugeholl gëtt.

Verwonnert war den Henri Hinterscheid dann awer iwwert de Fait, datt e Conseiller e Bréif vum Schäfferot konnt agesinn. Hien iergert sech, datt e vertraulechen an zu internen Zwecker bestëmmte Bréif esou an d’Ëffentlechkeet konnt gedroe ginn. Hie seet der „neier Majoritéit awer Merci datt elo no sech Joer eng Moossnam vun der LSAP validéiert gëtt“.

Demokratesch Prinzipien

De Conseiller Marc Baum (déi lénk) huet sech Erstaunt gewisen, wéi een hei mat dësem Dossier ëmgeet. D’Interventioun zu engem Punkt deen net op der Dagesuerdnung gestanen huet, hätt e Virfall provozéiert, dee géint demokratesch Prinzipie verstéisst. Hie beklot dann och, datt de Conseiller Jean Tonnar de Mond verbuede kritt hat, a bedauert de Bréif net kënnen anzegesinn.

Hie weist dann och drop hin, datt och wann elo dat koordinéiert Verkéiersreglement gestëmmt gëtt, dat eréischt Applikabel ass, wann et vum Ministère validéiert a publizéiert ass. Et kéint net einfach esou driwwer ewech kucken, an et géif sech d’Fro stellen, datt wann de Problem bekannt war, firwat et sechs Joer gebraucht huet, fir dësen ze klären.

Interessant dann och d’Fro, op d’Pecherten elo ugewise ginn, op deene Plazen, wou ee net „konform“ ass, de Bic an der Täsch ze loossen? „Wat sinn d’Konsequenzen dovunner?“, stellt hie sech d’Fro, mam Hiwäis datt et fir d’Escher Bierger eng ënnerschiddlech Behandlung gëtt, jee no Quartier an deem ee wunnt. Et wier dat e seriöe Problem deen Äntwerte verlaangt.

Fir de Conseiller Mike Hansen (LSAP), war déi „mouvementéiert“ Sëtzung vum leschte Freideg eng „Première“. Hien hätt esou nach net erlieft, an ass verwonnert iwwert d’Demokratieverständnis dat do gewise ginn ass. „D’Interventioun vum Tom Bleyer wäert an Erënnerung bleiwen“, esou de Mike Hansen, dee fuerdert, datt een „de Ball an net de Mann soll spillen“

Och hien ass verwonnert iwwert den Ëmgang mam „Bréifgeheimnis“, freet sech awer gläichzäiteg firwat si (d’LSAP) de Bréif net erhalen hunn. An hie stellt sech d’Fro wéi eng Kap den Tom Bleyer ophuet, wann hien als President vun der Verkéierskommissioun, zäitgläich Beamte vun der Stroossebauverwaltung ass? Et wier wuel „rechtens“ awer ethesch zweiwelhaft.

Ëmmer mat der Rou

De Conseiller Tom Bleyer, deen de Steen un d’rulle bruecht huet, weist drop hin, datt et de 17. Abrëll eng Sëtzung ginn hat, bei där d’Conseillere Baum, Weis an Hinterscheid als Observateuren uwiesend waren an déi 777 Säiten „Verkéiersreglement“ um Dësch geleeën hunn. Et wier och zu kengem Ament iergendwelleche Beamten e Feeler virgeworf ginn.

Trotz ville Tëscheriff, war ze verstoen, datt den eigentleche Problem am Oktober 2016 opgetaucht ass. Dat mam Bréif vum Ministère, wou drop higewise gëtt, datt de Ministère, esou laang wéi keen neit a konformt Verkéiersreglement virläit, Modifikatiounen net géifen ugeholl ginn. Et kann een dann och, wann dat neit Verkéiersreglement ugeholl gëtt, nees Modifikatioune virhuelen.

De Schäffe Pim Knaff (DP) bedauert och d’Aart a Weis wéi een neierdéngs am Gemengerot matenaner ëmgeet. Hie beklot datt hei d’Verantwortung op déi nei Majoritéit verluecht gëtt, woubäi een dach just beméit wier, d’Konformitéit vum Verkéiersreglement nees hierzestellen. Et wier hu emol Fakt, datt Reglementer gestëmmt goufen, déi dem Bierger net opposabel waren.

Hie weist dann och drop hin, datt een der neier Majoritéit net kéint e „Stréckel“ dorausser dréinen, datt si e Verkéiersreglement iwwerholl huet, dat net konform war. De Pim Knaff géif et dann och begréissen, wann een nees zu enger konstruktiver Zesummenaarbecht kéint zréckfannen.

D’Situatioun wier wuel net glécklech verlaf, an et wier och net d’Intentioun vum Buergermeeschter gewiescht, dem Jean Tonnar d’Wuert net ze ginn. Dat wier an der Konfusioun passéiert, firwat sech de Schäfferot dann och entschëllegt. Verséinlech Sätz déi op der Oppositiounsbänk nach musse verdaut ginn.

De Buergermeeschter weist an dësem Kontext dann nach emol drop hin, datt een am Gemengerot d’Wuert net ergräift, mee zougedeelt kritt. Mee Emotioune kann een net ëmmer ganz kontrolléieren, an dat ass u sech och esouwäit tolerabel, wéi een sech op en Tëscheruff begrenzt, an net de Mikro accaparéiert. De Georges Mischo hofft dann och elo, datt dëse „Problem“ vum Dësch ass.

Dat koordinéiert Verkéiersreglement ass eestëmmeg ugeholl ginn

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Escher Gemengerot, Verkéiersreglement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel