Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Den IDAHOT, erkläert
Crazy Neiegkeeten

Den IDAHOT, erkläert

Haut ass den internationalen Dag géint Homophobie, Transphobie an Biphobie,

tonguecrying
Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt
Crazy Neiegkeeten

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt

No engem Joer „Donald Trump“, dat sech ervirgedoen huet duerch

Macron schléit Le Pen
Crazy Neiegkeeten

Macron schléit Le Pen

Wahl am Frankräich wéi erwaart ausgaangen Mam Emmanuel Macron huet

tongue

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?

Et gëtt eng mi grouss Diskussioun ugekënnegt

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?

Dës Fro steet am Raum. Den Dag vun de Gemengewahlen gouf zu Koplescht e Referendum zu dem Thema ofgehalen. D’Resultat: D’Bierger hunn sech an enger Majoritéit dofir ausgeschwat, fir de Wahlbezierk ze wiesselen. Am Moment sinn se am Süden, mee elo sollen se an den Zentrum wiesselen.

Den adr-Deputéierten Gast Gibéryen hackt a senger parlamentarescher Fro no, ob een dann dësem Wonsch nokomme wéilt. Den Inneminister Dan Kersch (LSAP) äntwert net direkt op dësen Aspekt, mee hëlt mi wäit aus: Et misst een eng Kéier ganz generell d’Fro stellen, op déi Andeelung vum Land a véier Walbezierker esou Sënn mécht. Des Diskussioun wäert “awer net virun den nächste Chamberwale […] ofgeschloss sinn”, esou de Minister a senger Äntwert.

E Kantonswiessel wier noutwänneg

Fir der Saach e bëssche méi Kontext ze ginn: Et ass den Artikel 51 vun eiser Verfassung, deen d’Land a véier Walbezierker andeelt an dobäi verschidde Kantone mat eneen gruppéiert. Fir de Wahlbezierk ze wiesselen, misst Koplescht ergo einfach de Kanton wiesselen, an deem Fall vum Kanton Capellen eriwwer an de Kanton Lëtzebuerg oder Miersch.

Ob d’Regierung dem Wonsch nokënnt, gëtt net direkt vum Minister ugeschwat. E beschreift awer, datt e Referendum op Gemengeniveau consultativ ass. Am Kloertext heescht dat, datt keen vun den Acteure verflicht ass, dem Resultat nozekommen.

Falls et zu enger Diskussioun iwwert d’Andeelung vum Land a Wahlbezierker kënnt, wier dat keng Premiere. Ëmmer erëm kënnt deen Thema op, wéi zum Beispill och a Petitiounen.

Gouf et schonn esou Fäll?

Dës weideren si Gemenge scho virdrun vun engem Kanton an deen anere “geplënnert”, wann och ënnert anere Konditiounen: Bei der Entstéing vun der Gemeng Wëntger am Joer 1977 si véier Gemenge matenee fusionéiert. Dorënner och Uewerwampech, wat domat vum Kanton Wolz eriwwer an de Kanton Klierf gewiesselt ass. E méi rezente Fall war 2004 mat der neier Gemeng Tandel: Domat war d’Gemeng Baastenduerf vum Kanton Dikrech an de Kanton Veiane gewandert. Allerdéngs ass et wichteg ze wëssen, datt an dësem Fall eben nei Gemengen entstane sinn, deenen hir kantonal Zoudeelung deen Ament huet missen definéiert ginn. Bei kengem vun dëse Beispiller gouf et e Wiessel, wat de Wahlbezierk ugeet.

Foto: Vum Johnny Chicago at lb.wikipedia, CC BY-SA 3.0

Ähnlech Sujeten adr, Dan Kersch, Gast Gibéryen, Koplëscht, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    5

  • Love

    0