Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

GARDEN SOUNDS mam Remo Cavallini Trio um 29. August
International Neiegkeeten

GARDEN SOUNDS mam Remo Cavallini Trio um 29. August

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN

Mir bezéie Stellung!
International Neiegkeeten

Mir bezéie Stellung!

Et gëtt kaum eng Plaz op der Welt, wou esouvill

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch
International Neiegkeeten

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch

Während den „Dossier Traversini“ nach an der Maach ass, huet

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag

Déi zwee koreanesch Staatscheffen hunn sech, beim historesche Sommet op der Demarkatiounslinn zu Panmunjom, fir nuklear Ofrëschtung engagéiert. Si hunn och versprach, datt kee Krich méi op der Hallefinsel géif ginn.

No engem Handschlag voller Symbolik mam südkoreanesche President Moon Jae-In, huet de nordkoreanesche Leader affirméiert, datt déi koreanesch Hallefinsel „op der Schwell zu enger neier Geschicht ass“. Als éischten nordkoreanesche Staatschef deen zanter dem Koreakrich (1950-53) huet de Kim Jong-Un de Fouss op südkoreanesche Buedem gesat.

Hie sot sech „iwwerwältegt vun der Emotioun“, nodeems hien d‘Betongsschwell, déi nëmmen ee puer Zantimeter héich ass an d‘Demarkatiounslinn duerstellt, am Grenzduerf vu Panmunjom iwwerschratt hat. Um Enn vum Dag huet hien dann d‘Grenz nees a Richtung Nordkorea passéiert.

„Déi zwee Staatscheffen deklaréiere feierlech virun den 80 Millioune Koreaner an der ganzer Welt, datt et op der koreanescher Hallefinsel kee Krich méi wäert ginn, an dat an der Konsequenz eng nei Ära vum Fridden ugefaangen huet“ esou de Kim Jong-Un an d Moon Jae-In, an der Deklaratioun vu Panmunjom, déi nom Sommet verëffentlecht ginn ass.

A si füge bäi: „Süd- a Nordkorea bestätegen dat gemeinsamt Zil, duerch eng vollstänneg nuklear Ofrëschtung, eng Atomfräi Hallefinsel ze erhalen“. Nodeems si hir Ënnerschrëften ënnert den Text gesat haten, hu sech béid Staatscheffen ëmäermelt. No dësem Dag voller Frëndschaftsbekenntnis, hunn sech de Kim Jong-Un an de Moon Jae-In, gemeinsam mat hire Fraen, e Banquet geleescht.

Béid „Noperen“ hunn drop higewisen, datt si gewëllt sinn d‘USA, an och vläicht China ze begéinen „mam Hibléck op d‘Erklärung, datt de Krich eriwwer ass, an dem Wëllen en nohaltege Fridden op der Hallefinsel ze etabléieren“. Ouni „Accord“ si béid Länner technesch betruecht nach am Krich.

E Samschdeg huet déi nordkoreanesch Presseagence KCNA eng historesch Entrevue zelebréiert, déi eng nei Ära vun der Versöhnung an der nationaler Eenheet, dem Fridden an der Prosperitéit, agelaut huet. Dëse Sommet „war méiglech ginn, duerch déi grouss Léift vun eisem Leader fir d‘Vollek a sengem Wëllen zur Selbstbestëmmung“, esou KCNA, déi den Text integral publizéiert huet.

De nächste Sommet schonn am Hiecht

Mat dësem Sommet, deen als „Virspill“ zum „Face à Face“ tëscht dem Kim Jong-Un an dem Donald Trump gewäert gëtt, ass a villen Haaptstied uechtert d‘Welt opgeotemt ginn. An esouguer de Locataire aus dem Wäissen Haus huet den Ausgang vum koreanesche Sommet begréisst.

Den US-President huet awer och gewarnt, datt „hien sech net hannert d‘Liicht féiere léisst“. Den Donald Trump huet du China „Merci“ gesot, fir déi grouss Hëllef, déi si hei geleescht hätten. Aus Washington kënnt da keng Bestätegung, datt wann Nordkorea seng Atomwaffen zerstéiert, si hiert Atomwaffenarsenal aus a ronderëm Südkorea ofzéien.

China huet sengersäits de grousse Courage vum Kim Jong-Un an dem Moon Jae-In notéiert. De japanesche Premierminister Shinzo Abe, huet e positive Schratt erkannt, an zu Moskau, sinn d‘Nouvellen am Kreml als „positiv“ begréisst ginn.

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres, huet gläichfalls de „Courage an de Leadership“ vu béide Staatscheffen, bei engem „wierklech historesche Sommet“ begréisst. Si hu gewisen, datt „de Wee zum Fridde méiglech ass, entgéint allen Erwaardungen“, deklaréiert zu Bréissel d‘EU-Kommissärin fir auswäerteg Ugeleeënheeten, Frederica Mogherini.

„Béid Länner wäerten sech elo ofstëmmen, fir sécherzestellen, datt et net wéi esou oft an der Vergaangenheet, zum Ofbroch vun de Verhandlunge fir en Accord kënnt“, esou de Kim Jong-Un, deem säi „Behuelen“ opmierksam vun der Welt beuecht ginn ass.

„Et kéint um Wee zum Fridden an der Eenheet zu Réckschléi kommen, och Schwieregkeeten a Frustratioune muss een hinhuelen. Et ka keng Victoire ouni Péng ginn“, esou deen, wou sech nach d‘Lescht Joer als „béise Jong“ der Welt presentéiert huet. Et ass dann och festgeluecht ginn, datt de Moon Jae-In am Hiecht zum da véierte koreanesche Sommet, op Pyongyang reese soll.

Eng weider symbolesch Moossnam: béid Länner hunn sech dorops verstännegt, dat ab August d‘Famillen, déi duerch de Krich getrennt goufen, sech nees dierfe gesinn. No der Participatioun un den olympesche Wanterspiller, ka mat dësem Sommet vun Entspanung geschwat ginn.

De laange Wee zum Fridden

Säit de Kim Jong-Un 2011, nom Dout vu sengem Papp, un d‘Muecht komm ass, war de Programm fir d‘Konstruktioun vun Atomwaffen an Interkontinentalrakéiten (ICBM) forcéiert ginn. 2017 huet Pyongyang och säi stäerksten Atomtest duerchgefouert, a Rakéite getest, déi d‘Festland vun den USA erreeche kënnen. Et war zu apokalyptesche Menacen tëscht dem Kim an dem Trump komm.

De Moon Jae-In, hat den olympeschen Olivenzweig ergraff, fir den Dialog mat Pyongyang opzehuelen, erklärend datt de Sommet tëscht béide koreanesche Länner, als Grondlag fir eng Entrevue tëscht Nordkorea an den USA kéint hierhalen

Als éischt Zeeche vun der Entspanung, war de Moon Jae-In, op Aluedung vum Kim Jong-Un, kuerz iwwert d‘Grenz an de „Norden“ komm. Béid Männer hu sech uschléissen an d‘Haus vum Fridde beginn, eng Struktur aus Glas an Holz, déi am Süde vu Panmunjom geleeën ass, a wou och sengerzäit de Waffestëllstand ënnerzeechent gi war.

An der Vergaangenheet war de Konzept vun „der atomarer Ofrëschtung vun der Hallefinsel“ fir Pyongyang gläichbedeitend mam Ofzuch vun den 28.500 US-Zaldoten, déi am Süde stationéiert sinn. Dat hätt och den Réckzuch vum amerikaneschen Atomwaffenarsenal mat sech bruecht.

Eng Optioun déi fir Washington ni bestanen huet, an och ënnert dem Trump onvirstellbar schéngt. A während de Kim Jong-Un ugekënnegt huet, säin Atomwaffeprogramm opzehalen, dat wëll déi gesaten Ziler erreecht goufen, muss ee sech froen dierfen, wat d‘USA bereet sinn ze ënnerhuelen, fir Nordkorea déi Sécherheetsgarantien ze ginn, d‘Enn vum Konflikt ka besigelen?

Dat de Kim Jong-Un an de Moon Jae-In gewëllt sinn de Fridden erbäizeféieren, hu si symbolesch mam planze vun engem Bam bei der Demarkatiounslinn bewisen. Mat wäissen Händschen, hu béid Staatscheffen e puer Schëppe Buedem bei e Bam gehäit, deen esou al wéi de Waffestëllstand ass.

mam Sunghee Hwang/AFP

Foto: De Kim Jong-Un (l) mam Moon Jae-In no der Ënnerschrëft ënner de gemeinsamen Text, deen als Deklaratioun vu Panmunjom an d‘Geschichtsbicher wäert agoen. Béid Länner, déi sech technesch betruecht nach ëmmer am Krich fannen, sollten da beim nächste Sommet am Hiecht, de Friddensvertrag ënnerschreiwen. © Korea Summit Press Pool/AFP

Ähnlech Sujeten Fridden, Kim Jong-Un, Moon Jae-In, Nordkorea, Südkorea
Nächsten Artikel Virrechten Artikel